Chargement Évènements
19. Juli – Stellt Är eege Stoffobjeten hier!

Den 19. Juli invitéiert de Musée « A Possen » Kleng a Grouss op e kreative, intergenerationellen Atelier, wou jidderee d’Méiglechkeet huet, praktesch a nëtzlech Objeten aus Stoff ze gestalten. An enger entspaanter a geselleger Atmosphär léieren d’Participante mat der Hëllef vun eiser Mediatrice, d’Konscht vum Stoffveraarbechten kënnen. Si gi gewuer, wéi ee Stoffsträifen schneit, flecht a zesummesetzt, fir verschidden Objete, wéi e Behälter oder en Ënnersetzer, ze kreéieren. E kreative Moment voller Austausch a Gemeinschaft, bei deem um Enn all Participant mat sengen eegene Kreatiounen heem geet. Virgesinn ass natierlech och eng kleng Kaffispaus am Nomëtten.

Le 19 juillet, le musée « A Possen » invite petits et grands à participer à un atelier intergénérationnel créatif, où chacun pourra apprendre à fabriquer des objets pratiques et utiles en tissu. Dans une ambiance chaleureuse et conviviale, les participants, accompagnés de notre médiatrice, découvriront l’art du travail du tissu. Ils apprendront à découper, torsader et assembler des bandes de tissu pour créer divers objets, tels qu’un récipient ou un dessous de plat. Un moment de créativité, de partage et d’échanges, où chacun repartira avec ses créations ! Un goûter convivial sera également proposé au participants.

Samschdes, den 19 Juli.

 

Vu 14 bis 17 Auer

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 35 €; 3 Persounen: 45 €; 4 Persounen: 55 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 19 juillet.

 

De 14h à 17h.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 35 euros ; 3 personnes : 45 euros ; 4 personnes : 55 euros. Au-delà, nous contacter.