Featured

ATELIERS ÉTÉ 2022

Summerakademie !

An der Woch vum 2 bis 5 August, vu 14 :00-17 :00 Auer, stinn am Musée « A Possen » Kreativitéit, Léieren, Rätsel a Schneekereien am Mëttelpunkt. Wärend 4 Deeg, entdecken d’Kanner vu 6-12 Joer mat eiser Museumspädagogin, d’Geheimnisser vu verschiddenen Aktivitéiten déi all mam Thema Summer a Verbindung stinn. Den Atelier kennt Dir pro Dag oder fir déi komplett Woch reservéieren.

Um Programm :

Dënschdes, den 2. August, vu 14:00 – 17:00 Auer, léieren d’Kanner den Zauber a Geheimnisser vun engem Schattentheater kennen.

Mëttwochs, den 3. August, vu 14:00 – 17:00 Auer, wäerten d’Kanner aus regionalen a saisonale Friichten, hausgemaachent Gebeess kachen.

Donneschdes, de 4. August, vu 14:00 – 17:00 Auer, bastelen d’Kanner sech en Dramfänkert.

Freides, de 5. August, vu 14:00 – 17:00 Auer, sollen d’Kanner e klénge Gäertchen am Glas gestalten.

Du 2 au 5 août, de 14h à 17h, créativité, apprentissage, mystère et gourmandise sont au programme au Musée « A Possen ». Durant 4 jours, les enfants de 6 à 12 ans découvriront avec une médiatrice les secrets de plusieurs activités passionnantes et amusantes placées sous le signe de l’été. Chaque jour d’activité peut être réservé et suivi indépendamment ou conjointement.

Au programme :

Le mardi 2 août, de 14h à 17h, les enfants plongeront dans la magie et les mystères du théâtre d’ombres.

Le mercredi 3 août, de 14h à 17h, les enfants concocteront une délicieuse confiture aux fruits de saison.

Le jeudi 4 août, de 14h à 17h, place à la rêverie et à l’évasion avec la fabrication d’un attrape-rêve.

Le vendredi 5 août, de 14h à 17h, les enfants se lanceront dans la préparation et l’agencement d’un terrarium, petit jardin d’intérieur.

Dënschtes bis Freides um 14:00 Auer
Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer
Tarif : 20€ pro Dag, 70€ pro Woch
Eng Reservatioun ass obligatoresch an d’Plazen si limitéiert.
Per Telefon (+352 23 69 73 53) oder per Mail (info@musee-possen.lu)
Mardi à Vendredi à 14:00h
Pour enfants âgés entre 6 et 12 ans
Tarif : 20€ par jour, 70€ par semaine
Une réservation et obligatoire car les places sont limitées. 
Par téléphone (+352 23 69 73 53) ou par mail (info@musee-possen.lu)

Valise Pédagogique « Joffer »

De Musée « A Possen » invitéiert Iech, an den Alldag vun enger Léierin an enger Schoul aus de 1920er Joren anzedauchen – an dat mat Hëllef vun engem innovativen, pedagogesche Koffer, deen op all Generatioun zougeschnidden ass.

Ideal fir e Familljebesuch oder eng flott Aktivitéit mat Frënn: Op Ärem Tour duerch de Musée entdeckt Dir d’Liewensgeschicht vun der Léierin Marguerite Schmit. A verschiddene Raim waarden spannend Froen, Rätselen an interaktiv Entdeckungen op Iech, déi Iech d’Geschicht op eng spilleresch Aart a Weis méi no bréngen. Dir gitt méi gewuer iwwert d’Entwécklung vum Enseignement a wéi d’Schoul am Laf vun de 1920er Jore funktionéiert huet.

Dës nei Form vu Visitt, déi fir jiddereen op ass, verbënnt Spaass mat Wëssen a fënnt hiren Ofschloss mat der Ouverture vun enger Schatzkëscht – an där eng kleng Belounung op all Participant waart!

De Koffer ass gratis a steet a franséischer an däitscher Sprooch zur Verfügung (limitéiert Disponibilitéit). Kommt laanscht a loosst Iech vun dëser interaktiver Erliefneswelt begeeschteren – e spannende Wee, fir de Musée op eng nei Aart ze entdecken!

