Offre scolaire
De Musée « A Possen » bitt Visitt-Atelieren un, déi speziell fir Grondschoulklasse konzipéiert sinn.
Ronn eng Stonn laang entdecken d’Schüler:innen, begleet vun hirem Enseignant oder hirer Enseignante an engem Muséeguide, en historescht Thema duerch eng spilleresch an altersgerecht guidéiert Visitt. Dës Decouverte gëtt duerch e prakteschen Atelier vun ongeféier enger Stonn ergänzt, deen et de Kanner erméiglecht, selwer aktiv ze ginn, ze experimentéieren an an déi traditionell Techniken a Liewensweisen aus vergaangenen Zäiten anzedauchen.
Et ginn zwou verschidde Formullen:
- D’Kanner entdecken d’Alldagsliewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert duerch eng thematesch guidéiert Visitt, déi duerch en Atelier zum selwechten Thema ergänzt gëtt.
- D’Kanner entdecken de Musée duerch eng guidéiert Visitt vu senge Sammlungen a kombinéieren dës mat engem Kreativ-Atelier, an deem si an d’Geometrie, d’Broderie, d’Bitzen oder d’Strécken agefouert ginn. Zum Schluss huelen si hir eege Kreatioun mat heem.
Dem Léierpersonal steet e preparatiivt Heft als pedagogesch Ressource zur Verfügung, fir d’Thema vun der guidéierter Visitt am Virfeld mat der Klass ze verdéiwen. En thematescht Spillheft fir d’Schüler:innen ergänzt d’Visitt.
De Musée « A Possen » erméiglecht et de Kanner, spilleresch ze léieren, hire Virwëtz, hire Beobachtungssënn an hir Kreativitéit z’entwéckelen an dobäi gläichzäiteg d’Geschicht an d’Kënnen aus vergaangenen Zäite kennenzeléieren.
Le musée « A Possen » propose des visites-ateliers conçues pour les classes de l’enseignement fondamental.
Pendant environ une heure, les élèves, accompagnés de leur enseignant(e) et d’un guide du musée, explorent un thème historique à travers une visite guidée ludique et adaptée à leur âge.
Cette découverte est enrichie par un atelier pratique d’une heure environ qui leur permet de manipuler, expérimenter et s’immerger dans les techniques traditionnelles et les modes de vie d’autrefois.
Deux formules sont possibles :
- Les enfants peuvent partir à la découverte de la vie quotidienne dans la Moselle luxembourgeoise au 19e siècle et au début du 20e siècle au cours d’une visite guidée thématique complétée par un atelier thématique lié au thème exploré.
- Les enfants peuvent découvrir le musée avec une visite générale des collections, et la combiner à un atelier centré sur la créativité, où ils peuvent s’initier à la géométrie, la broderie, la couture ou le tricot. Ils repartent avec leur propre création.
Un livret préparatoire est mis à la disposition de l’enseignant€ en tant que ressource pédagogique, s’il/elle veut approfondir les thèmes de la visite avec sa classe en amont de sa venue. Un livret-jeu thématique pour les élèves complétera la visite.
Le musée « A Possen » permet ainsi aux élèves d’apprendre en s’amusant, de développer leur curiosité, leur sens de l’observation et leur créativité, tout en découvrant l’histoire et les savoir-faire d’autrefois.
Zwou Formullen
Deux formules
1 D’Alldagsliewen am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert
Eng thematesch guidéiert Visitt zur Entdeckung vum Alldagsliewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert. Dës Visitt gëtt duerch e passenden Atelier ergänzt, deen dat gewielten Thema verdéift.
2 Geschicht a Kreativitéit
Eng allgemeng guidéiert Visitt duerch de Musée, ergänzt duerch e kreativen Atelier.
1 La vie quotidienne au 19e siècle et au début du 20e siècle
Une visite thématique pour découvrir la vie quotidienne dans la Moselle luxembourgeoise au 19e siècle et au début du 20e siècle. Cette visite est complétée par un atelier adapté qui approfondit le thème choisi.
2 Histoire et créativité
Une visite générale du musée, suivie d’un atelier créatif.
Formule 1
Formule 1
D’Alldagsliewen am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert
Am Kader vun dësen thematesche Visitt-Atelieren entdecken d’Kanner, begleet vun hirem/hirer Enseignant(e), d’Geschicht vun der Muselregioun am 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert. Wärend enger guidéierter Visitt dauchen d’Kanner an d’Geschicht vun der Ernärung, der Kleedung, dem handwierklechem Kënnen oder der Schoul an.
Am zweeten Deel erméiglecht en Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt, de Kanner, déi wärend der guidéierter Visitt kennegeléiert traditionell Kenntnisser praktesch unzewenden.
La vie quotidienne au 19e siècle et au début du 20e siècle
Dans le cadre de ces visites-ateliers thématiques, les enfants, accompagnés de leurs enseignant(e)s, découvrent l’histoire de la Moselle au 19e siècle et au début du 20e siècle. Lors d’une visite guidée, les enfants plongent dans l’histoire de l’alimentation, de l’habillement, des savoir-faire ou de l’école.
Dans la deuxième partie, un atelier, animé par une médiatrice, permet aux enfants d’appliquer de manière pratique les savoirs traditionnels découverts lors de la visite.
4 Thematiken
4 thématiques

