Chargement Évènements

18. Abrëll – Eng architektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »

Schatzjuegd

Maacht Iech am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel op eng spannend Entdeckungsrees a lëft d’Geheimnisser vun den historeschen Haiser am Musée « A Possen »! Ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn:dinnen – entdeckt dëst eenzegaartegt kulturellt Ierwen am Häerz vun der lëtzebuergescher Muselregioun mat Hëllef vun engem Rätselheft, dat vill spannend Quizzer a Froen iwwer d‘Architektur an d’Liewen aus vergaangenen Zäiten enthält. All richteg Äntwert bréngt Iech dem Schatz e Stéck méi no … enger séisser, schockelazeger Belounung! Eng spilleresch a genossvoll Aventure fir kleng a grouss Entdecker:innen!

 

No der Entdeckungsrees gëtt Iech an der Wäistuff « Possenhaus », nierft dem Musée, e Patt Miseler Wäin offréiert (beim Virweise vum Entréesbilljee vum Musée). An wéi wier et mat engem klenge Maufel dobäi? De ganzen Nomëtteg iwwer (bis 17:00 Auer) proposéiert d’Wäistuff Iech och en Teller traditionell Kniddele mat Ram a Speck fir 10 €.

Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, partez à l’aventure et percez les secrets architecturaux des anciennes maisons du Musée « A Possen » ! Seul(e), en famille ou entre ami(e)s, explorez ce patrimoine unique au cœur de la Moselle luxembourgeoise grâce à un livret-jeu rempli d’énigmes et de questions sur l’architecture et la vie d’autrefois. Chaque bonne réponse vous rapproche du trésor… une délicieuse récompense chocolatée ! Un parcours ludique et gourmand pour petit(e)s et grand(e)s curieux/ses.

 

Après la découverte, un verre de vin mosellan vous sera offert à la « Wäistuff Possenhaus » voisine du musée (sur présentation du billet d’entrée au musée). Et pourquoi ne pas l’accompagner d’une petite collation ? Tout au long de l’après-midi (jusqu’à 17h00), la « Wäistuff » vous propose également une assiette traditionnelle de « Kniddelen » à la crème et aux lardons au prix de 10 €.

Samschdes, den 18. Abrëll a Sonndes den 19. Abrëll

 

Vun 10:00 bis 18:00 (zou vun 12:30 bis 13:00; Dauer vum Tuer ca. 45 Minutten Dauer)

 

Sprooch vum Spillheft: LU, FR, DE an EN

 

Fir all Altersklassen (d‘Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Ouni Reservatioun

 

Präis: 5 € am Präis vum Entréesbilljee abegraff (gratis fir Kanner)

Samedi 18 avril et dimanche 19 avril

 

De 10h00 à 18h00 (fermeture entre 12h30 et 13h00 ; durée du parcours env. 45 minutes)

 

Langue du livret-jeu : LU, FR, DE et EN

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Sans réservation

 

Tarif : 5 € compris dans le prix du billet d’entrée (gratuit pour les enfants)