6. Oktober – JEP 2024: « Routes, réseaux et connexions – 1847-1858: D‘Emigratiounswell vun de Miseler »

De 6. Oktober 2024, wärend de Journées européennes du patrimoine 2024, déi ënnert dem Thema « Routes, réseaux et connexions » stinn, fënnt am Musée « A Possen » eng Konferenz vun der Historikerin Caroline Resch statt, déi sech em d‘Emigratiounswellen am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg dréint. Vill Lëtzebuerger:innen, virun allem aus der Miseler Regioun, hunn sech zu dëser Zäit dozou verleet gespuert, sech am Ausland op d’Sich no engem bessere Liewen ze maachen.

 

Opgrond vu Schwieregkeeten, wéi beispillsweis schlechten Recolten, Hongersnout, héich Steieren an Aarmut, hunn ab 1830 vill Lëtzebuerger:innen hiert Heemechtsland verlooss a sinn a Südamerika an an d’USA emigréiert. An hirer Fuerschungsaarbecht konzentréiert sech d‘Caroline Resch op d’Emigratioun aus dem Museldall, wou besonnesch d’Uewermuselregioun, mat hire Gemenge Wuermer, Stadbriedemes, Bous, Réimech a Schengen, vun enger reegelrechter Emigratiounsepidemie charakteriséiert war.

 

Unhand vun enger minutiéiser Analyse vun Archiven an enger mikrohistorescher Approche wäert d’Historikerin an hirer Konferenz d’Reesen an d’Liewe vu verschiddenen Migrantefamillje beliichten. Vill vun dëse Famille goufen zu Pionéier an hiren neien amerikanesche Communautéiten. Dobäi sollt déi staark Verbindung mat hire Lëtzebuerger Wuerzele bestoe bleiwen, wat sech an de Bestietnesser tëscht Nokomme vu Migranten:innen, wéi beispillsweis dem Nicolas Kieffer Jr. vu Klengmaacher an dem Catharina Steinmetz vun Elweng illustréiere léisst.

 

Fir jiddereen, deen u Familljegeschicht a Biographien interesséiert ass, bitt dës Konferenz eng eemoleg Geleeënheet fir sech an déi faszinéierend Liewensgeschichte vun de Lëtzebuerger Emigranten:innen am 19. Joerhonnert ze verdéiwen. Gitt Deel vun dësem Event a léiert, wéi dës Famillen déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge gemeeschtert, hir Spueren an de jeeweilegen amerikanesche Gemeinschaften hannerlooss a gläichzäiteg ëmmer hir Verbindunge mat Lëtzebuerg behalen hunn.

 

E Frëndschaftspatt wäert d’Konferenz ofschléissen.

 

D’Caroline Resch krut 2022 en « Bachelor in European Cultures – History » vun der Universitéit Lëtzebuerg ausgestallt a preparéiert momentan hire Master an der « Contemporary European History ». Hire besonneschen Interessi un der amerikanescher Immigratioun spigelt sech am Thema vun hirer Bacheloraarbecht an an engem Artikel iwwer d’Welle vun der Muselemigratioun am 19. Joerhonnert erëm. A hirer Masteraarbecht ënnersicht d’Autorin d’Veräinsliewe vun de Lëtzebuerger Immigranten:innen an den USA. D’Caroline Resch schafft och als Historikerin un der Entwécklung vum Videospill „The Migrants’ Chronicles“ mat an ass Member vun der Lëtzebuerger Associatioun „Roots and Leaves“.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Le 6 octobre 2024, lors des Journées européennes du patrimoine 2024 placées sous le thème « Routes, réseaux et connexions », le Musée « A Possen » accueille une conférence présentée par Caroline Resch, historienne, qui explorera les vagues d’émigration du XIXe siècle qui ont conduit de nombreux Luxembourgeois et Luxembourgeoises, notamment de la région de la Moselle, à chercher une vie meilleure à l’étranger.

 

Face à des difficultés telles que les mauvaises récoltes, les famines, les impôts élevés et la pauvreté, de nombreux habitants ont quitté le Luxembourg pour l’Amérique du Sud et les États-Unis dès 1830. Caroline Resch se concentrera sur l’émigration de la vallée de la Moselle, particulièrement la région de la Moselle haute, notamment les communes de Wormeldange, Stadtbredimus, Bous, Remich et Schengen, marquées par une véritable épidémie d’émigration.

 

À travers une analyse minutieuse des archives et une approche micro-historique, l’historienne mettra en lumière les parcours et les vies de plusieurs familles émigrantes. Beaucoup de ces familles sont devenues des pionniers dans leurs nouvelles communautés américaines. Les liens forts avec leurs racines luxembourgeoises perdurent, illustrés par les mariages entre descendants de migrants, comme entre Nicolas Kieffer Jr. de Kleinmacher et Catharina Steinmetz d’Elvingen.

 

Pour tous ceux qui s’intéressent à l’histoire et aux biographies familiales, cette conférence représente une occasion unique de plonger dans les histoires de vie captivantes des émigrants luxembourgeois du XIXe siècle. Rejoignez-nous lors de cet événement et découvrez comment ces familles ont surmonté les défis et ont laissé leur empreinte dans les communautés américaines, tout en conservant leurs liens avec le Luxembourg.

 

Un verre de l’amitié clôturera les échanges.