An dësem Visitt-Atelier entdecken d‘Schüler:innen, wat d’Familljen am ländleche Lëtzebuerger Muselraum am 19. a fréien 20. Joerhonnert giess hunn a wéi si hir Liewensmëttel preparéiert a gekacht hunn. E besonnesche Schwéierpunkt läit dobäi op der Mëllechproduktioun an der Botterhierstellung. Um Beispill vu Botter entdecken si en Deel vun der ländlecher Geschicht vun der Muselregioun.
Begleet vun engem Guide entdecken d’Schüler:innen als éischt d’Sammlunge vum Musée op eng altersgerecht Aart a Weis. De Fokus läit op de Liewensmëttel, déi deemools konsuméiert goufen, besonnesch op der Veraarbechtung vun der Mëllech an hirer Entwécklung. D’Geheimnisser vum Botteren, vun der Kéishierstellung oder vum deemolege Konsum vu Mëllechprodukter wäerte fir eis jonk Visiteur:innen kee Geheimnis méi sinn!
No der Visitt huelen d’Schüler:innen un engem spillereschen Atelier deel, dee vun enger Mediatrice animéiert gëtt. Si léieren déi traditionell Hierstellung vu Botter mat Hëllef vun engem Botterfaass kënnen. Eng Form steet hinnen och zur Verfügung, fir dem Botter eng originell Form ze ginn. Dëse selwer geformte Botter dierfen si dono mat heem huelen (et ass obligatoresch, eng kleng Killbox matzebréngen, fir de Botter ze konservéieren).
Dës praktesch a flott Aktivitéit erméiglecht et, al Techniken auszeprobéieren, d’Veraarbechtung vu Matièren ze verstoen an den Alldag vu fréier besser nozevollzéien.
Den Atelier ass vu Juni bis September net disponibel.

An dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen, wéi aus Planze mëttels verschiddenen handwierklechen Technike verschidde Géigestänn hiergestallt ginn. Zwee Beispiller stinn dobäi am Mëttelpunkt: d’Wiewerei, mat der Veraarbechtung vu Fluess an Hanf, an d’Kuerfflechterei, besonnesch mëttels Kar oder Weiderutten.
Begleet vun engem Guide entdecken d’Schüler:innen als éischt d’Sammlunge vum Musée op eng altersgerecht Aart a Weis. Eng Brechel, eng Haaspel, e Weidenbeil… Begrëffer, déi een haut bal net méi héiert, Geschier, deem seng Notzung deels vergiess ginn ass. De Schwéierpunkt läit dorop, wéi dës Planze mat Hëllef vun dësem Geschier zu Géigestänn verschafft goufen, ewéi och op dem handwierkleche Wëssen, dat domat verbonnen an an de ländleche Liewensofleef vun der Lëtzebuerger Muselregioun am 19. Joerhonnert agebett war.
Am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier kënnen d’Schüler:innen ronn eng Stonn laang selwer an d’historesch Handwierk vum Wiewen andauchen. Equipéiert mat engem klenger Wiefrumm an ënnert der Leedung vun enger Mediatrice, däerfen si hirer Kreativitéit fräie Laf loossen.

