Visite guidée « Le nettoyage à l’ancienne dans la Moselle luxembourgeoise »

Daucht an d’Liewenswelt vun eise Virfueren an a entdeckt d’Geheimnisser vun traditionelle Wäsch- a Streckmethoden am Kader vun enger immersiver Féierung. Laang ier Wäschmaschinnen an elektresch Streckeisen den Alldag erliichtert hunn, war d’Wäsch eng usprochsvoll a ustrengend Aarbecht – gepräägt vu raffinéierten Handgrëffer an iwwer Generatioune weidervermëtteltem Wëssen.
Op dëser Rees an d’Vergaangenheet erlieft Dir Schrëtt fir Schrëtt, wéi d’Wäsch deemools gemaach gouf: vum ustrengende Waasserhuelen, iwwer d’Benotze vun natierleche Rengegungsmëttel wéi Äschen, bis bei d’Technike vum Klappen, Schruppen an Ausdrécken. Dir leiert och déi typesch Utensiler aus där Zäit kennen – wéi de Blëll, de Wäschkessel, d’ Essoreuse oder dat schwéiert gossent Streckeisen.
Mat enger lieweger Geschichtserzielung an authenteschen Demonstratioune kritt Dir en Abléck an déi deemoleg Alldagsrealitéit vu fréiere Generatiounen a gesitt, wéi sech d’Hausaarbecht am Laf vun der Zäit gewandelt huet. Et ass zu enger klenger Revolutioun komm, déi net nëmmen d’Familljeliewen, mee besonnesch der Fra hir Roll am Stot grëndlech verännere sollt.
Egal ob Dir Iech fir Geschicht, vergiessen Handwierkstechniken oder e faszinéierende Bléck an eise kulturelle Patrimoine interesséiert – dës guidéiert Visitt hëlt Iech mat op eng Rees an eng Zäit, wou all Beweegung Bedeitung hat.
Plongez dans le quotidien de nos aïeux et découvrez les secrets des méthodes traditionnelles de lavage et de repassage lors d’une visite guidée immersive. Bien avant l’arrivée des machines à laver et des fers électriques, l’entretien du linge était une tâche exigeante, rythmée par des gestes précis et un savoir-faire ancestral.
Au fil de cette exploration, vous suivrez les différentes étapes du nettoyage d’autrefois : l’approvisionnement en eau, souvent laborieux, l’utilisation de produits naturels comme la cendre de bois pour la lessive, ou encore les techniques de battage et d’essorage. Vous découvrirez également les outils emblématiques de cette époque, tels que les battoirs, les lessiveuses, les essoreuses et les fers en fonte.
À travers anecdotes et démonstrations, revivez le labeur quotidien des générations passées et mesurez l’évolution des pratiques domestiques qui ont révolutionné la vie des familles et des femmes au fil du temps.
Que vous soyez passionné d’histoire, curieux des savoir-faire oubliés ou simplement désireux d’explorer un pan méconnu de notre patrimoine, cette visite vous promet une immersion fascinante dans un univers où chaque geste comptait.
Sproochen: LU, FR, DE, EN
Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis.
Tarif : Visite guidée 60 €/Guide/1h + Entrée du Musée 5 €/pers. (entrée gratuite pour les enfants)
Langues : LU, FR, DE, EN
Accessible partiellement aux personnes à mobilité réduite, nous contacter.