15. Februar – Eng Bokenmask fir d’Fuesent!
Zu Lëtzebuerg fänkt d’Fuesent mat Liichtmëssdag un. Si erreecht hiren Héichpunkt op Fetten Donneschdeg, Fuessonndeg an deenen zwee Deeg duerno, also Fuesméindeg a Fuesdënschdeg. Streng geholl dauert d’Fuesent bis Äschermëttwoch, mee allgemeng gëtt se oft bis Halleffaaschtesonndeg gefeiert.
A wat ass natierlech e feste Bestanddeel vun der Fuesent? Sech verkleeden!
Dofir kënne Kanner tëscht 6 a 12 Joer Samschdes, de 15. Februar, zesumme mat eiser Mediatrice hier eegen « Bokenmask » a Form vun engem Déier gestalten. Heifir ginn als éischt Schnëttmuster op Filz iwwerdroen, déi duerno ausgeschnidden an entweder zesummegebitzt oder gepecht ginn. All Kand kann seng individuell Mask mat heem huelen, sou dass näischt méi dem kommende Fuesbal am Wee steet!
Au Luxembourg, la « Fuesent » (le carnaval) commence à la Chandeleur. Elle atteint son apogée le Jeudi gras, le Dimanche de Carnaval, et les deux jours suivants, à savoir le Lundi et le Mardi gras. Stricto sensu, la « Fuesent » dure jusqu’au Mercredi des Cendres, mais elle est souvent célébrée jusqu’au dimanche de la mi-Carême.
Que est un des éléments clés de la Fuesent ? Se déguiser !
C’est pourquoi les enfants âgés de 6 à 12 ans pourront, le samedi 15 février, créer leur propre « Bokenmask » en forme d’animal avec l’aide de notre médiatrice. Pour cela, des modèles seront d’abord transférés sur du feutre, puis découpés et assemblés soit par couture, soit par collage. Chaque enfant pourra ramener son masque personnalisé à la maison, pour être paré pour le prochain bal de carnaval !
Samschdes, de 15 Februar
Vu 14 Auer bis 17 Auer
Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.
Präis: 25 €
Samedi 15 février.
De 14h à 17h.
Enfants de 6 à 12 ans.
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu
Prix: 25 euros