Am éischten Deel vun dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen, begleet vun engem Guide, de Musée an seng Sammlungen, mat engem spezielle Fokus op der Geschicht a Entwécklung vu Stoffer a Kleeder am 19. Joerhonnert an Ufank vum 20. Joerhonnert. Alldagskleeder, natierlech Stoffer an d’Geschicht vum Handwierk stinn do um Programm.
An den Ateliere vum Schneider a vum Schouster hunn d’Schüler:innen d’Geleeënheet, d’Aarbechtsweisen a -Geschier vun dëse Beruffer ënnert d’Lupp ze huelen a esou méi doriwwer ze léieren.
Fir voll an d’Welt vun de Kleeder vun där Zäit anzedauchen, hunn déi jonk Visiteuren:innen d’Méiglechkeet, historesch Kleeder unzedoen an sech an de historesche Raim vum Musée fotograféieren ze loossen. Am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier gestalten d’Schüler:innen duerno eng Rumm aus Holz a Woll, deen dës Fotoen ophëlt. Wärend dësem Atelier ginn si vun enger Mediatrice begleet, sammele vill wäertvoll Erënnerungen a huele vill nei historesch Kenntnisser mat Heem!

Mat engem pädagogesche Koffer ginn d’Schüler:innen agelueden, eng Rees an d’Vergaangenheet ze maachen an den Alldag vun enger Léierin ronderëm d’Joer 1925 z’entdecken. De Parcours, a Form vun engem Spill mat Rätselen, erzielt d’Geschicht vun der Marguerite Schmit, enger fiktiver Figur, déi op historesche Recherchë baséiert. Si hëlleft dobäi, d’Realitéit vun der Schoul an der Gesellschaft vun där Zäit besser ze verstoen.
Dës spilleresch a gläichzäiteg léierräich Rees verfollegt verschidden Ziler:
- en Abléck an d’Beruffsliewe vun enger Léierin um Ufank vum 20. Joerhonnert ginn;
- weisen, wéi sech d’Schoul an d’Roll vun de Fraen am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn;
- zu enger kritescher Reflexioun iwwer d’Plaz an d’Bild vun der Fra an der Gesellschaft ureegen.
D’Schüler:innen begleeden d’Marguerite an hirem Beruff, andeems si verschidden Erausfuerderunge meeschteren. All Fach vum Koffer behandelt e bestëmmt Thema an enthält Rätselen, déi mat Objeten aus dem Musée verbonne sinn. Dës Objeten invitéieren dozou, ze observéieren, ze diskutéieren an nozedenken.
All richteg Äntwert erméiglecht et, am Spill virunzekommen: D’Schüler:innen sammelen Zuelen, déi um Enn zu engem geheime Code zesummegesat ginn. Mat dësem Code kann eng Schatzkëscht opgemaach ginn – eng kleng Belounung fir déi gemeinsam Ustrengungen.
D’Visitt gëtt duerch e prakteschen Atelier ergänzt, an deem d’Schreiwen a Sütterlin, enger aler däitscher Handschrëft, am Mëttelpunkt steet. Mat Fieder an Tënt léieren d’Schüler:innen dës usprochsvoll Schrëft kennen, déi d’Feinmotorik, d’Gedold an de Sënn fir Detailer fërdert.
Als Souvenir vun dësem Atelier gestalt all Schüler:in eng personaliséiert Kaart a Sütterlin – en eenzegaartegen Objet fir ze behalen oder ze verschenken.
Dank dësem originellen Usaz entdecken d’Schüler:innen d’Schoul vu fréier a stelle gläichzäiteg Verbindungen zu hirem eegenen Alldag hier. De pädagogesche Koffer an den Atelier bilden eng besonnesch Léiererfarung, déi Geschicht, Spill, Reflexioun a Kreativitéit matenee verbënnt.

