25. Oktober – De Brauch vum « Trauliicht » – E kreativen Atelier fir Kanner

Et ass eng Traditioun! Och dëst Joer invitéiert de Musée « A Possen » erëm op de Brauch vum « Trauliicht » an. De Samschdeg, 25. Oktober, hu Kanner vu 6 bis 12 Joer d’Geleeënheet, aktiv un dësem faszinéierende Brauch deelzehuelen. Zesumme mat eiser Mediatrice léieren déi jonk Participante, wéi een aus enger Rommel en « Trauliicht » zaubert. Als éischt gëtt d’Rommel ausgehielegt, ier d’Kanner e grujelegt Gesiicht schnëtzen, dat dem « Trauliicht » Liewe verleit. Um Enn vum kreativen Nomëtte kann all Kand stolz säi « Trauliicht » – e klengt Konschtwierk, dat extra grujeleg dekoréiert gouf – mat Heem huelen. Den Nomëtte gëtt mat enger kulinarescher Paus ofgerënnt: D’Geméisreschter ginn zu enger leckerer Zopp weiderverwäert, déi de jonke Kënschtler:innen no der kreativer Aarbecht nei Energie gëtt. Natierlech sinn all d’Participanten invitéiert, sech fir dës besonnesch Geleeënheet ze verkleeden! E spannenden a kreativen Nomëtte voller Spaass, Kreéieren a leckerem Iessen.

C’est une tradition ! Cette année encore, le Musée « A Possen » célèbre la coutume du « Trauliicht ». Le samedi 25 octobre, les enfants âgés de 6 à 12 ans auront l’occasion de participer activement à cette tradition fascinante. Avec l’aide de notre médiatrice, les jeunes participants apprendront étape par étape comment transformer une betterave en un « Trauliicht ». Au début de l’atelier, la betterave est vidée, puis les enfants créent et sculptent une grimace effrayante qui donnera vie à leur « Trauliicht ». À la fin de cet après-midi créatif, chaque enfant repartira fièrement avec son propre « Trauliicht » – une véritable œuvre d’art qui se voudra effrayante ! Ce moment sera agrémenté d’une petite pause gourmande : les restes de légumes seront transformés en une délicieuse soupe qui redonnera de l’énergie aux jeunes participants après leur effort de création. Et bien sûr, tous les petits visiteurs sont invités à se déguiser pour cette occasion spéciale ! Un après-midi passionnant et créatif, rempli de plaisir, de travaux manuels et de délicieuses gourmandises.

Samschdes, de 25 Oktober.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 25 octobre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

11. & 18. Oktober – Loosst eis zesummen eng traditionell « Halette » bitzen!

Den 11. an 18. Oktober si Kleng  (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen) a Grouss häerzlech invitéiert, un engem intergenerationellen Atelier deelzehuelen, deen Austausch, Entdeckung a Kreativitéit vereent.

Wärend zwee Nomëtteger (vu 14:00 bis 17:00 Auer) léiere mir zesummen, wéi een eng « Halette » bitzt – eng traditionell Kappbedeckung, déi fréier gedroe gouf, fir sech géint d’Sonn ze schützen.

D’« Halette » ass liicht a praktesch, huet Kapp a Schëllere bedeckt, an ee gudde Schutz bei der Aarbecht am Freie gebueden. Gläichzäiteg huet si dat handwierklecht a kulturellt Wëssen erëmgespigelt, dat vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf. Dës Kappbedeckung ass typesch fir d’Sitten a Bräich vun der Muselregioun a gehéiert zur traditioneller Fraebekleedung.

Dëse kreativen Atelier ass eng flott Geleeënheet, fir Brécken tëschent de Generatiounen ze schloen an engem alen Handwierk nei Dynamik ze ginn. Egal ob Dir just ufänkt oder scho méi Erfarung matbréngt – dësen Atelier ass fir jiddereen op! Eis Mediatrice begleet Iech Schrëtt fir Schrëtt, a jidderee geet mat senger eegener Kreatioun Heem.

E klénge Maufel wäert dës zwee gemittlech Nomëtteger ofschléissen.