Le Musée « A Possen » propose à ses visiteurs de découvrir le quotidien d’une institutrice et d’une école dans les années 1920, à l’aide d’une valise pédagogique innovante destinée aux groupes intergénérationnels.

Idéale pour une visite en famille ou entre amis, vous parcourrez le Musée et découvrirez l’histoire de l’institutrice Marguerite Schmit. Au détour des différentes salles, diverses questions vous seront posées, vous résoudrez plusieurs énigmes et explorerez l’histoire tout en vous amusant ! Vous en apprendrez plus sur l’histoire de l’enseignement et le fonctionnement de l’école dans les années 1920. Ouverte à tous, cette nouvelle expérience de visite, divertissante et dans le partage, se termine par l’ouverture de la boîte au trésor, qui récompensera tous les participants !

La valise est gratuite et disponible en français et en allemand, dans la limite des disponibilités. Profitez de cette expérience interactive pour découvrir le Musée d’une manière originale et captivante !

Präis : Gratis (am regulären Entréespräis vum Musée abegraff)
 
Wärend den Ëffnungszäiten vum Musée ausléibar
 
Dauer: +/- 1 Stonn
 
Ouni Reservatioun (limitéiert Disponibilitéit)
 

Sproochen: disponibel op DE an FR

Tarif : Gratuit (inclus dans le tarif d’entrée du musée)


Empruntable pendant les heures d’ouverture du musée

 
Durée : +/- 1 heure


Sans réservation (disponibilité limitée)

 

Langues : disponible en DE et FR



Guidéiert Visitt duerch de Musée « A Possen »

Wëllt Dir de Musée « A Possen » op eng nei Manéier entdecken oder erëm entdecken? Da kommt mat op eng spannend guidéiert Visitt! Eis erfuere Guiden huelen Iech mat op eng Zäitrees duerch d’Joerhonnerten a verroden Iech déi faszinéierend Geheimnisser an Anekdoten iwwer déi verschidde Gebaier vum Musée – dorënner dat eelst, dat bis op d’Joer 1617 zeréckgeet. Taucht an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill aus dem 19. an dem fréien 20. Joerhonnert an a entdeckt déi räich sozial an handwierklech Geschicht vun de ländleche Gemeinschaften un der Musel.

Dës Visitt, déi fir all Altersgruppe gëeegent ass, verbënnt Traditiounen, Alldag a Fachwëssen zu enger beräicherender Erfarung voller klenger a grousser Geschichte – an enger gemittlecher a geselleger Atmosphär. Eng perfekt Geleeënheet, fir an d’kulturellt Ierwen an d’Geschicht vun der Musel anzedauchen an hir ganz Villfalt ze entdecken!

Vous souhaitez découvrir ou redécouvrir le Musée « A Possen » sous un nouvel angle ? Rejoignez-nous pour une visite guidée passionnante, accompagnés de nos guides ! Vous voyagerez à travers les siècles, et découvrirez les secrets et anecdotes fascinantes des différentes maisons du Musée, dont la plus ancienne date de 1617. Vous explorerez l’univers d’une famille vigneronne mosellane du XIXe et du début du XXe siècle, et découvrirez la riche histoire sociale et artisanale des communautés rurales de la Moselle.

 

Au fil d’une balade adaptée à tous publics, où traditions, histoire de la vie quotidienne et savoir-faire se mêlent, laissez-vous emporter par une expérience enrichissante, pleine de petites et grandes histoires, dans une ambiance conviviale et chaleureuse. C’est l’opportunité parfaite pour plonger dans le patrimoine et l’histoire de la Moselle, et d’en découvrir toute la richesse !

