

5. Abrëll – Via Mosel; Visite guidée
Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier!
Reest am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel an d’Vergaangenheet an entdeckt d’traditionell Architektur vum ländleche Liewen an der Muselregioun. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vun der Architektur iwwer d’Joerhonnerten erfuersche kënnt.
Vum Possenhaus iwwer de Wëttelsschapp bis hin zum Uedemshaus – all Steen erzielt seng eege Geschicht an dréit zu eisem wäertvolle Patrimoine bäi. Entdeckt dës geschichtsträchteg Plazen zesumme mat eisem Guide a loosst Iech vun enger eenzegaarteger Erfarung verzauberen, bis an déi verstopptste Wénkele vum Musée.
Découvrez l’âme de la Moselle à travers ses bâtisses d’antan !
Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, voyagez dans le temps et explorez l’architecture traditionnelle de l’habitat rural mosellan. Le Musée « A Possen » vous propose de participer à une visite guidée et conviviale à la découverte de ses différentes maisons, de leurs secrets de construction et de l’évolution de l’architecture au fil des siècles.
Du Possenhaus au Wëttelsschapp, en passant par l’Uedemshaus, chaque pierre dévoile une part précieuse de notre patrimoine. Explorez avec notre guide ces lieux chargés d’histoire et laissez-vous transporter par une expérience unique, jusque dans les moindres recoins du musée.
Samschdes, den 5. Abrëll
Um 10.30, 14.30 an 16.30 Auer
Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)
Präis: 1 Persoun: 10€; Kanner gratis (Réservatioun recommandéiert, Unzuel vun de Platzen limitéiert)
Sproochen: LU, FR, DE, EN
Dauer: +- 1 Stonn
Samedi 5 avril
A 10.30, 14.30 et 16.30h
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
Prix : 1 personne: 10 euros; gratuit pour les enfants (Réservation conséillé, nombre de place limité)
Langues: LU, FR, DE, EN
Durée: +- 1 heure