Le 11 et 18 octobre, petits (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création) et grands sont chaleureusement invités à participer à un atelier intergénérationnel mêlant partage, découverte et création.
Durant deux après-midi (de 14h à 17h), nous prendrons le temps d’apprendre ensemble à coudre une hâlette, une coiffe traditionnelle utilisée autrefois pour se protéger du soleil.
Légère et pratique, la hâlette couvrait la tête et les épaules, offrant une protection efficace lors des travaux en extérieur tout en reflétant le savoir-faire textile de nos anciens. Cette coiffe est caractéristique des us et coutumes mosellans, et de l’habit féminin traditionnel.
Ce moment convivial sera l’occasion de tisser des liens entre les générations, tout en redonnant vie à un geste du passé. Que vous soyez amateur ou couturier plus aguerri, cet atelier original est fait pour vous, et vous serez guidé par notre médiatrice. Chacun repartira avec sa création à la fin de l’atelier. L’histoire est vivante, et au cours de cet atelier, vous y participerez !
Un petit goûter complètera ces deux après-midis chaleureux !

Samschdes, den 11. an 18. Oktober

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir jiddereen (vun 12 Joer u; Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn a selwer un hirer Kreatioun schaffe kënnen)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis pro Persoun fir béid Deeg: 60€

Samedi 11 et 18 octobre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Pour tous (à partir de 12 ans ; les enfants doivent être accompagnés d’un adulte et doivent être capables de travailler sur leur propre création)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix par personne pour les deux jours : 60€

27. September – JEP – Visite guidée: Entdeckt d’Séil vun der Musel duerch hir historesch Gebaier!

Reest am Kader vun de Journées Européennes du Patrimoine Luxembourg an d’Vergaangenheet an entdeckt d’traditionell Architektur vum ländleche Liewen an der Muselregioun. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vun der Architektur iwwer d’Joerhonnerten erfuersche kënnt.

Vum Possenhaus iwwer de Wëttelsschapp bis hin zum Uedemshaus – all Steen erzielt seng eege Geschicht an dréit zu eisem wäertvolle Patrimoine bäi. Entdeckt dës geschichtsträchteg Plazen zesumme mat eisem Guide a loosst Iech vun enger eenzegaarteger Erfarung verzauberen, bis an déi verstopptste Wénkele vum Musée.

E Samschdeg de 27. September an e Sonndeg den 28. September ass d’Entrée fir an de Musée gratis! E Spillheft wäert Iech zur Verfügung stoe mat deem dir d’Geschicht vun de verschiddenen Haiser vum Musée entdecke kënnt, di Zäitzeie vun der traditioneller Architektur vun der Muselregioun sinn.

Dans le cadre des Journées européennes du patrimoine, voyagez dans le temps et explorez l’architecture traditionnelle de l’habitat rural mosellan. Le Musée « A Possen » vous propose de participer à une visite guidée conviviale à la découverte de ses différentes maisons, de leurs secrets de construction et de l’évolution de l’architecture au fil des siècles.

Du Possenhaus au Wëttelsschapp, en passant par l’Uedemshaus, chaque pierre dévoile une part précieuse de notre patrimoine. Explorez avec notre guide ces lieux chargés d’histoire et laissez-vous transporter par une expérience unique, jusque dans les moindres recoins du musée.

Samedi 27/09 et dimanche 28/09, l’entrée au Musée est gratuite ! Un livret-jeu à votre disposition vous permettra aussi de découvrir l’histoire des différentes maisons du Musée, témoins de l’architecture traditionnelle de la Moselle.

Samschdes 27. September

 

Guidéiert  Visitt:

Départ um: 10:30 , 14:30, 16:30 Auer

 

Dauer: +/- 1 Stonn

 

Ouni Reservatioun (jee nodeem, wéi vill Plaze fräi sinn; fir Är Plazen ze sécheren, gëtt recommandéiert eng Reservatioun ze maachen)

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Präis: Gratis

 

Sproochen: LU, FR, DE, EN (d’Sprooch vun der guidéierter Visitt hänkt vun der Sprooch vun der Majoritéit vun de Visiteuren of)

 

Deelweis zougänglech fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, kontaktéiert eis

Samedi 27 septembre

 

Visite guidée:

Départ de la visite : 10h30, 14h30, 16h30

 

Durée : +/- 1 heure

 

Sans réservation (dans la limite des places disponibles ; pour assurer vos places, il est recommandé de faire une réservation)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Prix :  Gratuit

 

Langues : LU, FR, DE, EN (la langue de la visite guidée dépend de la majorité des visiteurs présents)

 