Samschdes, 

Mäerz: 15.03, 29.03

Abrëll: 12.04, 19.04, 26.04

Mee: 24.05, 31.05

Juni: 07.06, 14.06, 28.06

Juli: 05.07, 12.07, 19.07, 26.07

September: 06.09, 13.09, 20.09, 27.09

Oktober: 04.10, 11.10, 18.10, 25.10

November: 08.11, 15.11, 22.11, 29.11

Dezember: 06.12, 13.12, 20.12, 27.12

 

Ufank vun der Visitt: 15:00 Auer

 

Dauer: +/- 1 Stonn

 

Ouni Reservatioun (jee nodeem, wéi vill Plaze fräi sinn; fir Är Plazen ze sécheren, gëtt recommandéiert eng Reservatioun ze maachen)

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Präis: 1 Persoun: 10 € (Entrée fir de Musée abegraff). Kanner ab 13 Joer: 5 €. Kanner ënner 13 Joer: Gratis

 

Sproochen: LU, FR, DE, EN (d’Sprooch vun der guidéierter Visitt hänkt vun der Sprooch vun der Majoritéit vun de Visiteuren of)

 

Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis

Samedis,

Mars : 15.03, 29.03

Avril : 12.04, 19.04, 26.04

Mai : 24.05, 31.05

Juin : 07.06, 14.06, 28.06

Juillet : 05.07, 12.07, 19.07, 26.07

Septembre : 06.09, 13.09, 20.09, 27.09

Octobre : 04.10, 11.10, 18.10, 25.10

Novembre : 08.11, 15.11, 22.11, 29.11

Décembre : 06.12, 13.12, 20.12, 27.12

 

Départ de la visite : 15h

 

Durée : +/- 1 heure

 

Sans réservation (dans la limite des places disponibles ; pour assurer vos places, il est recommandé de faire une réservation)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Prix : 1 personne : 10 € (Entrée du Musée inclus). Enfants à partir de 13 ans : 5 €. Enfants -13 ans : Gratuit

 

Langues : LU, FR, DE, EN (la langue de la visite guidée dépend de la majorité des visiteurs présents)

 

Accessible partiellement aux personnes à mobilité réduite, nous contacter

20. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren nach emol op!

Chrëschtdag ass em den Eck, a wat dierf an dëser Zäit net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir invitéiert de Musée « A Possen » d’Kanner vu 6 bis 12 Joer de 20. Dezember op en Atelier. Begleet vun eiser Mediatrice hunn si d’Geleeënheet , eng Gamme vu Kichelcher an alle méigleche Formen a Faarwen ze baken an ze dekoréieren. A well dës lecker Kreatiounen natierlech matt heem ze huele sinn, kann all Kand am Uschloss seng eege Kichelcherskëscht hierstellen a personaliséieren!

Noël arrive à grands pas, et devinez ce qui est incontournable pendant cette période ? Les biscuits, évidemment ! Le musée « A Possen » invite donc les enfants de 6 à 12 ans à venir participer à un atelier le 20 décembre. Accompagnés de notre médiatrice, ils auront l’occasion de préparer et décorer une gamme de biscuits aux formes et couleurs variées. Et comme ces savoureuses créations doivent absolument être emportées chez soi, chaque enfant pourra réaliser et personnaliser sa propre boîte à biscuits après la cuisson !

Samschdes, de 20 Dezember.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis : 25 €

Samedi 20 décembre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 25 euros

13. Dezember – D’Bakstuff vum Musée « A Possen » mécht hir Dieren op!

Chrëschtdag ass em den Eck, a wat dierf an dëser Zäit net feelen? Genau, Kichelcher! Dofir invitéiert de Musée « A Possen » d’Kanner vu 6 bis 12 Joer de 13. Dezember op en Atelier. Begleet vun eiser Mediatrice hunn si d’Geleeënheet , eng Gamme vu Kichelcher an alle méigleche Formen a Faarwen ze baken an ze dekoréieren. A well dës lecker Kreatiounen natierlech matt heem ze huele sinn, kann all Kand am Uschloss seng eege Kichelcherskëscht hierstellen a personaliséieren!

Noël arrive à grands pas, et devinez ce qui est incontournable pendant cette période ? Les biscuits, évidemment ! Le musée « A Possen » invite donc les enfants de 6 à 12 ans à venir participer à un atelier le 13 décembre. Accompagnés de notre médiatrice, ils auront l’occasion de préparer et décorer une gamme de biscuits aux formes et couleurs variées. Et comme ces savoureuses créations doivent absolument être emportées chez soi, chaque enfant pourra réaliser et personnaliser sa propre boîte à biscuits après la cuisson !

