26. Oktober – De Brauch em d’Trauliicht
Et ass Traditioun! Och dëst Joer brennen nees Trauliichter am Musée « A Possen ». Bis allerdéngs aus de Rommelen Trauliichter ginn, sinn e puer Aarbechtsschrëtt néideg. Sou mussen d’Rommelen als éischt emol ausgehielegt ginn, ier se schliisslech mat enger grujeleger Fratz versi kënne ginn. Zesumme mat eiser Mediatrice kënnen d’Kanner vu 6 bis 12 Joer de 26. Oktober genau dëst maachen an sou um Enn vum Atelier hiert eegent Trauliicht mat heem huelen. Wëll d’Aushielegen an d’Schnëtze vun de Rommele vill Kraaft erfuerdert, gëtt sech wärend dem Atelier mat enger leckerer Zopp, déi aus de Reschter vun de Rommele zesummen gekacht gëtt, gestäerkt. Ahjo, an net ze vergiessen! Eis jonk Visiteure kënnen sech fir dëse Atelier gäre verkleeden!
C’est la tradition ! Cette année encore, les « Trauliichter » seront allumés au musée « A Possen ». Avant de transformer les betteraves en « Trauliichter », il y a plusieurs étapes à suivre. D’abord, il faut les évider, puis leur inventer et sculpter une grimace effrayante. Avec l’aide de notre médiatrice, les enfants de 6 à 12 ans pourront réaliser cette activité le samedi 26 octobre et repartir avec leur propre « Trauliicht » à la fin de l’atelier. Comme l’évidage et la sculpture des betteraves demandent beaucoup d’énergie, une délicieuse soupe faite avec les restes du légume sera cuisinée tous ensemble et servie pour reprendre des forces. Et n’oubliez pas ! Les petits visiteurs peuvent venir déguisés à cet atelier !
Samschdes, de 26 Oktober.
Vu 14 Auer bis 17 Auer
Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].
Präis: 25 €
Samedi 26 octobre.
De 14h à 17h.
Enfants de 6 à 12 ans.
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]
Prix: 25 euros