Accessible partiellement aux personnes à mobilité réduite, nous contacter

20. September – Kreéiere mat a fir d’Natur!

Den 20. September invitéiert de Musée « A Possen » Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer op e kreativen Atelier. Zesumme mam eiser Mediatrice léieren déi jonk Participanten, passend zur Saison, Weidekränz ze bannen a selwergemaachent Vugel-Fudder ze preparéieren. Aus natierleche Materialien entstinn dekorativ Kränz, déi sech mat Vugel-Fudder verbanne loossen. Sou gestalten d’Kanner hiren eege Meiseknödelhalter – eng praktesch Sëtzstaang a Fudderquell zugläich. Eng spilleresch a léierräich Aktivitéit, déi d’Naturverbonnenheet stäerkt an handwierklech Fäegkeete fërdert.

Le 20 septembre, le Musée « A Possen » invite les enfants âgés de 6 à 12 ans à un atelier créatif. Accompagnés de notre médiatrice, les jeunes participants apprendront, en accord avec la saison, à tresser des couronnes en osier et à fabriquer eux-mêmes de la nourriture pour oiseaux. À partir de matériaux naturels, ils créeront des couronnes décoratives pouvant être associées à de la nourriture pour oiseaux. Ainsi, chaque enfant réalisera son propre support pour boules de graisse, qui servira à la fois de perchoir et de source de nourriture. Une activité ludique et éducative qui renforce le lien avec la nature et développe l’habileté manuelle.

Samschdes, de 20 September.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 20 septembre.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

13. September – Vum Uebst zum Jus: Et ass Zäit fir « Viz »!

De Samschdeg, den 13. September, invitéiert de Musée « A Possen » Kleng a Grouss op en intergenerationellen Atelier, deem der Hierstellung vu frësch gepresstem Viz gewidmet ass. D’Participanten entdecken zesummen de traditionelle Pressvirgang – vun der Auswiel vun den Äppel iwwer d’Schneiden an Zerklengere bis hin zur Gewënnung vum séisse Jus. Wien wëll, ka säi frësch gepresste Jus haltbar maachen a mat engem handgemaachte Label personaliséieren. Erlieft eng onvergiesslech Erfarung, déi Handwierk, Kreativitéit a Freed vereent! E klengen Nomëttessnack wäert dësen Nomëtte, dee ganz am Zeeche vum Genoss steet, ofronnen.

Samedi 13 septembre, le Musée « A Possen » invite petits et grands à un atelier intergénérationnel spécial dédié à la fabrication de jus de pomme frais. Les participants découvriront ensemble le processus traditionnel du pressage du jus – depuis la sélection des pommes, leur découpe et leur broyage, jusqu’à l’extraction du doux nectar. Ceux qui le souhaitent pourront conserver leur jus fraîchement pressé et le personnaliser avec une étiquette faite main. Vivez une expérience inoubliable mêlant savoir-faire, créativité et plaisir ! Un petit goûter agrémentera cet après-midi placé sous le signe de la gourmandise.

Samschdes, den 13. September

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 13 septembre

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

19. – 22. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »

Vum 19. bis den 22. August mécht de Musée « A Possen » seng Diere nach emol op fir déi traditionell « Summerakademie », déi fir Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer geduecht ass. An enger entspaanter Atmosphär gi wonnerbar kleng Objeten aus einfache Materialien hiergestallt, an dat ënnert der Uwendung vum traditionellen Handwierksmethoden.

Déi éischt zwee Deeg (19. & 22.08.) preparéieren d’Kanner e Salzdeeg, aus deem si Schossele forme, déi mat Musteren a Faarwe personaliséiert ginn. Dono geet et an d’Kichen: Hei kachen si hiert eegent, frëscht Gebeess an, wat si a selwer dekoréiert Glieser offëllen, a baken hiert eegent Brout – eng kulinaresch Erfarung, déi mat Heem geholl ka ginn!

Déi lescht zwee Deeg (21. & 22.08.) sinn enner aanerem der Konscht vum Knëppe gewidmet. D’Kanner kënnen dekorativ Unhänger oder reng  Makramee-Blieder  kreéieren. De leschten Dag ginn dann zum Ofschloss Jute- oder Kottengsposchen personaliséiert – en Unikat mat faarwege Fiedem a kreativen Techniken.

D’Umeldung ass flexibel: Et ass méiglech, d’Deeg 1-2 an/oder 3-4 ze buchen.

