Chargement Évènements

15. November – D’Musel wärend der belscher Revolutioun – Eng Konferenz vum Sébastien Vecchiato

Am Joer 1830 brécht déi belsch Revolutioun aus, an en Deel vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung schléisst sech hire Fuerderungen un. Tëscht 1830 an 1839 gëtt Lëtzebuerg bis zur Ënnerschrëft vum Londoner Traité am Joer 1839 vun der  Belsch verwalt. Dëse Vertrag garantéiert Lëtzebuerg d’Onofhängegkeet bannent sengen haitege Grenzen.


De 15. November um 15 Auer wäert de Sébastien Vecchiato d’Geschicht vun der belscher Revolutioun an hir Konsequenze fir Lëtzebuerg ervirhiewen, mat engem besonnesche Fokus op der Situatioun vun der Muselregioun zu Lëtzebuerg. A wéi engem Mooss huet d’belsch Revolutioun d’Miseler Gemenge beaflosst? Wéi ee Profil haten d’Miseler, déi sech der Revolutioun ugeschloss hunn? Wéi eng Perséinlechkeeten si dem orangistesche Regimm trei bliwwen? Wéi hunn d’Miseler dëst belscht Zäitalter erlieft, éier si nees an de Groussherzogtum Lëtzebuerg integréiert goufen?

 

No der Konferenz gëtt et eng Diskussioun mat dem Public.

 

 

De Sébastien Vecchiato huet op der Universitéit Namur an op der Universitéit Lëtzebuerg studéiert an huet e Master an der Geschicht. Seng Masteraarbecht huet sech mam Parcours vun de Lëtzebuerger an der franséischer Friemelegioun tëscht 1831 an 1914 beschäftegt. Hien huet un e puer historesche Wierker an Zäitschrëfte matgeschafft.

En 1830 éclate la Révolution belge, et une partie de la population du Luxembourg adhère aux revendications qu’elle porte. Entre 1830 et 1839, le Luxembourg est administré par la Belgique jusqu’à la signature du traité de Londres en 1839. Ce traité accorde l’indépendance au Luxembourg dans les limites de ses frontières actuelles. 

 

Le 15 novembre, à 15 h, Sébastien Vecchiato mettra en valeur l’histoire de la Révolution belge et ses conséquences au Luxembourg, en se focalisant sur la situation de la région de la Moselle luxembourgeoise. En quoi la Révolution belge a-t-elle impacté les communes mosellanes ? Quel était le profil des Mosellans qui se sont ralliés à la révolution ? Quelles personnalités sont restées loyales au régime orangiste ? Comment les Mosellans ont-ils vécu la période belge avant d’être réintégrés dans le Grand-Duché de Luxembourg ? 

 

 

Un temps d’échange avec le public suivra la conférence.

 

 

Sébastien Vecchiato a effectué ses études à l’Université de Namur, puis à l’Université du Luxembourg et est diplômé d’un Master en Histoire. Il a rédigé son mémoire sur le parcours des Luxembourgeois dans la Légion étrangère française entre 1831 et 1914. Il a contribué à plusieurs ouvrages et revues historiques.

Sonndes, den 15. November

 

Um 15.00 Auer

 

Op Lëtzebuergesch

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected] (limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen)

 

Präis: gratis

Dimanche 15 novembre

 

À 15 h

 

En luxembourgeois

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected] (capacité limitée, dans la limite des places disponibles)

 

Tarif : gratuit