Samschdes, de 13 Dezember.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis : 25 €

Samedi 13 décembre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 25 euros

29. November – Mir baken e Boxemännchen!

Den 29. November hu Kanner vum 6 bis 12 Joer d’Geleeënheet, hiren eegenen Boxemännchen an engem kreativen Atelier ze baken. Mat der Hëllef vun eiser Mediatrice gëtt en Dech op Basis vu wäissem Kéis virbereet, ausgerullt, an op seng charakteristesch Boxemännchen-Form ausgestach. All Kand ka säi Boxemännche mat Roséngen an enger klenger Tounpäif dekoréieren. No dem Bake gëtt d’Gebäck an enger selwer dekoréierter Tut verpak, sou datt all Kand säi Boxemännche sécher mat heem huele kann. E kreativen Nomëtte voller Spaass a leckerem Gebäck!

Le 29 novembre, les enfants âgés de 6 à 12 ans auront la possibilité de préparer leurs propres « Boxemännchen » dans le cadre d’un atelier créatif. Avec l’aide de notre médiatrice, une pâte à base de fromage blanc  sera préparée, étalée, et les bonhommes seront découpés dans leur forme caractéristique. Chaque enfant pourra décorer son « Boxemännchen » avec des raisins secs et une petite pipe en argile. Après la cuisson, les œuvres finies seront emballées dans un sachet décoré avec soin, que les enfants pourront emporter chez eux. Un après-midi créatif rempli de plaisir et de délicieuses pâtisseries !

Samschdes, de 29 November.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis : 25 €

Samedi 29 novembre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 25 euros

22. November – Schneiden, Falen, Pechen – Kreéier deng Pop-up-Kaart fir d’Adventszäit!

Den 22. November bitt de Musée « A Possen » en Atelier fir all Generatiounen un, wou jidderee seng eege Pop-up-Kaart ka gestalten. Rechtzäiteg fir d’Adventszäit gi mat Hëllef vu faarwegem Pabeier, Schéieren, Pech an enger Prise Fantasie wonnerschéin 3D-Kreatiounen zum Liewen erwächt. Eng fonkelnd Chrëschtszeen, e festleche Stär oder e schéine Chrëschtbeemchen? D’Participantë wielen hiert Liblingsmotiv a setzen et Schrëtt fir Schrëtt ëm. Beim Schneiden, Falen a Pechen entdecken si spilleresch verschidde Gestaltungstechniken a kënnen hir Kaart ganz nom eegene Goût personaliséieren. Dësen Atelier ass eng wonnerbar Geleeënheet, fir seng eege Kreativitéit auszedrécken an eng eenzegaarteg Kaart ze gestalten – entweder fir ze verschenken oder als Erënnerungsstéck selwer ze halen. Den Nomëtteg gëtt mat enger klenger Kaffispaus ofgeronnt.

Le 22 novembre, le musée « A Possen » propose un atelier intergénérationnel où chacun pourra concevoir sa propre carte pop-up. Juste à temps pour l’Avent, de magnifiques créations en 3D prendront vie grâce à du papier coloré, des ciseaux, de la colle et une touche de fantaisie. Scène de Noël scintillante, étoile festive ou sapin joyeux ? Les participants choisiront leur motif préféré et le réaliseront étape par étape. En découpant, pliant et collant, ils découvriront de manière ludique diverses techniques de création et personnaliseront leur carte à leur goût. Cet atelier est une belle occasion d’exprimer sa créativité tout en confectionnant une carte unique, à offrir ou à conserver précieusement. L’près-midi sera agrémenté d’un petit goûter.

