Via Mosel 2026 – 18. & 19. Abrëll: Eng architektonesch Schatzjuegd am Musée « A Possen »

Maacht Iech am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel op eng spannend Entdeckungsrees a lëft d’Geheimnisser vun den historeschen Haiser am Musée « A Possen »! Ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn:dinnen – entdeckt dëst eenzegaartegt kulturellt Ierwen am Häerz vun der lëtzebuergescher Muselregioun mat Hëllef vun engem Rätselheft, dat vill spannend Quizzer a Froen iwwer d‘Architektur an d’Liewen aus vergaangenen Zäiten enthält. All richteg Äntwert bréngt Iech dem Schatz e Stéck méi no … enger séisser, schockelazeger Belounung! Eng spilleresch a genossvoll Aventure fir kleng a grouss Entdecker:innen!

 

No der Entdeckungsrees gëtt Iech an der Wäistuff « Possenhaus », nierft dem Musée, e Patt Miseler Wäin offréiert (beim Virweise vum Entréesbilljee vum Musée). An wéi wier et mat engem klenge Maufel dobäi? De ganzen Nomëtteg iwwer (bis 17:00 Auer) proposéiert d’Wäistuff Iech och en Teller traditionell Kniddele mat Ram a Speck fir 10 €.

Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, partez à l’aventure et percez les secrets architecturaux des anciennes maisons du Musée « A Possen » ! Seul(e), en famille ou entre ami(e)s, explorez ce patrimoine unique au cœur de la Moselle luxembourgeoise grâce à un livret-jeu rempli d’énigmes et de questions sur l’architecture et la vie d’autrefois. Chaque bonne réponse vous rapproche du trésor… une délicieuse récompense chocolatée ! Un parcours ludique et gourmand pour petit(e)s et grand(e)s curieux/ses.

 

Après la découverte, un verre de vin mosellan vous sera offert à la « Wäistuff Possenhaus » voisine du musée (sur présentation du billet d’entrée au musée). Et pourquoi ne pas l’accompagner d’une petite collation ? Tout au long de l’après-midi (jusqu’à 17h00), la « Wäistuff » vous propose également une assiette traditionnelle de « Kniddelen » à la crème et aux lardons au prix de 10 €.

Samschdes, den 18. Abrëll a Sonndes den 19. Abrëll

 

Vun 10:00 bis 18:00 (zou vun 12:30 bis 13:00; Dauer vum Tuer ca. 45 Minutten Dauer)

 

Sprooch vum Spillheft: LU, FR, DE an EN

 

Fir all Altersklassen (d‘Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Ouni Reservatioun

 

Präis: 5 € am Präis vum Entréesbilljee abegraff (gratis fir Kanner)

Samedi 18 avril et dimanche 19 avril

 

De 10h00 à 18h00 (fermeture entre 12h30 et 13h00 ; durée du parcours env. 45 minutes)

 

Langue du livret-jeu : LU, FR, DE et EN

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Sans réservation

 

Tarif : 5 € compris dans le prix du billet d’entrée (gratuit pour les enfants)

Via Mosel 2026 – 18.Abrëll: Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier! – Guidéiert Visitt

Reest am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel an d’Vergaangenheet an entdeckt déi traditionell Architektur vun der ländlecher Wunnkultur am Muselraum. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vun der Architektur iwwer d’Joerhonnerten erfuersche kënnt.

 

Vum Possenhaus iwwer de Wëttelsschapp bis hin zum Uedemshaus – all Steen erzielt seng eege Geschicht an dréit zu eisem wäertvolle Patrimoine bäi. Entdeckt dës geschichtsträchteg Plazen zesumme mat eisem Guide a loosst Iech vun enger eenzegaarteger Erfarung verzauberen, bis an déi verstopptste Wénkele vum Musée.

 

No der Visitt gëtt Iech an der Wäistuff « Possenhaus » e Patt Miseler Wäin offréiert (beim Virweise vum Entréesbilljee vum Musée). An wéi wier et mat engem klenge Maufel dobäi? De ganzen Nomëtteg iwwer (bis 17:00 Auer) proposéiert d’Wäistuff Iech och en Teller traditionell Kniddele mat Ram a Speck fir 10 €.

Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, voyagez dans le temps et explorez l’architecture traditionnelle de l’habitat rural mosellan. Le Musée « A Possen » vous propose de participer à une visite guidée et conviviale à la découverte de ses différentes maisons, de leurs secrets de construction et de l’évolution de l’architecture au fil des siècles.

 

Du Possenhaus au Wëttelsschapp, en passant par l’Uedemshaus, chaque pierre dévoile une part précieuse de notre patrimoine. Explorez avec notre guide ces lieux chargés d’histoire et laissez-vous transporter par une expérience unique, jusque dans les moindres recoins du musée.

 

Après la visite, un verre de vin mosellan vous sera offert à la « Wäistuff Possenhaus » voisine du musée (sur présentation du billet d’entrée au musée). Et pourquoi ne pas l’accompagner d’une petite collation ? Tout au long de l’après-midi (jusqu’à 17h00), la « Wäistuff » vous propose également une assiette traditionnelle de « Kniddelen » à la crème et aux lardons au prix de 10 €.

Samschdes, den 18. Abrëll

 

Depart um : 11:00, 14:30 a 16:00 (Dauer ca. 45 Minutten)

 

Sprooch: LU, FR, DE, EN (d‘Sprooch passt sech der Majoritéit vun de Visiteuren un)

 

Fir all Altersklassen (d‘Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

An der Limitt vun de verfügbare Plazen. Eng Reservatioun ass recommandéiert per Telefon um, +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis: 10 € pro Erwuessenen; 5 € pro Kand > 13 Joer; gratis fir Kanner < 13 Joer

Samedi 18 avril

 

Départ à 11h00, 15h00 et 16h30 (durée env. 45 minutes)

 

Langue: LU, FR, DE ou EN (la langue sera adaptée à la majorité des visiteurs)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Dans la limite des places disponibles. Réservation conseillée par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Tarif : 10 € par adulte ; 5 € par enfant > 13 ans ; gratuit pour les enfants < 13 ans

18. Abrëll – Mir knëppen en Eeërbecher!

Am Afterglow vun Ouschtere bitt de Musée « A Possen » den 18. Abrëll en Atelier fir Kléng a Grouss un (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) an deem un der Säit vun eiser Mediatrice an ënnert Uwendung vun der Makrameestechnik een oder méi Eeërbecher geknëppt ginn. E gemittlechen Atelier, deen de Participante Knuet fir Knuet eng al Handaarbechtstechnik méi nobréngt, bis e flotten Objet fir doheem entsteet. Eng kleng Stäerkung mat engem Gedrénks an enger Knabberei wäert dëse gesellegen Nomëtten ofronnen!

Dans le prolongement de Pâques, le Musée « A Possen » propose le 18 avril un atelier pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) au cours duquel, aux côtés de notre médiatrice et en utilisant la technique du macramé, un ou plusieurs coquetiers seront réalisés. Un atelier convivial, qui permet aux participants, nœud après nœud, de découvrir une ancienne technique artisanale jusqu’à obtenir un bel objet à emporter chez soi. Une petite collation avec une boisson et une gourmandise complètera cet après-midi convivial !

Samschdes, den 18 Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17:30 Auer

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer

Samedi 18 avril.

 

De 14h à 17h30

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans

2. Abrëll / 3. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »

De Musée « A Possen » invitéiert Kanner tëscht 6 a 12 Joer op säin traditionellen Ouschteratelier, deen vum 2. bis den 3. Abrëll stattfënnt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). Den éischten Dag vum Atelier gëtt mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterkranz aus engem Wäisse-Kéis-Dech gebak. Dono ginn Eeër ënnert der Uwendung vun Naturmaterialien a Planze gefierft an unhand vu verschiddenen Techniken dekoréiert. Den zweeten Dag vum Atelier gëtt dann e passend Ouschternascht aus Stoff hiergestallt, woubäi d‘Technik vum Wiewen ugewant gëtt. Sou kann den Ouschterhues kommen!