Dans cette visite-atelier, les élèves découvrent ce que mangeaient les familles rurales dans la Moselle luxembourgeoise au 19e siècle et au début du 20e siècle et comment elles préparaient et cuisinaient leurs aliments, avec un accent particulier mis sur la production laitière et la fabrication du beurre. À travers l’exemple du beurre, ils explorent un pan de l’histoire rurale de la Moselle.
Accompagnés d’un guide, ils parcourent d’abord les collections du musée d’une manière adaptée à leur âge. L’accent est mis sur la découverte des aliments consommés à l’époque, en particulier sur la transformation du lait et son évolution. Les secrets du barattage, du fromage ou de la consommation de produits laitiers à l’époque n’auront plus de mystères pour nos jeunes visiteurs !
Après la visite, les élèves participent à un atelier ludique animé par une médiatrice. Ils découvrent la fabrication traditionnelle du beurre en utilisant une baratte. Un moule sera aussi à leur disposition pour donner au beurre une forme originale, beurre qu’ils pourront emporter (il est obligatoire de prévoir une petite glacière pour le conserver).
Cette activité pratique et amusante permet d’expérimenter des techniques anciennes, de comprendre la transformation de la matière et de mieux saisir la vie quotidienne d’autrefois.
Atelier indisponible de juin à septembre.

Lors de cette visite-atelier, les élèves découvrent comment, à partir de plantes, différents savoir-faire sont à l’oeuvre pour obtenir de multiples objets. Deux exemples sont mis en valeur : le tissage, avec la transformation du lin et du chanvre, et la vannerie, avec notamment la paille de céréales ou l’osier.
Accompagnés d’un guide, les élèves parcourent les collections du musée d’une manière adaptée à leur âge. Une broie, un dévidoir, un fendoir… des mots que l’on entend peu aujourd’hui, et des outils dont l’utilisation a parfois été oubliée. L’accent est mis sur la découverte des ces plantes transformées en objets avec ces outils, ainsi que les savoir-faire qui y étaient attachés, intégrés dans le fonctionnement de la vie rurale de la Moselle luxembourgeoise au 19e siècle.
Dans la deuxième partie de cette visite-atelier, les élèves s’essaient pendant environ une heure à l’artisanat historique du tissage. Équipés d’un petit cadre à tisser et sous la guidance d’une médiatrice, ils peuvent laisser libre cours à leur créativité.

Dans le premier volet de cette visite-atelier, les élèves découvrent, accompagnés d’un guide, le musée et ses collections, avec un accent particulier sur l’histoire et l’évolution des tissus et des vêtements au 19e siècle et au début du 20e siècle. Vêtements de la vie quotidienne, tissus naturels et histoire de l’artisanat seront au programme.
Dans les ateliers du tailleur et du cordonnier, les élèves auront l’occasion d’examiner de plus près les pratiques et outils de ces métiers et d’en apprendre davantage.
Pour plonger pleinement dans l’univers des vêtements de l’époque, les jeunes visiteurs ont la possibilité d’essayer des vêtements anciens et de se faire photographier dans les espaces historiques du musée. Dans la deuxième partie de la visite-atelier, les élèves créent ensuite un cadre à partir de laine et de bois qui pourra accueillir ces photos. Pendant cet atelier, ils sont accompagnés par une médiatrice, récoltent de nombreux souvenirs précieux pour repartir chez eux avec de nouvelles connaissances en histoire !

