18. & 19. Mee – Luxembourg Museum Days 2024

Tënt a Wonner: Kalligrafie (intergenerationellen Atelier)

Hudd Dir ëmmer schonn emol dovu gedreemt, Iech an der Kalligrafie ze versichen? Dann verpasst net eisen intergenerationelle Workshop wärend de LuMuDays 2024 (Luxembourg Museum Days 2024) an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg! Taucht an d’Konscht vun der Kalligrafie an a loosst Iech vun der Schéinheet vun der Wierder fesselen, déi vun Hand mat Fieder an Tënt geschriwwe ginn. All Stréch gëtt sou zu engem eegene Konschtwierk! An Begleedung vun eiser Mediatrice kënne Grouss a Kleng (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) jeeweils eng Kaart schreiwen oder dekoréieren, déi si verschenken oder sech schenke loosse kënnen. Begleet eis op dësem Nomëtten, deen der Kreativitéit, dem Leieren an dem Austosch gewidmet ass.

Encre et merveilles: la calligraphie (atelier intergénérationnel)

Vous avez toujours rêvé de vous initier à la calligraphie ? Ne manquez pas notre atelier intergénérationnel lors des LuMuDays 2024 (Luxembourg Museum Days 2024) en partenariat avec ICOM Luxembourg ! Plongez dans l’art de la calligraphie et laissez-vous captiver par la beauté des mots écrits à la main, avec plume et encre. Chaque trait devient une véritable œuvre d’art ! Accompagnés de notre médiatrice, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pourront chacun écrire ou décorer une carte à offrir ou se faire offrir. Joignez-vous à nous lors de cet après-midi dédié à la créativité, à l’apprentissage et au partage.

Samschdes, den 18. Mee
 
Vu 14.00 bis 17.00 Auer. Et besteet keng Verpflichtung, wärend der gesamter Dauer vum Workshop ze bleiwen.
 
All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwussene sinn) 
 
Präis: Gratis. D’Plaze si limitéiert. 
Samedi 18 mai
 
De 14h à 17h. Il n’est pas obligatoire de rester durant toute la durée de l’atelier.
 
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
 
Prix: Gratuit. Dans la limite des places disponibles

Kleng Schrëftstécker a historesch Recherche am Musée (Guidéiert Visitt)

De Sonnden, 19. Mee, invitéiert de Musée „A Possen“ am Kontext vun de LuMuDays 2024 a Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg seng Visiteuren op eng eenzegaarteg a aussergewéinlech Visite Guidée. Ënnert der Leedung vun eiser Muséesguide entdeckt Dir d’Zesummenhäng tëschen Archivfuerschung an der Geschicht vum Alldagsliewen am 19. Joerhonnert. Dir entziffert Handschrëften, entdeckt Beispiller aus alen Archiven a stellt eng praktesch Verbindung zu den Objeten am Musée hir, fir d’Aarbecht vum Historiker an enger geselleger an dynamescher Atmosphär ze erléieren an ze entdecken. Dëse Besuch wäert fir jiddereen en Andauchen an d’Magie vun der historescher Fuerschung sinn. Lass geet et um 15 Auer!

Petits papiers et recherche historique au Musée (visite guidée)

Le Dimanche 19 mai et dans le cadre des LuMuDays 2024 en partenariat avec ICOM Luxembourg, le Musée « A Possen » convie ses visiteurs à découvrir petits papiers et recherche historique au cours d’une visite originale et décalée. Menés par votre guide, vous découvrirez les liens entre recherches aux archives et histoire de la vie quotidienne au XIXème siècle. Déchiffrage d’écritures manuscrites, découvertes d’exemples d’archives anciennes, un lien pratique sera fait avec les objets du Musée, pour apprendre et découvrir le travail de l’historien dans une ambiance conviviale et dynamique. Cette visite sera pour tous une plongée dans la magie de la recherche historique. Départ à 15h !

Sonndes, den 19. Mee
 
Um 15.00 Auer Ongeféier 45 Minutten
 
All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwussene sinn) 
 
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.
 
PräisGratis. D’Plaze si limitéiert. 
 