Samschdes, den 22. November

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 22 novembre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

25. Oktober – De Brauch vum « Trauliicht » – E kreativen Atelier fir Kanner

Et ass eng Traditioun! Och dëst Joer invitéiert de Musée « A Possen » erëm op de Brauch vum « Trauliicht » an. De Samschdeg, 25. Oktober, hu Kanner vu 6 bis 12 Joer d’Geleeënheet, aktiv un dësem faszinéierende Brauch deelzehuelen. Zesumme mat eiser Mediatrice léieren déi jonk Participante, wéi een aus enger Rommel en « Trauliicht » zaubert. Als éischt gëtt d’Rommel ausgehielegt, ier d’Kanner e grujelegt Gesiicht schnëtzen, dat dem « Trauliicht » Liewe verleit. Um Enn vum kreativen Nomëtte kann all Kand stolz säi « Trauliicht » – e klengt Konschtwierk, dat extra grujeleg dekoréiert gouf – mat Heem huelen. Den Nomëtte gëtt mat enger kulinarescher Paus ofgerënnt: D’Geméisreschter ginn zu enger leckerer Zopp weiderverwäert, déi de jonke Kënschtler:innen no der kreativer Aarbecht nei Energie gëtt. Natierlech sinn all d’Participanten invitéiert, sech fir dës besonnesch Geleeënheet ze verkleeden! E spannenden a kreativen Nomëtte voller Spaass, Kreéieren a leckerem Iessen.

C’est une tradition ! Cette année encore, le Musée « A Possen » célèbre le coutume du « Trauliicht ». Le samedi 25 octobre, les enfants âgés de 6 à 12 ans auront l’occasion de participer activement à cette tradition fascinante. Avec l’aide de notre médiatrice, les jeunes participants apprendront étape par étape comment transformer une betterave en un « Trauliicht ». Au début de l’atelier, la betterave est vidé, puis les enfants créent et sculptent une grimace effrayante qui donnera vie à leur « Trauliicht ». À la fin de cet après-midi créatif, chaque enfant repartira fièrement avec son propre « Trauliicht » – une véritable œuvre d’art qui se voudra effrayante ! Ce moment sera agrémenté d’une petite pause gourmande : les restes de légumes seront transformés en une délicieuse soupe qui redonnera de l’énergie aux jeunes participants après leur effort de création. Et bien sûr, tous les petits visiteurs sont invités à se déguiser pour cette occasion spéciale ! Un après-midi passionnant et créatif, rempli de plaisir, de travaux manuels et de délicieuses gourmandises.

Samschdes, de 25 Oktober.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis : 25 €

Samedi 25 octobre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 25 euros

11. & 18. Oktober – Loosst eis zesummen eng traditionell « Halette » bitzen!

Den 11. an 18. Oktober si Kleng  (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen) a Grouss häerzlech invitéiert, un engem intergenerationellen Atelier deelzehuelen, deen Austausch, Entdeckung a Kreativitéit vereent.

Wärend zwee Nomëtteger (vu 14:00 bis 17:00 Auer) léiere mir zesummen, wéi een eng « Halette » bitzt – eng traditionell Kappbedeckung, déi fréier gedroe gouf, fir sech géint d’Sonn ze schützen.

D’« Halette » ass liicht a praktesch, huet Kapp a Schëllere bedeckt, an ee gudde Schutz bei der Aarbecht am Freie gebueden. Gläichzäiteg huet si dat handwierklecht a kulturellt Wëssen erëmgespigelt, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf. Dës Kappbedeckung ass typesch fir d’Sitten a Bräich vun der Muselregioun a gehéiert zur traditioneller Fraebekleedung.

Dëse kreativen Atelier ass eng flott Geleeënheet, fir Brécken tëschent de Generatiounen ze schloen an engem alen Handwierk nei Dynamik ze ginn. Egal ob Dir just ufänkt oder scho méi Erfarung matbréngt – dësen Atelier ass fir jiddereen op! Eis Mediatrice begleet Iech Schrëtt fir Schrëtt, a jidderee geet mat senger eegener Kreatioun Heem.

E klénge Maufel wäert dës zwee gemittlech Nomëtteger ofschléissen.