Avec la valise pédagogique, les élèves sont invités à remonter le temps et à découvrir le quotidien d’une institutrice vers 1925. Le parcours, sous forme d’un jeu avec énigmes, suit l’histoire de Marguerite Schmit, un personnage fictif inspiré de recherches historiques, qui permet de mieux comprendre la réalité de l’école et de la société de l’époque.
Ce voyage ludique et éducatif poursuit plusieurs objectifs :
- offrir un aperçu de la vie professionnelle d’une enseignante au début du 20e siècle ;
- montrer comment l’école et le rôle des femmes ont évolué au fil du temps ;
- encourager une réflexion critique sur la place et l’image de la femme dans la société.
Les élèves accompagnent Marguerite dans son métier en relevant des défis. Chaque compartiment de la valise aborde un thème particulier et contient des énigmes liées à des objets du musée. Ces objets invitent à l’observation, à la discussion et à la réflexion. Chaque bonne réponse permet d’avancer dans le jeu en récoltant un chiffre pour composer un code secret. Au terme du parcours, ce code ouvre un coffre au trésor, récompense finale des efforts collectifs.
La visite se complète par un atelier pratique autour de l’écriture en Sütterlin, ancienne écriture manuscrite allemande. Avec plume et encre, les élèves s’initient à cette écriture exigeante qui développe la motricité fine, la patience et le sens du détail. En guise de souvenir, chaque élève réalise une carte de vœux personnalisée en Sütterlin, un objet unique à conserver ou à offrir.
Grâce à cette approche originale, les élèves découvrent l’école d’autrefois tout en établissant des liens avec leur propre quotidien. La valise pédagogique et l’atelier constituent une expérience pédagogique originale qui mêle histoire, jeu, réflexion et créativité.
Formule 2
Formule 2
Geschicht a Kreativitéit
Am Kader vun dësem Visitt-Atelier entdecken d’Schüler:innen d’Geschicht vum ländleche Liewen an der lëtzebuergescher Muselregioun am 19. Joerhonnert an um Ufank vum 20. Joerhonnert. Begleet vun engem Guide entdecken si als éischt d’Sammlunge vum Musée.
Duerno gëtt dës Visitt duerch e kreativen Atelier ergänzt, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt. Kreativitéit, kleng historesch Geheimnisser, flott Geschichten a vill Entdeckunge stinn am Mëttelpunkt vun dësem Erliefnis!
Histoire et créativité
Dans le cadre de ces visites-ateliers, les élèves partent à la découverte de l’histoire de la vie rurale dans la Moselle luxembourgeoise au 19e siècle et au début du 20e siècle. Accompagnés d’un guide, ils commencent par explorer les collections du musée. Cette visite est ensuite complétée par un atelier créatif animé par une médiatrice. Créativité, petits secrets historiques, belles histoires et beaucoup de découvertes sont au cœur de cette expérience !
4 Atelieren
4 ateliers

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée stellen d’Schüler:innen en traditionellt Spill hier: den Tic-Tac-Toe. Wärend dësem Atelier, dee vun enger Mediatrice geleet gëtt, gëtt gebitzt, gemoolt a gespillt. Dobäi experimentéieren an entdecken d’Schüler:innen verschidde Materialien ewéi Stoffer, Steng a Faarwen, a loossen hirer Kreativitéit fräie Laf!
Nodeems si hiert eegent Spill komplett gebitzt, dekoréiert a bemoolt hunn, kréien d’Schüler:innen e puer Tipps, fir richteg Tic-Tac-Toe-Championen ze ginn. Mä opgepasst: och wann een net gewënnt, geet keen als Verléierer aus dësem Atelier eraus, well jidderee geet mat senger perséinlecher Kreatioun heem!
En ënnerhalsamen Atelier, fir d’Geometrie op eng spilleresch Aart a Weis unzegoen an der Kreativitéit fräie Laf ze loossen!