Du 19 au 22 août, le Musée « A Possen » ouvre à nouveau ses portes pour sa traditionnelle « Summerakademie » destinée aux enfants de 6 à 12 ans. Dans une ambiance détendue, de magnifiques petits objets seront réalisés à partir de matériaux simples, dans le respect des traditions artisanales.

Les deux premiers jours (19 & 20.08.), après avoir préparé la pâte à sel, les enfants en confectionneront des bols aux  motifs et couleurs personnalisés. Ensuite, direction la cuisine : ils prépareront de la confiture fruitée, qu’ils verseront dans un bocal joliment décoré, et cuiront leur propre pain – une expérience gustative à emporter chez soi !

Les deux derniers jours (21 & 22.08.) seront consacrés à l’art du nœud. Les enfants créeront des pendentifs décoratifs ou de délicates feuilles en macramé. Pour finir, ils personnaliseront un sac en jute ou en coton – une pièce unique grâce à des fils colorés et des techniques créatives.

L’inscription est flexible : il est possible de réserver les jours 1-2 et/ou 3-4.

Vu Dënschdes, den 19 bis Freides den 22. August.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 45 € fir 2 Deeg / 75€ fir déi ganz Woch

Du Mardi 19 au vendredi le 22 Août.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 45 euros pour 2 jours / 75€ pour toute la semaine

5. – 8. August – Summerakademie am Musée « A Possen »

Vum 5. bis den 8. August mécht de Musée « A Possen » seng Diere fir déi traditionell « Summerakademie » op, déi fir Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer geduecht ass. An enger entspaanter Atmosphär gi wonnerbar kleng Objeten aus einfache Materialien hiergestallt, an dat ënnert der Uwendung vum traditionellen Handwierksmethoden.

Déi éischt zwee Deeg (05. & 06.08.) preparéieren d’Kanner e Salzdeeg, aus deem si Schossele forme, déi mat Musteren a Faarwe personaliséiert ginn. Dono geet et an d’Kichen: Hei kachen si hiert eegent, frëscht Gebeess an, wat si a selwer dekoréiert Glieser offëllen, a baken hiert eegent Brout – eng kulinaresch Erfarung, déi mat Heem geholl ka ginn!

 

Déi lescht zwee Deeg (07. & 08.08.) sinn enner aanerem der Konscht vum Knëppe gewidmet. D’Kanner kënnen dekorativ Unhänger oder reng  Makramee-Blieder  kreéieren. De leschten Dag ginn dann zum Ofschloss Jute- oder Kottengsposchen personaliséiert – en Unikat mat faarwege Fiedem a kreativen Techniken.

 

D’Umeldung ass flexibel: Et ass méiglech, d’Deeg 1-2 an/oder 3-4 ze buchen.

Du 5 au 8 août, le Musée « A Possen » ouvre ses portes pour sa traditionnelle « Summerakademie » destinée aux enfants de 6 à 12 ans. Dans une ambiance détendue, de magnifiques petits objets seront réalisés à partir de matériaux simples, dans le respect des traditions artisanales.

Les deux premiers jours (05 & 06.08.), après avoir préparé la pâte à sel, les enfants en confectionneront des bols aux  motifs et couleurs personnalisés. Ensuite, direction la cuisine : ils prépareront de la confiture fruitée, qu’ils verseront dans un bocal joliment décoré, et cuiront leur propre pain – une expérience gustative à emporter chez soi !

 

Les deux derniers jours (07 & 08.08.) seront consacrés à l’art du nœud. Les enfants créeront des pendentifs décoratifs ou de délicates feuilles en macramé. Pour finir, ils personnaliseront un sac en jute ou en coton – une pièce unique grâce à des fils colorés et des techniques créatives.

 

L’inscription est flexible : il est possible de réserver les jours 1-2 et/ou 3-4.

Vu Dënschdes, den 5 bis Freides den 8. August.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 45 € fir 2 Deeg / 75€ fir déi ganz Woch

Du Mardi 5 au vendredi le 8 Août.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 45 euros pour 2 jours / 75€ pour toute la semaine

19. Juli – Stellt Är eege Stoffobjeten hier!

Den 19. Juli invitéiert de Musée « A Possen » Kleng a Grouss op e kreative, intergenerationellen Atelier, wou jidderee d’Méiglechkeet huet, praktesch a nëtzlech Objeten aus Stoff ze gestalten. An enger entspaanter a geselleger Atmosphär léieren d’Participante mat der Hëllef vun eiser Mediatrice, d’Konscht vum Stoffveraarbechten kënnen. Si gi gewuer, wéi ee Stoffsträifen schneit, flecht a zesummesetzt, fir verschidden Objete, wéi e Behälter oder en Ënnersetzer, ze kreéieren. E kreative Moment voller Austausch a Gemeinschaft, bei deem um Enn all Participant mat sengen eegene Kreatiounen heem geet. Virgesinn ass natierlech och eng kleng Kaffispaus am Nomëtten.

