Et ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees d‘Trauliichter am Musée « A Possen ». An eisem intergenerationellen Atelier vum 31. Oktober kënne Kléng a Grouss (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice hiert eegent Trauliicht maachen. Bis allerdéngs aus de Rommelen Trauliichter ginn, sinn e puer Aarbechtsschrëtt néideg. Sou mussen d’Rommelen als éischt emol ausgehielegt ginn, ier se schliisslech mat enger grujeleger Fratz versi kënne ginn. Wëll d’Aushielegen an d’Schnëtze vun de Rommele vill Kraaft erfuerdert, gëtt sech wärend dem Atelier mat enger leckerer Zopp, déi aus de Reschter vun de Rommele zesumme gekacht gëtt, gestäerkt. Ahjo, an net ze vergiessen! Eis jonk Visiteure kënnen sech fir dëse Atelier gäre verkleeden!
C’est la tradition ! Cette année encore, les « Trauliichter » seront allumés au musée « A Possen ». Lors de notre atelier intergénérationnel du 31 octobre, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pourront, avec les conseils de notre médiatrice, créer leur propre « Trauliicht ». Avant de transformer les betteraves en « Trauliichter », plusieurs étapes devront être respectées. D’abord, il faut les évider, puis leur inventer et sculpter une grimace effrayante. Comme l’évidage et la sculpture des betteraves demandent beaucoup d’énergie, une délicieuse soupe faite avec les restes du légume sera cuisinée tous ensemble et servie pour reprendre des forces. Et n’oubliez pas ! Les petits visiteurs peuvent venir déguisés à cet atelier !
Samschdes, den 31 Oktober.
Vu 14 bis 17:30 Auer.
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].
Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer
Samedi 31 octobre.
De 14h à 17h30.
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].
Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans