15. Juni – Muselblo-Bleu Moselle

De Musée « A Possen » zu Bech-Maacher an d’Wäinhaus zu Éinen invitéieren Iech häerzlech op eng Conversatioun mam Auteur Hubert Wurth, Auteur vum Buch Muselblo – Bleu Moselle – Wäinhaus Ehnen. Dëst Gespréich fënnt am Musée « A Possen » statt.

D’Buch hieft d’Geschicht vun dësem fréiere Wënzer-Haff ervir a weist de Laf vun de Famillen, déi dëse geleet hunn, souwéi d’Relatioun zu sengem Floss a senger Fruucht: der Drauf, op. Et probéiert, d’Relatioun mam groussen Noper am Osten ze verstoen an d’historesch Erausfuerderunge vun der Vergaangenheet ze beschreiwen, fir d’Géigewaart besser ze verstoen an d’Land op eng Zukunft am Fridden an Europa virzebereeden.

Dës Conversatioun bitt d’Geleeënheet, sech direkt mam Auteur auszetauschen. E Frëndschaftspatt wäert dës flott Renconter ofschléissen.

 

Iwwer den Auteur

Den Hubert Wurth, gebuer 1952 zu Lëtzebuerg, ass Diplomat, Jurist, Kënschtler an Essayist. No enger 28-järeger Carrière als Ambassadeur vu Lëtzebuerg an e puer vun de wichtegste Stied weltwäit, lieft hien elo zu Wormer no bei der Musel. Säi lescht Wierk, dat gläichzäiteg als Friddensetüd an als historesch Zeienausso déngt, exploréiert d’Geschicht vun der Muselregioun, de fréiren Familljen Domaine zu Éinen an d’europäesch Entwécklungen. Dobäi werft hie gläichzäiteg e kritesche Bléck op aktuell Themen. Dëst engagéiert Buch verbënnt politesch an ästhetesch Reflexiounen a luet zu enger oppener a visueller Lektür an, déi bal wéi eng kënschtleresch Erfarung empfonnt gëtt.

Le Musée « A Possen » à Bech-Kleinmacher et le « Wäinhaus » à Ehnen ont le plaisir de vous inviter à une conversation avec l’auteur Hubert Wurth autour de son livre Muselblo – Bleu Moselle – Wäinhaus Ehnen. Cette conversation se déroulera au Musée « A Possen ».

Le livre met en valeur l’histoire de cet ancien domaine viticole et évoque le parcours des familles qui l’ont dirigé, ainsi que celui de sa rivière et de son fruit : la grappe de raisin. Il tente de cerner la relation avec le grand voisin à l’est, de décrire les enjeux historiques du passé pour mieux comprendre le présent et préparer le pays à un avenir de paix en Europe.

Cette conversation sera l’occasion d’échanger directement avec l’auteur. Un verre de l’amitié viendra clôturer ce moment d’échange.

 

Sur l’auteur

Hubert Wurth, né en 1952 à Luxembourg, est diplomate, juriste, artiste plasticien et essayiste. Après vingt-huit ans de carrière en tant qu’ambassadeur du Luxembourg dans plusieurs capitales mondiales, il vit désormais à Wormeldange, près de la Moselle. Son dernier ouvrage, à la fois étude pour la paix et témoignage historique, explore l’histoire de la vallée de la Moselle, de l’ancien domaine familial d’Ehnen et des évolutions européennes, tout en posant un regard critique sur les enjeux contemporains. Ce livre engagé allie réflexion politique et esthétique, invitant à une lecture attentive et visuelle, proche d’une expérience artistique.

Sonndes, den 15. Juni

 

Um 16.00 Auer 

 

Sprooch: Lëtzebuergesch

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu (limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen)

 

Präis: gratis Entrée

Dimanche 15 juin

 

A 16.00h

 

Langue: luxembourgeois

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu (capacité limitée, dans la limite des places disponibles)

 

Prix : entrée gratuite