Chargement Évènements
25. Januar- Léiwer Härgottsblieschen…

Scho geschwënn héiert een nees op de Stroossen kleng Stëmmen sangen: „Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen…“, well d’Liichtmëssdag steet virun der Dier. Wärend dëst traditionellt Lidd bis haut bal onverännert bliwwen ass, huet sech de Liichtebengelchen mat der Zäit geännert: Haut gëtt en oft duerch e faarwege Lampion ergänzt.

Genee esou e Lampion kënnen d’Kanner tëscht 6 a 12 Joer Samschdes, den 25. Januar, an engem kreative Workshop am Musée « A Possen » hierstellen. Ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice gëtt fläisseg faarwege Pabeier geschnidden a gepecht, sou datt um Enn vum Nomëtteg all Kand säin eegene Lampion mat Heem huele kann. Esou steet engem erfollegräiche Liichtmëssdag näischt méi am Wee!

Bientôt entendra-t-on d’harmonieuses petites voix dans les rues : « Léiwer Härgottsblieschen, gëff ons Speck an Ierbessen… », car « Liichtmëssdag » approche à grands pas. Bien que cette chanson traditionnelle soit restée presque inchangée jusqu’à aujourd’hui, le « Liichtebengelchen » a évolué avec le temps : aujourd’hui, il est souvent accompagné d’une lanterne colorée.

Les enfants de 6 à 12 ans pourront fabriquer une telle lanterne lors d’un atelier créatif au Musée « A Possen » samedi 25 janvier. Avec l’aide de notre médiatrice, les enfants découperont et colleront du papier coloré, de sorte qu’à la fin de l’après-midi, chaque enfant pourra repartir avec sa propre lanterne. Ainsi, rien ne pourra empêcher un « Liichtmëssdag » réussi !

Samschdes, den 25 Januar.

 

Vu 14 bis 17 Auer

 

Kanner vu 6 bis 12 Joer. 

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 25 €

Samedi 25 janvier.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : 25 euros