Le 11 et 18 octobre, petits (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création) et grands sont chaleureusement invités à participer à un atelier intergénérationnel mêlant partage, découverte et création.
Durant deux après-midi (de 14h à 17h), nous prendrons le temps d’apprendre ensemble à coudre une hâlette, une coiffe traditionnelle utilisée autrefois pour se protéger du soleil.
Légère et pratique, la hâlette couvrait la tête et les épaules, offrant une protection efficace lors des travaux en extérieur tout en reflétant le savoir-faire textile de nos anciens. Cette coiffe est caractéristique des us et coutumes mosellans, et de l’habit féminin traditionnel.
Ce moment convivial sera l’occasion de tisser des liens entre les générations, tout en redonnant vie à un geste du passé. Que vous soyez amateur ou couturier plus aguerri, cet atelier original est fait pour vous, et vous serez guidé par notre médiatrice. Chacun repartira avec sa création à la fin de l’atelier. L’histoire est vivante, et au cours de cet atelier, vous y participerez !
Un petit goûter complètera ces deux après-midis chaleureux !

Samschdes, den 11. an 18. Oktober

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir jiddereen (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu

 

Präis pro Persoun fir béid Deeg: 60€

Samedi 11 et 18 octobre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Pour tous (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix par personne pour les deux jours : 60€

20. September – Kreéiere mat a fir d’Natur!

Den 20. September invitéiert de Musée « A Possen » Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer op e kreativen Atelier. Zesumme mam eiser Mediatrice léieren déi jonk Participanten, passend zur Saison, Weidekränz ze bannen a selwergemaachent Vugel-Fudder ze preparéieren. Aus natierleche Materialien entstinn dekorativ Kränz, déi sech mat Vugel-Fudder verbanne loossen. Sou gestalten d’Kanner hiren eege Meiseknödelhalter – eng praktesch Sëtzstaang a Fudderquell zugläich. Eng spilleresch a léierräich Aktivitéit, déi d’Naturverbonnenheet stäerkt an handwierklech Fäegkeete fërdert.

Le 20 septembre, le Musée « A Possen » invite les enfants âgés de 6 à 12 ans à un atelier créatif. Accompagnés de notre médiatrice, les jeunes participants apprendront, en accord avec la saison, à tresser des couronnes en osier et à fabriquer eux-mêmes de la nourriture pour oiseaux. À partir de matériaux naturels, ils créeront des couronnes décoratives pouvant être associées à de la nourriture pour oiseaux. Ainsi, chaque enfant réalisera son propre support pour boules de graisse, qui servira à la fois de perchoir et de source de nourriture. Une activité ludique et éducative qui renforce le lien avec la nature et développe l’habileté manuelle.

Samschdes, de 20 September.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis : 25 €

Samedi 20 septembre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 25 euros

13. September – Vum Uebst zum Jus: Et ass Zäit fir « Viz »!

De Samschdeg, den 13. September, invitéiert de Musée « A Possen » Kleng a Grouss op en intergenerationellen Atelier, deem der Hierstellung vu frësch gepresstem Viz gewidmet ass. D’Participanten entdecken zesummen de traditionelle Pressvirgang – vun der Auswiel vun den Äppel iwwer d’Schneiden an Zerklengere bis hin zur Gewënnung vum séisse Jus. Wien wëll, ka säi frësch gepresste Jus haltbar maachen a mat engem handgemaachte Label personaliséieren. Erlieft eng onvergiesslech Erfarung, déi Handwierk, Kreativitéit a Freed vereent! E klengen Nomëttessnack wäert dësen Nomëtte, dee ganz am Zeeche vum Genoss steet, ofronnen.

Samedi 13 septembre, le Musée « A Possen » invite petits et grands à un atelier intergénérationnel spécial dédié à la fabrication de jus de pomme frais. Les participants découvriront ensemble le processus traditionnel du pressage du jus – depuis la sélection des pommes, leur découpe et leur broyage, jusqu’à l’extraction du doux nectar. Ceux qui le souhaitent pourront conserver leur jus fraîchement pressé et le personnaliser avec une étiquette faite main. Vivez une expérience inoubliable mêlant savoir-faire, créativité et plaisir ! Un petit goûter agrémentera cet après-midi placé sous le signe de la gourmandise.

Samschdes, den 13. September

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 13 septembre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.