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am Kader vum zweeten Deel vun dëser Visitt-Atelier dat traditionellt Handwierk vum Strécken.
Mat Hëllef vun enger Stréckliesel a Woll stellen d’Schüler:innen, ënnert der Leedung vun enger Mediatrice, e klenge Souvenir a Form vun engem Bracelet hier. Dësen ënnerhalsamen Atelier ass eng flott Aféierung an dat traditionellt Handwierk vum Strécken!

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am Kader vun dësem Visitt-Atelier en traditionellt Handwierk: d’Bitzen.
Dëse Bitzatelier erméiglecht de Schüler:innen, e Schnëttmuster virzebereeden, verschidden Texturen z’entdecken a mat Formen ze schaffen, wärend si gläichzäiteg hir Feinmotorik entwéckelen. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice maachen si eng kleng Posch oder en Teddybier (jee no Uweisung vum Enseignant/vun der Enseignante) a huelen dës/dësen dono als Erënnerung un dës kreativ Erfarung mat heem.

No enger Visitt vu ronn enger Stonn am Musée entdecken d’Schüler:innen am zweeten Deel vun dësem Visitt-Atelier dat traditionellt Handwierk vun der Broderie.
Wärend dësem Broderie-Atelier léieren d’Schüler:innen mam Fuedem an der Nol ze schaffen, entdecken d’Faarwen an entwéckelen hir Präzisioun a Feinmotorik. Ënnert der Leedung vun enger Mediatrice maachen si e personaliséierte Bandana, op deen si hir Initialen oder en dekoratiivt Motiv brodéiere kënnen, a huelen dësen dono mat heem.

Après une visite d’environ une heure du musée, les élèves fabriquent un jeu traditionnel : le Tic-Tac-Toe (morpion). Lors de cet atelier, animé par une médiatrice, ils cousent, dessinent et jouent. Ils expérimentent et découvrent différents matériaux tels que tissus, pierres et peintures, laissant libre cours à leur créativité !
Une fois leur propre jeu entièrement cousu, décoré et peint, les élèves reçoivent des astuces pour devenir de véritables champions du Tic-Tac-Toe. Mais attention : même si l’on ne gagne pas, on ne repart jamais perdant de cet atelier, car chacun rentre chez soi avec sa création personnelle ! Un atelier amusant pour aborder la géométrie de manière ludique et laisser libre cours à sa créativité !

Après une visite d’environ une heure du musée, les élèves découvrent, dans le cadre de la deuxième partie de cette visite-atelier, l’artisanat traditionnel du tricot.
À l’aide d’un tricotin et de laine, les élèves créent, sous la guidance d’une médiatrice, un petit souvenir sous forme de bracelet. Cet atelier amusant constitue une belle initiation à l’artisanat traditionnel du tricot !

Après une visite guidée d’environ une heure du musée, les élèves découvrent, dans le cadre de cette visite-atelier, un artisanat traditionnel : la couture.
Cet atelier de couture permet aux élèves de préparer un patron, explorer différentes textures et manipuler des formes, tout en développant leur motricité fine. Guidés par une médiatrice, ils réalisent un petit sac ou un ours en peluche (selon les indications préalables de l’enseignant(e)), et le rapportent chez eux en souvenir de cette expérience créative.