Sprooch: F
Dimanche 19 mai
 
A 15h environ 45 minutes
 
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
 
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.
 
PrixGratuit. Dans la limite des places disponibles
 
Langue: F

4. Mee – Wiewen a Kreativitéit am Musée « A Possen »

Samschdes de 4. Mee, leiere Kanner vu 6 bis 12 Joer am Musée „A Possen“ d’Grondkenntnisser vum Wiewe kennen. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice, loossen si hirer Kreativitéit fräie Laf, andeem si verschidden Ënnersetzer aus Woll wiewen. Faarwen auswielen, Materialien upaken, Techniken entdecken – an dësem Atelier vun 3 Stonnen, kënnen d’Kanner op spilleresch Aart a Weis eppes léieren. Esou kënnen se Geschicht, Léieren a Kreativitéit matenee verbannen!

Samedi 04 mai, les enfants de 6 à 12 ans découvriront au Musée « A Possen » les bases du tissage. Aidés de notre médiatrice, ils laisseront libre cours à leur créativité en tissant différents dessous de verre en laine et fil. Choix des couleurs, toucher des matériaux, découverte des techniques, les enfants pourront dans le cadre de cet atelier de 3 heures environ apprendre tout en s’amusant. De quoi mêler histoire, apprentissage et création contemporaine !

Samschdes, de 4 Mee.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 25 €

Samedi 4 mai.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix: 25 euros

20. Abrëll – Kreativitéit ronderëm d’Material Woll

Samschdes, den 20. Abrëll bitt de Musée „A Possen », Grouss a Kléng d’Méiglechkeet un engem faarwegen intergenerationellen Atelier deelzehuelen (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn). Wärend ongeféier 3 Stonne loossen si hirer Kreativitéit mam natierleche Material Woll fräie Laf.

Kléng Pompoms, Fransen an aner Dekoratioune gi mat der Fantasie zu flotten Dekoartikelen zesummegestallt. En Atelier fir Jonk an Al!  De Musée offréiert de Participanten seng traditionell Stäerkung a Form vu Kaffi , Gedrénks an eppes ze Knabberen!

Le samedi 20 avril, le Musée « A Possen » propose à petits et grands de participer à un atelier intergénérationnel haut en couleurs (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

Durant 3 heures environ, vous laisserez libre cours à votre créativité autour d’une matière noble : la laine. Petits pompons, franges et autres décorations agrémenteront votre imagination, et vous créerez tous ensemble de jolies décorations. Un atelier pour tous les âges, accompagné d’un petit goûter pour les plus gourmands !

Samschdes , den 20 Abrëll.

 

Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen.

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 20 avril.

 

A partir de 14h. 3 heures environ.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.

6. & 7. Abrëll – Via Mosel

Rätsel vun der Architektur am Musée « A Possen »

Am Kader vun der Portes ouvertes « Via Mosel », proposéieren mir iech, eleng oder mat Famill a Frënn, déi kléng architektonesch Geheimnisser vun den alen Haiser vum Musée z’entdecken, dat am Häerz vun der Lëtzebuerger Musel läit. Eng individuell Visite mat engem Spillbuch voller Rätsel a Froen iwwert d’Architektur a Fonctionnement vun den Haiser steet am Mëttelpunkt. Fir all richteg Äntwert kritt dir eng Belounung a Form vun engem Stéck Schockela. Eng flott Entdeckung fir Grouss a Kléng Schneekerten!

Enigmes et architecture au Musée « A Possen »

Dans le cadre des portes ouvertes « Via Mosel », nous vous proposons de découvrir en solo, entre amis ou en famille les petits secrets architecturaux des anciennes maisons du Musée, situé au cœur de la Moselle luxembourgeoise. Un parcours libre à l’aide d’un livret-jeu avec plusieurs énigmes et questions sur l’architecture et le fonctionnement des maisons rythmera votre visite. Chaque bonne réponse vous donnera droit à un petit chocolat en récompense. Une découverte amusante pour petits et grands gourmands !

Samschdes , den 6 Abrëll.

Sonndes, den 7 Abrëll.

 

Präis: Entrée vum Musée

Samedi 6 avril.

Dimanche 7 avril.

