Chargement Évènements
15. & 16. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues nach emol!

Eise Kanneratelier fir Ouschtere fënnt dëst Joer iwwert zwee Deeg statt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). De 15. Abrëll bake Kanner vu 6 bis 12 Joer mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterhues aus engem Wäisse Kéis-Dech. Dono ginn Eeër ënnert der Uwendung vun Naturmaterialien a Planzen gefierft an unhand vu verschiddenen Techniken dekoréiert. Den 16. Abrëll gëtt dann e passend Ouschternascht hiergestallt, woubäi d‘Technik vum Wiewen ugewant gëtt. Sou kann den Ouschterhues éierbar empfaang ginn!

Cette année, notre atelier pour enfants à l’occasion de Pâques se déroulera sur deux jours (la participation aux deux jours n’est pas obligatoire). Le 15 avril, avec l’aide de notre médiatrice, les enfants de 6 à 12 ans auront l’occasion de confectionner leur propre lapin de Pâques à partir d’une pâte à base de fromage blanc. Par la suite, des œufs seront teints à l’aide de matériaux naturels et de plantes , puis décorés selon différentes techniques créatives. Le 16 avril, un nid de Pâques sera fabriqué en utilisant la technique du tissage. De quoi accueillir dignement le lapin de Pâques!

Dënschdes a Mëttwochs, den 15 an/oder den 16. Abrëll.

 

Vu 14 bis 17 Auer

 

Kanner vu 6 bis 12 Joer. 

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 25 € 1 Dag / 45€ fir déi 2 Deeg

Mardi et Mercredi 15 et/ou 16 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 25 euros 1 jour / 45 euros pour 2 jours