Chargement Évènements
24. Januar – Prett fir Liichtmëssdag?

„Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen…“ – Liichtmëssdag steet virun der Dier an do ass en traditionelle Lampion net wechzedenken! Genee sou e Lampion kënnen d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer Samschdes, de 24. Januar, an engem kreativen Atelier am Musée « A Possen » hierstellen. Ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice gëtt fläisseg mat verschiddenem Pabeier gewierkelt an der Kreativitéit fräie Laf gelooss, sou datt um Enn vum Nomëtten all Kand säin eegene Lampion mat Heem huele kann. Esou steet dem Liichtmëssdag näischt méi am Wee!

« Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen… » – « Liichtmëssdag » (= la Chandeleur) approche et il ne faut surtout pas oublier le traditionnel lampion ! Les enfants de 6 à 12 ans pourront créer leur propre lampion le samedi 24 janvier lors d’un atelier créatif au Musée « A Possen ». Guidés par notre médiatrice, ils travailleront soigneusement différents papiers et laisseront libre cours à leur créativité, de sorte qu’à la fin de l’après-midi, chaque enfant pourra repartir avec son lampion. Ainsi, rien ne pourra empêcher la célébration de « Liichtmëssdag » !

Samschdes, de 24 Januar.

 

Vu 14 bis 17 Auer

 

Kanner vu 6 bis 12 Joer. 

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 25 €

Samedi 24 janvier.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : 25 euros