

Valise pédagogique « Joffer »
De Musée « A Possen » invitéiert Iech, an den Alldag vun enger Léierin an enger Schoul aus de 1920er Joren anzedauchen – an dat mat Hëllef vun engem innovativen, pedagogesche Koffer, deen op all Generatioun zougeschnidden ass.
Ideal fir e Familljebesuch oder eng flott Aktivitéit mat Frënn: Op Ärem Tour duerch de Musée entdeckt Dir d’Liewensgeschicht vun der Léierin Marguerite Schmit. A verschiddene Raim waarden spannend Froen, Rätselen an interaktiv Entdeckungen op Iech, déi Iech d’Geschicht op eng spilleresch Aart a Weis méi no bréngen. Dir gitt méi gewuer iwwert d’Entwécklung vum Enseignement a wéi d’Schoul am Laf vun de 1920er Jore funktionéiert huet.
Dës nei Form vu Visitt, déi fir jiddereen op ass, verbënnt Spaass mat Wëssen a fënnt hiren Ofschloss mat der Ouverture vun enger Schatzkëscht – an där eng kleng Belounung op all Participant waart!
De Koffer ass gratis a steet a franséischer an däitscher Sprooch zur Verfügung (limitéiert Disponibilitéit). Kommt laanscht a loosst Iech vun dëser interaktiver Erliefneswelt begeeschteren – e spannende Wee, fir de Musée op eng nei Aart ze entdecken!
Le Musée « A Possen » propose à ses visiteurs de découvrir le quotidien d’une institutrice et d’une école dans les années 1920, à l’aide d’une valise pédagogique innovante destinée aux groupes intergénérationnels.
Idéale pour une visite en famille ou entre amis, vous parcourrez le Musée et découvrirez l’histoire de l’institutrice Marguerite Schmit. Au détour des différentes salles, diverses questions vous seront posées, vous résoudrez plusieurs énigmes et explorerez l’histoire tout en vous amusant ! Vous en apprendrez plus sur l’histoire de l’enseignement et le fonctionnement de l’école dans les années 1920. Ouverte à tous, cette nouvelle expérience de visite, divertissante et dans le partage, se termine par l’ouverture de la boîte au trésor, qui récompensera tous les participants !
La valise est gratuite et disponible en français et en allemand, dans la limite des disponibilités. Profitez de cette expérience interactive pour découvrir le Musée d’une manière originale et captivante !
Sproochen: disponibel op DE an FR
Tarif : Gratuit (inclus dans le tarif d’entrée du musée)
Empruntable pendant les heures d’ouverture du musée
Sans réservation (disponibilité limitée)
Langues : disponible en DE et FR