Chargement Évènements
16. Mee – « E Spill erschafen, Erënnerunge deelen »

Intergenerationellen Atelier a guidéiert Visitt vum Musée « A Possen »

Am Kader vun de Luxembourg Museum Days invitéiert de Musée « A Possen » a Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg de Samschdeg, 16. Mee, op eng Erfarung, déi Kulturierwen, Kreativitéit an Austausch verbënnt.

 

Kleng a Grouss si agelueden, un engem intergenerationellen Atelier deelzehuelen, bei deem Kreativitéit, Spill a Spaass am Mëttelpunkt stinn. Zesumme entwerfen, zeechnen, schneiden, bitzten a bemoolen d’Participante hiert ganz eegent Gesellschaftsspill. Dëst klengt an handlecht Spill kann duerno mat heem geholl ginn a suergt doheem, mat Frënn oder esouguer an der Vakanz fir flott a verbannent Momenter.

 

Profitéiert dobäi och vun der Geleeënheet, de Musée « A Possen » bei enger immersiver guidéierter Visitt duerch seng historesch Haiser nei oder erëm z‘entdecken – woubäi dat eelst Gebai 1617 erbaut gouf. Taucht an den Alldag vun enger Miseler Wënzerfamill an a léiert dat soziaalt an handwierklecht Ierwe vun der Regioun vum Enn 19. Joerhonnert an ufanks 20. Joerhonnert an enger gemittlecher a häerzlecher Atmosphär kennen.

 

Kommt mat op en Dag, wou Kreativitéit, Austausch a Freed sech begéinen – a huelt eng selwer geschafe Kreatioun mat heem, déi als Symbol fir Zesummenhalt a Verbonnenheet steet!

Dans le cadre des Luxembourg Museum Days, le Musée A Possen, en collaboration avec ICOM Lëtzebuerg, vous invite le samedi 16 mai à une expérience alliant patrimoine culturel, créativité et échanges.

 

Petits et grands sont conviés à participer à un atelier intergénérationnel où créativité, jeu et plaisir occuperont une place centrale. Ensemble, les participants conçoivent, dessinent, découpent, et peignent leur propre jeu de société. Ce jeu, petit et pratique, peut ensuite être emporté à la maison et promet de beaux moments de partage en famille, entre amis ou même en vacances.

 

Profitez également de l’occasion pour (re)découvrir le Musée « A Possen » lors d’une visite guidée immersive à travers ses maisons historiques – le bâtiment le plus ancien remontant à 1617. Plongez dans le quotidien d’une famille de vignerons mosellans et découvrez le patrimoine social et artisanal de la région de la fin du 19e siècle et du début du 20e siècle, dans une atmosphère chaleureuse et conviviale.

 

Rejoignez-nous pour une journée où créativité, échanges et joie se rencontrent – et repartez avec une création personnelle, symbole de solidarité et de lien !

Samschdes, den 16. Mee

 

Atelier: Vu 14:00 bis 17:30 Auer (flexibel Participatioun – kontinuéierlech Präsenz net noutwendeg)

 

Sprooch vum Atelier: LU, FR, DE, EN

 

Guidéiert Visitt: Depart um 11:00, 15:00 a 16:30 Auer (Dauer ca. 45 Minutten)

 

Sprooch vun der Visitt: LU, FR, DE oder EN (d‘Sprooch passt sech der Majoritéit vun de Visiteuren un)

 

Fir all Altersklassen (d‘Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Atelier a Visitt si gratis (an der Limitt vun de verfügbare Plazen, limitéiert Unzuel u Plazen)

Samedi 16 mai

 

Atelier : de 14h00 à 17h30 (participation flexible – présence continue non obligatoire)

 

Langues de l’atelier : LU, FR, DE, EN

 

Visite guidée : départ à 11h00, 15h00 et 16h30 (durée env. 45 minutes)

 

Langue de la visite : LU, FR, DE ou EN (la langue sera adaptée à la majorité des visiteurs)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Atelier et visite sont gratuits (dans la limite des places disponibles, nombre de places limité)