 

Prix : Entrée du Musée

3. Abrëll – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen.

Mëttwochs, den 3. Abrëll, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäiteg den Ëmgang mam schéinen Naturmaterial Rief léieren. Mat eiser Mediatrice baken si och en traditionellen Ouschterkranz aus Brioche fir doheem ze genéissen.

Cette année, les festivités de Pâques mêleront artisanat et gourmandise au Musée « A Possen » !  

Mercredi 3 avril, de 14h à 17h, les enfants de 6 à 12 ans pourront découvrir l’artisanat de la vannerie en tressant leur propre corbeille de Pâques. De quoi s’amuser tout en apprenant à manier cette belle matière naturelle qu’est l’osier. Aidés de notre médiatrice, ils cuisineront également la traditionnelle couronne de Pâques briochée pour pouvoir se régaler une fois rentrés à la maison !

Mëttwochs , den 3 Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 25 €

Mercredi 3 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix: 25 euros

30. Mäerz – Ouschteratelier am Musée « A Possen »

Dëst Joer gi fir Ouschteren am Musée „A Possen“ Handwierk a Schneekerei matenee verbonnen.

Samschdes, den 30. Mäerz, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer, vu 14.00 bis 17.00 Auer, d’Handwierk vum Kuerfflechten entdecken, andeems si hiren eegenen Ouschterkuerf flechten. Dobäi kënnen si Spaass hunn a gläichzäiteg den Ëmgang mam schéinen Naturmaterial Rief léieren. Mat eiser Mediatrice baken si och en traditionellen Ouschterkranz aus Brioche fir doheem ze genéissen.

Cette année, les festivités de Pâques mêleront artisanat et gourmandise au Musée « A Possen » !  

Samedi 30 mars, de 14h à 17h, les enfants de 6 à 12 ans pourront découvrir l’artisanat de la vannerie en tressant leur propre corbeille de Pâques. De quoi s’amuser tout en apprenant à manier cette belle matière naturelle qu’est l’osier. Aidés de notre médiatrice, ils cuisineront également la traditionnelle couronne de Pâques briochée pour pouvoir se régaler une fois rentrés à la maison !

Samschdes, den 30 Mäerz.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 25 €

Samedi 30 mars.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu

 

Prix: 25 euros

16. Mäerz – Kreativitéit a Stéckerei

Samschdes, de 16. Mäerz, kann een an dësem intergenerationellen Atelier (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), d’Konscht vum Stécken entdecken. Op eleng, mat Frënn a Famill, jidderee ka mat eiser Mediatrice senger eegener Kreativitéit fräie Laf loossen, a Karten oder Lieszeechen hierstellen. Ob Amateur oder Expert, bei eis kann ee flott geselleg Momenter a Kreativitéit deelen. De Musée offréiert de Participanten seng traditionell Stäerkung a Form vu Kaffi , Gedrénks an eppes ze Knabberen!

Samedi 16 mars, dans le cadre de cet atelier intergénérationnel pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte), vous découvrirez pendant 3 heures environ l’art de la broderie ! En solo, entre amis ou en familles, chacun sera initié par notre médiatrice à cet artisanat d’une manière décalée et originale, en créant cartes à envoyer et marque-pages. Que vous soyez débutant ou initié, vous partagerez un moment de convivialité et de créativité, accompagné d’un petit goûter pour les plus gourmands !

Samschdes , den 16 Mäerz.

 

Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen.

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 16 mars.

 

A partir de 14h. 3 heures environ.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.

25. Februar – E gemittlechen Nomëtteg mat selwer gemaachtem Eisekuch

Loscht op en Dessert de 25. Februar?

Bei engem intergenerationellen Atelier, gi mat eiser Mediatrice lecker Desserte gekacht. Um Programm stinn traditionell lëtzebuergesch Eisekuchen a gebake Bieren. Nodeems den Deeg eegestänneg zesumme gestallt gouf, ginn d’Eisekuchen mat enger traditioneller Eisekucheform, op oppenem Feier an eiser schwaarzer Kiche gebak. Déi gebake Biere gi vu Grouss a Kléng (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), zousätzlech preparéiert an um Feier gebak.