Le 19 juillet, le musée « A Possen » invite petits et grands à participer à un atelier intergénérationnel créatif, où chacun pourra apprendre à fabriquer des objets pratiques et utiles en tissu. Dans une ambiance chaleureuse et conviviale, les participants, accompagnés de notre médiatrice, découvriront l’art du travail du tissu. Ils apprendront à découper, torsader et assembler des bandes de tissu pour créer divers objets, tels qu’un récipient ou un dessous de plat. Un moment de créativité, de partage et d’échanges, où chacun repartira avec ses créations ! Un goûter convivial sera également proposé au participants.

Samschdes, den 19. Juli

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 19 juillet

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

12. Juli – Kreativ Wierker ronderëm e bléiende Summer!

Den 12. Juli invitéiert de Musée « A Possen » Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer op e kreativen a faarwegen Atelier. Mat faarwegem Kotteng, Filz, Nolen a Fiedem gestallten si wonnerschéi Summerblummen, déi ni verwielegen! Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kënnen d’Kanner hirer Fantasie fräie Laf loossen a spilleresch d’Basis vum Bitze kenneléieren. Um Enn vum Atelier huelen si en eenzegaartege Blummebouquet mat Heem, deen de Summer nach laang erhält!

Le 12 juillet, le Musée « A Possen » invite les enfants de 6 à 12 ans à un atelier créatif et coloré. À l’aide de tissus en coton colorés, de feutrine, d’aiguilles et de fils, ils créeront de magnifiques fleurs d’été qui n’auront pas l’occasion de faner ! Avec l’aide de notre médiatrice, les enfants pourront laisser libre cours à leur imagination tout en apprenant de manière ludique les bases de la couture. À la fin de l’atelier, ils repartiront avec un bouquet unique qui apportera un peu d’été à la maison pour longtemps.

Samschdes, de 12 Juli.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer.

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 12 juillet.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

28. Juni – Entdeckung vum Filzen am Musée « A Possen »

Den 28. Juni luet de Musée « A Possen » Iech op en eenzegaartegt kreatiivt Erliefnes an: Entdeckt d’Konscht vum Dréchenfilzen a stellt wonnerschéi Filzhäerzer a -kugelen aus faarweger Woll hir. Beim Filze gëtt ongewieft Schofswoll mat enger spezieller Nol verdicht, bis mëll an trotzdeem fest Formen entstinn – ganz ouni Bitzen oder Pechen. Mat dëser Technik kann een op eng einfach Aart a Weis dekorativ Unhänger, Bijouen oder kleng Konschtwierker kreéieren. Eng super Geleeënheet, fir säin handwierklecht Geschéck z’entwéckelen – fir  Kleng a Grouss! Mat verschiddene Wollzorten, Nolen a Fiedem kënnt Dir Ärer Fantasie fräie Laf loossen an eenzegaarteg Kreatiounen erschafen. Ob als Schlësselunhänger, Mobile oder als dekorativen Objet – d’Méiglechkeeten si grenzelos! E klengen Imbiss mécht dëse gemittlechen Nomëtteg perfekt.

Le 28 juin, le musée « A Possen » vous invite à une expérience créative unique : découvrez l’art du feutrage à sec et réalisez de magnifiques cœurs et boules en feutrine à partir de laine colorée. Le feutrage consiste à compacter de la laine de mouton non tissée à l’aide d’une aiguille spéciale, jusqu’à obtenir des formes douces et solides – sans couture ni colle. Cette technique permet de créer facilement des pendentifs décoratifs, des bijoux ou de petites œuvres d’art. Voilà une belle occasion de développer son habileté manuelle – pour les jeunes comme pour les adultes ! Avec différentes sortes de laine, d’aiguilles et de fils, laissez libre cours à votre imagination et réalisez des créations uniques. Que ce soit en porte-clés, en mobiles ou en élément décoratif, les possibilités sont infinies ! Un petit goûter complètera cet après-midi.

Samschdes, den 28. Juni

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 28 juin

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.