Chargement Évènements
12. Oktober – Äppelzäit ass Vizzäit!

Den Hierscht steet virun der Dier! D’Äppel un de Beem hunn hir schéi Faarf ugeholl an dat léisst eis vun Äppeltaart, Äppelkompott an natierlech Viz dreemen! Sou soll et och genau de Viz sinn, deen am Mëttelpunkt vun eisem intergenerationellen Atelier am September stoe soll! An engem gemittleche Kader a mat der Hëllef vun eiser Mediatrice, ginn d’Äppel als éischt zu Maische verschafft, ier se an der Uebstpress no e puer Duerchgäng hire ganze Saaft ofginn. Dëse gëtt a Fläschen ofgefëllt, déi mir dono mat eiser eege gestalter Etikett verschéineren! En Atelier fir Grouss a Kleng (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), dee mat dem traditionellen Nomëttessnack ophält.

L’automne est à nos portes ! Les pommes sur les arbres ont pris leurs belles couleurs et nous font rêver de tarte aux pommes, de compote de pommes et de « Viz » (jus de pomme) ! Et c’est justement le « Viz » qui sera au centre de notre atelier intergénérationnel de septembre ! Dans une ambiance conviviale et avec l’aide de notre médiatrice, les pommes seront d’abord transformées en moût, avant de donner leur jus après plusieurs passages dans le pressoir à fruits. Celui-ci sera ensuite mis en bouteille, que nous décorerons avec nos propres étiquettes ! Un atelier pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) qui se termine par le traditionnel petit goûter.

Samschdes, den 12 Oktober.

 

Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 12 octobre.

 

A partir de 14h. 3 heures environ.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.