Chargement Évènements
10. Mee – Kreativitéit ronderëm de Beiestack

Den 10. Mee invitéiert de Musée « A Possen » Kleng a Grouss zu engem intergenerationellen Atelier, deen sech ganz de Beiestäck an de Beie widmet. Am Kader vum Weltdag vun de Beien (den 20. Mee) bidde mir d’Geleeënheet, Beiestäck-Dekoratioune mat natierleche Materialien ze gestalten an an déi faszinéierend Welt vun de Beien anzedauchen. Ënnert der Leedung vun eiser Mediatrice ginn aus Kartong, Jute-Garn, Sisal an e bësse Geschécklechkeet richteg kleng Konschtwierker hiergestallt. Dobäi léiere mir och vill Interessantes iwwer d’Geschicht vun der Imkerei an der Muselregioun kennen. Ob Kleng oder Grouss, dëse kreativen Atelier ass eng wonnerbar Geleeënheet fir verschidde Generatiounen zesummen ze bréngen an e gesellegen, handwierkleche Moment ze genéissen – begleet vun engem klengen Nomëttessnack.

Le 10 mai, le musée « A Possen » invite petits et grands à un atelier intergénérationnel mettant en valeur ruches et abeilles. Dans le cadre de la Journée mondiale des abeilles (le 20 mai), nous créerons des décorations en forme de ruche à partir de matériaux naturels et plongerons dans le monde fascinant des abeilles. Avec l’aide de notre médiatrice, de véritables petites œuvres d’art prendront vie à l’aide de carton, de corde en jute ou en sisal et d’un peu d’habileté, tout en en faisant le lien avec l’histoire de l’apiculture dans la Moselle.  Que vous soyez jeune ou moins jeune, cet atelier créatif est l’occasion idéale de rassembler les générations et de partager un moment artisanal convivial, accompagnés d’un petit goûter.

Samschdes, den 10 Mee.

 

Vu 14 bis 17 Auer

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 35 €; 3 Persounen: 45 €; 4 Persounen: 55 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 10 mai.

 

De 14h à 17h.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 35 euros ; 3 personnes : 45 euros ; 4 personnes : 55 euros. Au-delà, nous contacter.