Le Musée « A Possen » invite les enfants de 6 à 12 ans à son traditionnel atelier de Pâques, qui se déroule du 2 au 3 avril (il n’est pas obligatoire de participer aux deux jours).
Le premier jour de l’atelier, avec l’aide de notre médiatrice, une couronne de Pâques en pâte de fromage blanc sera réalisée. Ensuite, les œufs seront teints à l’aide de matériaux naturels et de plantes, puis décorés selon différentes techniques. Le deuxième jour, un nid de Pâques approprié en tissu sera fabriqué, en utilisant la technique du tissage. Ainsi, le lapin de Pâques pourra venir !

Donneschdes, den 2. Abrëll an / oder Freides den 3. Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 1 Dag 25 € ; 2 Deeg 45€

Jeudi 2 avril et / ou Vendredi 3 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 jour 25 euros ; 2 jours 45 euros

31. Mäerz / 1. Abrëll – Mir feieren Ouschteren am Musée « A Possen »

De Musée « A Possen » invitéiert Kanner tëscht 6 a 12 Joer op säin traditionellen Ouschteratelier, deen vum 31. Mäerz bis 1. Abrëll stattfënnt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). Den éischten Dag vum Atelier gëtt mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterkranz aus engem Wäisse-Kéis-Dech gebak. Dono ginn Eeër ënnert der Uwendung vun Naturmaterialien a Planze gefierft an unhand vu verschiddenen Techniken dekoréiert. Den zweeten Dag vum Atelier gëtt dann e passend Ouschternascht aus Stoff hiergestallt, woubäi d‘Technik vum Wiewen ugewant gëtt. Sou kann den Ouschterhues kommen!

Le Musée « A Possen » invite les enfants de 6 à 12 ans à son traditionnel atelier de Pâques, qui se déroule du 31 mars au 1er avril (il n’est pas obligatoire de participer aux deux jours). Le premier jour de l’atelier, avec l’aide de notre médiatrice, une couronne de Pâques en pâte de fromage blanc sera réalisée. Ensuite, les œufs seront teints à l’aide de matériaux naturels et de plantes, puis décorés selon différentes techniques. Le deuxième jour, un nid de Pâques approprié en tissu sera fabriqué, en utilisant la technique du tissage. Ainsi, le lapin de Pâques pourra venir !

Dënschdes, den 31. Mäerz an / oder Mëttwochs den 1. Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 1 Dag 25 € ; 2 Deeg 45€

Mardi 31 mars et / ou Mercredi 1 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 jour 25 euros ; 2 jours 45 euros

21. Mäerz – Loosst eis kleng Sombommen hierstellen!

Samschdes, den 21. Mäerz, invitéiert de Musée « A Possen » Kanner tëscht 6 a 12 Joer op en Atelier, dee ganz am Zeeche vum Fréijoer steet. Zesumme mat eiser Mediatrice wäerten déi kleng Visiteure kleng Sombommen aus Tounäerd, Buedem, heemeschem Som an e bëssi Waasser hierstellen. Well d‘Geseems nach bis Abrëll – ab wou et geplanzt ka ginn – dréchne muss, gëtt am zweeten Deel vum Atelier eng passend Opbewahrungsbox hiergestallt, déi ganz nom eegene Goût bemoolt a dekoréiert ka ginn. Um Enn vum Nomëtte geet all Kand mat den néidegen Erklärungen heem, fir dass d’Blummen zum richtegen Zäitpunkt bléien an déi éischt Insekten empfänke kënnen!

