An der Woch vum 2 bis 5 August, vu 14 :00-17 :00 Auer, stinn am Musée « A Possen » Kreativitéit, Léieren, Rätsel a Schneekereien am Mëttelpunkt. Wärend 4 Deeg, entdecke Kanner vu 6-12 Joer mat eiser Museumspädagogin, d’Geheimnisser vu verschiddenen Aktivitéiten déi all mam Thema Summer a Verbindung stinn. Den Atelier kennt Dir pro Dag oder fir déi komplett Woch reservéieren.
Um Programm :
Dënschdes, den 2. August, vu 14 :00-17 :00 Auer, léieren d’Kanner den Zauber a Geheimnisser vun engem Schattentheater kennen.
Mëttwochs, den 3. August, vu 14 :00-17 :00 Auer, wäerten d’Kanner aus regionalen a saisonale Friichten, hausgemaachent Gebeess kachen.
Donneschdes, de 4. August, vu 14 :00-17 :00 Auer, bastelen d’Kanner sech en Dramfänkert.
Freides, de 5. August, vu 14 :00-17 :00 Auer, sollen d’Kanner e klénge Gäertchen am Glas gestalten.
Eng Reservatioun ass obligatoresch, d’Plazen si limitéiert. Per Telefon um 23 69 73 53 oder via Mail op
[email protected]
Tarif: 20€ / Dag – 70€ / Woch