Après une visite d’environ une heure du musée, les élèves découvrent, lors de la deuxième partie de cette visite-atelier, l’artisanat traditionnel de la broderie.
Lors de cet atelier de broderie, les élèves s’initient au travail du fil et de l’aiguille, explorent les couleurs et développent leur précision et leur motricité fine. Sous la guidance d’une médiatrice, ils créent un bandana personnalisé en y brodant leurs initiales ou un motif décoratif, qu’ils pourront ensuite emporter chez eux.
Praktesch Informatiounen
Guidéiert Visitt: ronn 1 Stonn
Atelier: ronn 1 Stonn
Public: Kanner vu 6 bis 12 Joer
Sproochen:
- Guidéiert Visitt: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch
- Atelier: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch
Accessibilitéit: nëmmen deelweis zougänglech fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit (merci eis virdrun ze kontaktéieren).
D’Gruppe fir d’guidéiert Visitt sinn op 15 Persoune pro Guide limitéiert. Bei méi grousse Gruppe mussen d’Gruppe gedeelt, a verschidde guidéiert Visitte reservéiert ginn.
Fir méi Informatiounen iwwer d’Schouloffere vum Musée « A Possen », fir en Devis unzefroen, eng Reservatioun ze maachen oder fir all aner Froen, kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail iwwert [email protected], per Telefon iwwert +352 23 69 73 53, oder fëllt de Reservatiounsformular op eiser Websäit www.musee-possen.lu aus.
De Musée « A Possen » a seng Ekipp freeën sech op Äre Besuch!
Informations pratiques
Visite guidée : environ 1 heure
Atelier : environ 1 heure
Public : enfants de 6 à 12 ans
Langues parlées :
- Visite guidée : luxembourgeois, allemand, français, anglais
- Atelier : luxembourgeois, allemand, anglais
Accessibilité : partiellement accessible aux personnes à mobilité réduite (merci de nous contacter au préalable).
Les groupes pour la visite guidée sont limités à 15 personnes par guide. Au-delà, il faut diviser les groupes et réserver plusieurs visites guidées.
Pour plus d’informations sur l’offre scolaire du musée « A Possen », pour demander un devis, effectuer une réservation ou pour toute autre question, veuillez nous contacter par e-mail à [email protected], par téléphone au +352 23 69 73 53, ou remplir le formulaire de réservation sur notre site internet www.musee-possen.lu.
Le musée « A Possen » et son équipe se réjouissent de votre visite !
Tariffer
D‘Entrée ass gratis fir Kanner an hir Begleeder:innen.
Atelier: 12 € (ouni TVA) pro Kand
Guidéiert Visitt: 75 € (ouni TVA) pro Guide (max. 15 Persoune pro Guide)
Tarifs
L’entrée est gratuite pour les enfants et leurs accompagnateurs.
Atelier : 12 € HT par enfant
Visite guidée : 75 € HT par guide (max. 15 personnes par guide)
D’Wäistuff Possenhaus
Firwat d’Visitt net mat engem leckere Miseler Kascht ofschléissen? De Musée « A Possen » bitt Iech e komplett Erliefnis zesumme mat sengem Partnerrestaurant, der « Wäistuff Possenhaus ». No dem Entdecke vun den Ausstellungen a der Participatioun un den Ateliere kënnen d’Kanner d’Visitt mat engem gemittlechen, op hire Goût ugepassten Iesse verlängeren.
Wann Dir méi Informatiounen iwwer d’Menue a Tariffer wëllt kréien, oder en Iesse virun, wärend oder no der Muséesvisitt, organiséieren wëllt, da gitt dëst w.e.g. an Ärer Ufro un.
Eng Lëscht vun den Allergene gëtt dem Devis bäigefüügt, fir d’alimentaire Sécherheet vu jidderengem ze garantéieren.
La « Wäistuff Possenhaus »
Pourquoi ne pas compléter la visite par un délicieux repas mosellan ? Le musée « A Possen » vous propose une expérience complète grâce à son restaurant partenaire, la « Wäistuff Possenhaus ». Après avoir découvert les expositions et participé aux ateliers, les enfants peuvent prolonger la visite autour d’un repas convivial et adapté à leurs goûts.
Si vous souhaitez obtenir davantage d’informations sur les menus et les conditions tarifaires, et/ou organiser un repas à la « Wäistuff Possenhaus » avant, pendant ou après la visite du musée, merci de le préciser dans votre demande.
Une liste des allergènes sera jointe au devis afin de garantir la sécurité alimentaire de tous.
Réservez votre activité scolaire
Wäistuff Possenhaus
Musée folklorique et viticole
Musée de jouets