Le samedi 21 mars, le Musée « A Possen » invite les enfants de 6 à 12 ans à un atelier placé sous le signe du printemps. Avec notre médiatrice, les petits visiteurs créeront leurs petites bombes à graines à partir d’argile, de terre, de graines locales et d’un peu d’eau. Comme la semence doit encore sécher jusqu’en avril – moment où elle pourra être plantée – une boîte de rangement appropriée sera fabriquée, peinte et décorée dans la deuxième partie de l’atelier. Chaque enfant repartira avec toutes les explications nécessaires, afin que les fleurs fleurissent au bon moment et puissent accueillir les premiers insectes !

Samschdes, den 21. Mäerz.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 21 mars.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

14. Mäerz – Eng gutt Botterschmier!

Wéi wier et emol mat engem méi kulinareschen Atelier am Musée « A Possen »? An eisem intergenerationellen Atelier vum 14. Mäerz, steet eng gutt Botterschmier um Menü! An engem éischte Schratt bake Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) un der Säit vun eiser Mediatrice heifir e Kärebrout. Ass dëst bis am Uewen, kann sech un engem Botterfaass probéiert, a soumat gesi ginn, wéi d’Leit deemools hire Botter hiergestallt hunn. Am nächste Schratt  geet et un d’Verfeineren an d’Forme vu Botter. Nodeems de Botter nom eegene Goût matt frësche Fréijoerskraider verfeinert gouf, gëtt en unhand vu spezielle Botterformen, an eng schéi Form bruecht a kann – agewéckelt an en eegens bemoolte Pabeier – matt heem geholl ginn. Ofgeschloss gëtt den Atelier mat enger Botterschmier, déi mir ons zesumme schmaache loossen!

Que diriez-vous d’un atelier culinaire au Musée « A Possen » ? Dans notre atelier intergénérationnel du 14 mars, la tartine de beurre sera à l’honneur ! Dans une première étape, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) apprendront, aux côtés de notre médiatrice, à confectionner un pain à la mie tendre. Une fois ce premier pas accompli, chacun pourra s’essayer au barattage et découvrir comment les gens fabriquaient leur beurre autrefois. L’étape suivante consistera à affiner et façonner du beurre. Après avoir été assaisonné selon vos goûts avec des herbes fraîches, le beurre sera moulé dans des formes spéciales et pourra être emporté à la maison, enveloppé dans un papier décoré par vos soins. L’atelier se clôturera par une dégustation de tartines de beurre préparées ensemble !

Samschdes, de 14. Mäerz

 

Vu 14 Auer bis 17:30 Auer

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer

Samedi 14 mars.

 

De 14h à 17h30

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans

28. Februar – D’Fuesboken si lass!

Zu Lëtzebuerg fänkt d’Fuesent mat Liichtmëssdag un a gëtt oft bis Halleffaaschtesonndeg gefeiert. Ma wéi eng Traditioun ass nieft de sëllege Schneekereie feste Bestanddeel vun der Fuesent? Sech verkleeden! Dofir gëtt an eisem Kanneratelier (fir Kanner tëscht 6 a 12 Joer) vum 28. Februar eng Bokemask aus Stoff kreéiert. Un der Säit vun eiser Mediatrice gëtt gezeechent, geschnidden, gebitzt an/oder gepecht, sou dass um Enn vum Mëtteg jidderee vun eise kléngen Designer seng eege Mask matt heem huelen an se um kommende Fuesbal weise kann!

Au Luxembourg, le carnaval commence le jour de la Chandeleur et se célèbre souvent jusqu’au Dimanche de mi-carême. Quelle tradition fait partie intégrante du carnaval, en plus de la dégustation de nombreuses friandises ? Se déguiser ! C’est pourquoi, le samedi 28 février, notre atelier pour enfants (6 à 12 ans) propose de confectionner un « Bokemask » (= un masque de carnaval) en tissu. Aux côtés de notre médiatrice, les enfants dessineront, découperont, peindront et/ou colleront leur création, de façon qu’à la fin de l’après-midi, chaque petit designer puisse repartir avec son masque et le montrer lors du prochain bal de carnaval !