Ob eleng, mat Frënn a Famill, dëse Moment ass fir jiddereen eng flott Erfarung fir déi kulinaresch Geschicht vun der Lëtzebuerger Musel z‘entdecken.

Place à la gourmandise le dimanche 25 février!

Durant cet atelier intergénérationnel, vous cuisinerez différents petits desserts avec l’aide de notre médiatrice. Au programme : gaufres traditionnelles luxembourgeoises et poires au four ! Après avoir préparé avec notre médiatrice la pâte, les gaufres seront cuites dans les traditionnels moules en fonte au feu de bois dans la cuisine noire du Musée. Les poires au four que vous aurez cuisinées accompagneront ce goûter pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés par un adulte). Que vous soyez en solo, entre amis ou en famille, ce moment constituera pour chacun une immersion chaleureuse et instructive dans l’histoire culinaire de la Moselle luxembourgeoise !

Sonndes, den 25 Februar.

 

Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen.

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Dimanche 25 février.

 

A partir de 14h. 3 heures environ.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.

27. Januar – Alles ronderëm d’Liicht fir « Liichtmëssdag »

Wat gëtt et méi Schéines wéi « Liichtmëssdag » zesummen ze feieren?

Samschdes, de 27. Januar, si Grouss a Kléng (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) am Kader vun engem intergenerationellen Atelier (ongeféier 3 Stonnen) invitéiert en häerzlechen a kreative Moment zum Thema Liicht matzemaachen. Ob eleng, oder mat Frënn a Famill, mat eiser Mediatrice ginn traditionell Lampionen, Käerzen an aner Käerzenaccessoiren hiergestallt. Natierlech Materialie wéi Wuess, Stoff an Holz stinn am Mëttelpunkt, sou dass an enger flotter Atmosphär, verschidden Technike gewise ginn. De Musée offréiert de Participante seng traditionell Stäerkung a Form vu Kaffi , Gedrénks an eppes ze Knabberen!

Quoi de mieux que de fêter « Liichtmëssdag » tous ensemble?

Samedi 27 janvier, dans le cadre d’un atelier intergénérationnel de 3 heures environ, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) sont invités à partager un moment chaleureux et créatif sur le thème de la lumière. En solo, entre amis ou en famille, vous créerez avec notre médiatrice lampions traditionnels, bougies et autres accessoires. Matières naturelles, cire, étoffes et bois seront à l’honneur, vous permettant de découvrir plusieurs techniques de création dans une ambiance sympathique. Ce moment sera accompagné du traditionnel petit goûter pour les plus gourmands !

Samschdes, den 27  Januar.

 

Vu 14 Auer un. Ongeféier 3 Stonnen.

 

All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35 €; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 27 janvier.

 

A partir de 14h. 3 heures environ.

 

Tout public. Les enfants doivent être accompagnés d’un adulte.

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix : 1 personne : 25 euros ; 2 personnes : 30 euros ; 3 personnes : 35 euros ; 4 personnes : 40 euros. Au-delà, nous contacter.

20. Januar – Liichtmëssdag am Musée « A Possen »

Samschdes, den 20. Januar, kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer un engem kreativen Atelier fir den traditionellen „Liichtmëssdag“ deelhuelen. Schneiden, Molen a Faarwe sti bei dëser Aktivitéit am Mëttelpunkt. Mat Hëllef vun eiser Mediatrice kann all Kand mat sengem eegene Lampion Heem goen. Esou hunn si beim „Léiwer Herrgottsblieschen » e grousse Succès !

Samedi 20 janvier, les enfants de 6 à 12 ans sont invités à participer à un atelier créatif autour du traditionnel « Liichtmëssdag » ! Découpage, collage, couleurs et amusement seront au rendez-vous de ce moment créatif et chaleureux. Aidé par notre médiatrice, chaque enfant repartira avec son propre lampion. De quoi avoir beaucoup de succès pour la traditionnelle récolte de friandises !

Samschdes, den 20 Januar.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer 

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op info@musee-possen.lu.

 

Präis: 25 €

Samedi 20 janvier.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email info@musee-possen.lu.

 

Prix :  25 euros