

Vum 5. bis den 8. August mécht de Musée « A Possen » seng Diere fir déi traditionell « Summerakademie » op, déi fir Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer geduecht ass. An enger entspaanter Atmosphär gi wonnerbar kleng Objeten aus einfache Materialien hiergestallt, an dat ënnert der Uwendung vum traditionellen Handwierksmethoden.
Déi éischt zwee Deeg (05. & 06.08.) preparéieren d’Kanner e Salzdeeg, aus deem si Schossele forme, déi mat Musteren a Faarwe personaliséiert ginn. Dono geet et an d’Kichen: Hei kachen si hiert eegent, frëscht Gebeess an, wat si a selwer dekoréiert Glieser offëllen, a baken hiert eegent Brout – eng kulinaresch Erfarung, déi mat Heem geholl ka ginn!
Déi lescht zwee Deeg (07. & 08.08.) sinn enner aanerem der Konscht vum Knëppe gewidmet. D’Kanner kënnen dekorativ Unhänger oder reng Makramee-Blieder kreéieren. De leschten Dag ginn dann zum Ofschloss Jute- oder Kottengsposchen personaliséiert – en Unikat mat faarwege Fiedem a kreativen Techniken.
D’Umeldung ass flexibel: Et ass méiglech, d’Deeg 1-2 an/oder 3-4 ze buchen.
Du 5 au 8 août, le Musée « A Possen » ouvre ses portes pour sa traditionnelle « Summerakademie » destinée aux enfants de 6 à 12 ans. Dans une ambiance détendue, de magnifiques petits objets seront réalisés à partir de matériaux simples, dans le respect des traditions artisanales.
Les deux premiers jours (05 & 06.08.), après avoir préparé la pâte à sel, les enfants en confectionneront des bols aux motifs et couleurs personnalisés. Ensuite, direction la cuisine : ils prépareront de la confiture fruitée, qu’ils verseront dans un bocal joliment décoré, et cuiront leur propre pain – une expérience gustative à emporter chez soi !
Les deux derniers jours (07 & 08.08.) seront consacrés à l’art du nœud. Les enfants créeront des pendentifs décoratifs ou de délicates feuilles en macramé. Pour finir, ils personnaliseront un sac en jute ou en coton – une pièce unique grâce à des fils colorés et des techniques créatives.
L’inscription est flexible : il est possible de réserver les jours 1-2 et/ou 3-4.
Vu Dënschdes, den 5 bis Freides den 8. August.
Vu 14 bis 17 Auer.
Kanner vu 6 bis 12 Joer.
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.
Präis: 45 € fir 2 Deeg / 75€ fir déi ganz Woch
du Mardi 5 au vendredi 8 août.
De 14h à 17h.
Enfants de 6 à 12 ans.
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.
Prix : 45 euros pour 2 jours / 75 euros pour toute la semaine