Chargement Évènements
16. Juli – 29. September – Exposition miMO

Entdeckt miMO, eng Ausstellung vun der zäitgenëssescher Miniaturkonscht aus Lëtzebuerg! De Musée « A Possen » ass frou d’Associatioun Musel Link a.s.b.l. mat sengem Miniaturkonschtprojet wëllkommen ze heeschen. Dës Ausstellung invitéiert Iech eng Welt z’entdecken an där 8 Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Limite vun der Kreativitéit op enger klenger Skala exploréieren. D’Kënschtler:innen, déi zu verschiddene Generatioune gehéieren, drécken sech a verschiddene Medie vun der visueller Konscht aus, mat enger eenzeger Restriktioun: d’Wierker dierfen a punkto Gréisst net méi grouss ewéi eng Handfläch sinn! Vum 16. Juli bis den 29. September 2024 fannt Dir zweedimensional Wierker net méi grouss wéi 7,5x10cm, souwéi dräidimensional Wierker net méi grouss wéi 10x10x10cm. Eng Miniatur kann e MOnumentaalt Wierk verstoppen, dofir steet och den Titel miMO fir dëse Projet: „miniature MOnumentale ou miniature MOselle“.

All Wierk, onofhängeg vun der Gréisst, bitt eng intim a wäertvoll Erfarung, déi monumental Grandeur an all Detail opweist. Loosst Iech dës eenzegaarteg artistesch Erfarung net entgoen!

 

Musel Link a.s.b.l. gouf 2015 vu Kënschtler a Kënschtlerinne gegrënnt mam Zil, déi zäitgenëssesch Konscht nohalteg an der Kulturlandschaft vun der Muselregioun ze verankeren. Mam miMO-Projet wëll Musel Link en neien Impuls an der internationaler Konschtvermëttlung ureegen. miMO seet alles: et gëtt eppes Monumentales an all Miniatur ze entdecken a vice versa.

 

De Veräin ass zanter 2016 an der nationaler an internationaler Kulturzeen aktiv an huet wichteg Ausstellungen a regionale Muséeën zu Lëtzebuerg, ewéi der Abtei Neimënster, an awer och zu Stockholm, Berlin, Los Angeles an anere Stied realiséiert.

 

Curatrice : Ivana Ceković

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Découvrez miMO, une exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg ! Le Musée « A Possen » a le plaisir d’accueillir l’association Musel Link a.s.b.l., et son projet de création de miniatures. Cette exposition vous plonge dans un univers où 8 artistes luxembourgeois repoussent les limites de la créativité à une échelle réduite. Des artistes de différentes générations, s’exprimant dans des médiums d’art visuel divers, avec une seule contrainte à respecter : la taille des œuvres qui doivent tenir dans la paume de la main ! Du 16 juillet au 29 septembre 2024, vous pourrez explorer des œuvres bidimensionnelles ne dépassant pas 7,5x10cm et des pièces tridimensionnelles limitées à 10x10x10cm. Une miniature peut cacher une oeuvre MOnumentale, d’où le nom miMO de ce projet : miniature MOnumentale ou miniature MOselle.

Chaque création, quelle que soit sa taille, offre une expérience intime et précieuse, révélant une grandeur monumentale dans chaque détail. Ne manquez pas cette immersion artistique unique !

 

Musel Link a.s.b.l., créée par des professionnels d’art en 2015, a comme objectif l’implantation durable de l’art contemporain dans le paysage culturel de la région mosellane. En mettant en place le projet miMO, Musel Link cherche à donner un nouvel élan à la communication artistique internationale. miMO dit tout: chaque miniature contient l’aspect monumental et vice versa.

 

Active sur les scènes culturelles nationale et internationale depuis 2016 l’association a réalisée des expositions d’envergure dans des musées régionaux du Luxembourg, à l’Abbaye Neumünster, à Stockholm, à Berlin, à Los Angeles etc.

 

Curatrice : Ivana Ceković

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Vum 16. Juli bis den 29. September 2024

 

Wärend de regulären Ëffnungszäite vum Musée (Dënschdes 14h-18h a Mëttwochs bis Sonndes 10h-18h)

 

Ouni Reservatioun

 

Präis: an dem regulären Entréespräis vum Musée abegraff

Du 16 juillet au 29 septembre 2024

 

Pendant les heures d’ouverture habituelles du musée (mardi 14h00-18h00 et mercredi au dimanche 10h00-18h00)

 

Sans réservation

 

Prix : inclus dans le prix d’entrée du Musée