Chargement Évènements
11. Oktober – Duerch d’Archive: Fluess an Hanf an der ländlecher lëtzebuergescher Muselregioun – Eng Konferenz vum Adeline Karcher

Am ländleche Lëtzebuerger Deel vun der Muselregioun war den Alldag am 18. an 19. Joerhonnert staark vu Selbstversuergung gepräägt. D’Awunner:innen hunn hir Liewensmëttel souwéi déi meescht Alldagsgéigestänn selwer produzéiert an dobäi iwwerliwwert Wësse mat bewäertem handwierklechem Kënnen a haut vergiessenem Geschier verbonnen.

 

Op Basis vun historeschen Dokumenter aus verschiddenen Archivbestänn vun der Muselregioun wäert d’Adeline Karcher den 11. Oktober um 15 Auer d’Roll an d’Bedeitung vun zwou wichtege Kulturplanzen – dem Fluess an dem Hanf – an der ländlecher Ekonomie vum Lëtzebuerger Muselraum beliichten. Dobäi setzt si dës an de Kontext vun den alldeeglechen Aarbechts- a Liewensofleef vun der deemoleger Bevëlkerung.

 

Nieft hirer Notzung als Déierefudder oder fir d’Gewënnung vun Ueleg goufen de Fluess an den Hanf och ugebaut, fir hir Faseren ze verschaffen an doraus Fuedem an duerno Stoff hierzestellen. Mat der Zäit sinn dës Kulturplanzen awer no an no aus de ländleche Géigende verschwonnen.

 

D’Konferenz bitt zudeem d’Geleeënheet, al Dokumenter als wäertvoll Zeie vum deemolegen Alldag (nei) z’entdecken an an déi historesch Schrëftstécker anzedauchen.

No der Konferenz gëtt et eng Diskussioun mat dem Public.

Les habitudes quotidiennes en Moselle rurale luxembourgeoise aux XVIIIème et XIXème siècles valorisent l’autoproduction. Les habitants produisent les éléments nécessaires à leur nourriture, mais aussi les objets indispensables à la vie quotidienne, mêlant savoir-faire et outils oubliés.

 

En s’appuyant sur d’anciens documents issus de différents fonds d’archives concernant la région Moselle, Adeline Karcher mettra en valeur le 11 octobre à 15h la place et l’importance de deux plantes, le lin et le chanvre, dans le fonctionnement de l’économie rurale en Moselle luxembourgeoise, tout en l’inscrivant dans les différents rythmes de la vie quotidienne des habitants.

 

Source de nourriture pour les animaux, de production d’huile, … le lin et le chanvre étaient cultivés également pour transformer leur fibre en fil, puis en tissu, jusqu’à leur disparition progressive au sein des campagnes. Cette conférence sera aussi l’occasion de (re)découvrir les documents anciens témoins de la vie quotidienne de l’époque, et de s’immerger dans les écritures anciennes.

 

Un temps d’échange avec le public suivra la conférence.

Sonndes, den 11. Oktober.

 

Um 15.00 Auer

 

Op Franséisch

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected] (limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen)

 

Präis: gratis

Dimanche, 11 octobre.

 

À 15h

 

En français

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected] (capacité limitée, dans la limite des places disponibles)

 

Tarif : gratuit