22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus

Am Kader vun der Ausstellung « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » bitt de Musée « A Possen » Iech un, déi spannend Welt vun der Konschtfotografin Neckel Scholtus kennenzeléieren. An hire fotografeschen Aarbechten ënnersicht d’Neckel Scholtus d’Theme vum alldeegleche Liewen, souwéi d’Dualitéit vun hire Kandheetserënnerungen, déi hiren Ursprong um Familljenhaff hunn. Hiert Wierk hannerfreet den Impakt vun dëser Ëmwelt op hir Weltopfaassung, an deckt d’Komplexitéit vun Erënnerungen an Emotiounen op, déi mat dëse kontrastéierende Momenter verbonne sinn.

 

D’Neckel Scholtus, gebuer 1982, lieft a schafft zu Lëtzebuerg. Si ass Konschtfotografin, huet Konscht un der Universitéit vu Montpellier studéiert an e Master a Fotografie un der Universitéit Paris VIII absolvéiert. An hirem Konschtschafen bënnt d’Fotografin oftmools d’Ëffentlechkeet matt an, bitt Residenzen un a ass als Fräiberufflerin a kulturelle Strukturen täteg. Zënter 2010 als fräischaffend Kënschtlerin zu Lëtzebuerg unerkannt, huet d’Neckel Scholtus zënter hir eng produktiv Carrière am Beräich vun der Fotografie gemaach an hir Wierker nieft Lëtzebuerg, och a Frankräich, Däitschland, der Schwäiz, Schweden, Bulgarien, Italien, der Côte d’Ivoire an a China ausgestallt.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Dans le cadre de l’exposition « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg », le musée « A Possen » vous invite à plonger dans l’univers fascinant de l’artiste photographe Neckel Scholtus. À travers son travail photographique, Neckel Scholtus explore les thèmes de la vie quotidienne, ainsi que la dualité de ses souvenirs d’enfance, ancrés dans la ferme familiale. Son œuvre reflète l’impact de cet environnement sur sa perception du monde, dévoilant la complexité des souvenirs et des émotions associés à ces moments contrastés.

 

Neckel Scholtus, née en 1982, vit et travaille au Luxembourg. Artiste photographe, elle a étudié les Beaux-Arts à l’Université de Montpellier et a obtenu un master en photographie à l’Université Paris VIII. Son travail artistique engage souvent le public et elle offre des résidences tout en travaillant en tant qu’indépendante dans des structures culturelles. Depuis 2010, reconnue comme artiste indépendante au Luxembourg, Neckel Scholtus a développé une carrière productive dans le domaine de la photographie, exposant ses œuvres non seulement au Luxembourg, mais aussi en France, en Allemagne, en Suisse, en Suède, en Bulgarie, en Italie, en Côte d’Ivoire et en Chine.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Sonndes, den 22. September.

 

Um 15 Auer.  

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen

 

Präis: an dem regulären Entréespräis vum Musée abegraff

Dimanche le 22 septembre.

 

A 15h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Capacité limitée, dans la limite des places disponibles

 

Prix : inclus dans le prix d’entrée du Musée