Samschdes, den 28. Februar.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 28 février.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

7. Februar – Brodéiere wéi fréier!

« Brodéiere wéi fréier  » wäert d’Thema vun eisem intergenerationellen Atelier vu Samschdes, de 7. Februar, sinn. Un der Säit vun eiser Mediatrice brodéieren a personaliséiere Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) hiert eegent puer Strëmp, sief et traditionell matt den eegenen Initialen, oder awer matt engem anere flotte Motiv – der Kreativitéit si keng Grenze gesat! Eng kleng Stäerkung mat engem Gedrénks an enger Knabberei wäert dësen Nomëtten ofronnen!

« Broder comme autrefois » – sera le thème de  notre atelier intergénérationnel du samedi 7 février. Aux côtés de notre médiatrice, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pourront broder et personnaliser leurs propres chaussettes, que ce soit traditionnellement avec leurs initiales, ou avec un autre joli motif – la créativité n’a pas de limite ! Une petite pause autour d’une boisson et d’une gourmandise agrémentera cet après-midi !

Samschdes, de 7. Februar.

 

Vu 14 Auer bis 17:30 Auer

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn) 

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präisser: 30 € pro Erwuessenen ; 15 € pro Kand > 4 Joer ; gratis fir Kanner < 4 Joer

Samedi 7 février.

 

De 14h à 17h30

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Tarifs : 30 € par adulte ; 15 € par enfant > 4 ans ; gratuit enfant < 4 ans

30. Januar – Mysteriéisen Zwëschefall am Possenhaus: Dat verschwonnent Holz

Den 30. Januar, ab 17 Auer, si Kleng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) invitéiert, eng immersiv Aventure am Häerz vum 19. Joerhonnert z‘erliewen!

 

Am Duerf vu Bech-Maacher si d’Awunner:innen vum Possenhaus zréck doheem ukomm… ma wéi si d’Dier opmaachen, maachen si eng schrecklech Entdeckung: de Kuerf vum Brennholz ass eidel!

Ouni Holz ass et onméiglech, sech ze wiermen oder d’Iesse virzebereeden… A wéi wann dat net genuch wier, ass och nach e komescht Geräisch am Haus ze héieren…

 

Elo sidd Dir gefrot!

Gitt d’Detektive vum Possenhaus: verfollegt d’Indizien, ënnersicht all Eck vum Haus a léist d’Rätsel fir erauszefannen, wouhin d‘Brennholz verschwonnen ass…

 

Prett fir e mysteriéisen Owend am Musée? Rendez-vous an der mystescher schwaarzer Kiche vum Possenhaus fir d‘Geheimnis ze lëften…

Le 30 janvier, dès 17h, petits et grands (enfants accompagnés d’un adulte) sont invités à vivre une aventure immersive au cœur du XIXe siècle !

 

Dans le village de Bech-Kleinmacher, les habitants du Possenhaus sont de retour chez eux… mais en poussant la porte de leur maison, une terrible découverte les attend : le panier à bois est vide !

Sans lui, impossible de se chauffer ou de préparer le repas… Et comme si cela ne suffisait pas, un bruit étrange résonne dans la maison…

 

À vous de jouer !

Devenez les détectives du « Possenhaus » : suivez les indices, explorez chaque recoin et résolvez les énigmes pour découvrir où a disparu le fagot de bois.

 

Prêts pour une soirée mystérieuse au musée ? Rendez-vous dans la mythique cuisine noire du « Possenhaus » pour percer le secret…

Freides, den 30. Januar.

 

Vu 17 Auer bis 22 Auer (leschten Départ um 21:00 Auer, Start all 30 Minutten)

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen an Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

An der Limit vun de verfügbare Plazen. Eng Reservatioun ass recommandéiert per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präisser : 10 € pro Erwuessenen ; 5 € pro Kand > 13 Joer; gratis fir Kanner < 13 Joer

Vendredi 30 janvier.

 

De 17h à 22h. (dernier départ à 21h, départ toutes les 30 minutes)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Dans la limite des places disponibles. Réservation conseillée par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Tarifs : 10 € par adulte ; 5 € par enfant > 13 ans ; gratuit enfant < 13 ans