 

Caroline Resch a obtenu un « Bachelor en Cultures Européennes – Histoire » à l’Université du Luxembourg en 2022 et prépare actuellement un Master en « European Contemporary History ». L’auteur souligne son intérêt particulier pour le sujet de l’immigration américaine dans son mémoire de Bachelor et son article qui portent sur la vague d’émigration des Mosellans au XIXe siècle. Dans le cadre de sa thèse de Master, l’auteur fait des recherches sur la vie associative des immigrants Luxembourgeois aux États-Unis. Parallèlement, Caroline Resch travaille sur le développement du jeu vidéo « The Migrants’ Chronicles » en tant que chercheuse historique et est membre de l’association Luxembourgeoise « Roots and Leaves ».

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Sonndes, den 6. Oktober.

 

Um 15 Auer.

 

Op Lëtzebuergesch 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: Gratis Entrée

Dimanche le 6 octobre.

 

A 15h

 

En luxembourgeois

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : entrée gratuite

16. Juli – 29. September – Exposition miMO

Entdeckt miMO, eng Ausstellung vun der zäitgenëssescher Miniaturkonscht aus Lëtzebuerg! De Musée « A Possen » ass frou d’Associatioun Musel Link a.s.b.l. mat sengem Miniaturkonschtprojet wëllkommen ze heeschen. Dës Ausstellung invitéiert Iech eng Welt z’entdecken an där 8 Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinnen d’Limite vun der Kreativitéit op enger klenger Skala exploréieren. D’Kënschtler:innen, déi zu verschiddene Generatioune gehéieren, drécken sech a verschiddene Medie vun der visueller Konscht aus, mat enger eenzeger Restriktioun: d’Wierker dierfen a punkto Gréisst net méi grouss ewéi eng Handfläch sinn! Vum 16. Juli bis den 29. September 2024 fannt Dir zweedimensional Wierker net méi grouss wéi 7,5x10cm, souwéi dräidimensional Wierker net méi grouss wéi 10x10x10cm. Eng Miniatur kann e MOnumentaalt Wierk verstoppen, dofir steet och den Titel miMO fir dëse Projet: „miniature MOnumentale ou miniature MOselle“.

 

All Wierk, onofhängeg vun der Gréisst, bitt eng intim a wäertvoll Erfarung, déi monumental Grandeur an all Detail opweist. Loosst Iech dës eenzegaarteg artistesch Erfarung net entgoen!

 

Musel Link a.s.b.l. gouf 2015 vu Kënschtler a Kënschtlerinne gegrënnt mam Zil, déi zäitgenëssesch Konscht nohalteg an der Kulturlandschaft vun der Muselregioun ze verankeren. Mam miMO-Projet wëll Musel Link en neien Impuls an der internationaler Konschtvermëttlung ureegen. miMO seet alles: et gëtt eppes Monumentales an all Miniatur ze entdecken a vice versa.

 

De Veräin ass zanter 2016 an der nationaler an internationaler Kulturzeen aktiv an huet wichteg Ausstellungen a regionale Muséeën zu Lëtzebuerg, ewéi der Abtei Neimënster, an awer och zu Stockholm, Berlin, Los Angeles an anere Stied realiséiert.

 

Curatrice : Ivana Ceković

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Découvrez miMO, une exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg ! Le Musée « A Possen » a le plaisir d’accueillir l’association Musel Link a.s.b.l., et son projet de création de miniatures. Cette exposition vous plonge dans un univers où 8 artistes luxembourgeois repoussent les limites de la créativité à une échelle réduite. Des artistes de différentes générations, s’exprimant dans des médiums d’art visuel divers, avec une seule contrainte à respecter : la taille des œuvres qui doivent tenir dans la paume de la main ! Du 16 juillet au 29 septembre 2024, vous pourrez explorer des œuvres bidimensionnelles ne dépassant pas 7,5x10cm et des pièces tridimensionnelles limitées à 10x10x10cm. Une miniature peut cacher une oeuvre MOnumentale, d’où le nom miMO de ce projet : miniature MOnumentale ou miniature MOselle.

 

Chaque création, quelle que soit sa taille, offre une expérience intime et précieuse, révélant une grandeur monumentale dans chaque détail. Ne manquez pas cette immersion artistique unique !

 

Musel Link a.s.b.l., créée par des professionnels d’art en 2015, a comme objectif l’implantation durable de l’art contemporain dans le paysage culturel de la région mosellane. En mettant en place le projet miMO, Musel Link cherche à donner un nouvel élan à la communication artistique internationale. miMO dit tout: chaque miniature contient l’aspect monumental et vice versa.

 

Active sur les scènes culturelles nationale et internationale depuis 2016 l’association a réalisée des expositions d’envergure dans des musées régionaux du Luxembourg, à l’Abbaye Neumünster, à Stockholm, à Berlin, à Los Angeles etc.

 

Curatrice : Ivana Ceković

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Vum 16. Juli bis den 29. September 2024
 

Wärend de regulären Ëffnungszäite vum Musée (Dënschdes 14h-18h a Mëttwochs bis Sonndes 10h-18h)

 

Ouni Reservatioun

 

Präis: an dem regulären Entréespräis vum Musée abegraff

Du 16 juillet au 29 septembre 2024

 

Pendant les heures d’ouverture habituelles du musée (mardi 14h00-18h00 et mercredi au dimanche 10h00-18h00)

 

Sans réservation

 

Prix : inclus dans le prix d’entrée du Musée

28. September – JEP 2024: «Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien »

Kommt an entdeckt dat kulturellt Ierwe wärend de Journées européennes du patrimoine 2024 unhand vun eisem intergenerationelle Workshop « Routes, réseaux et connexions – Op de Spuere vun der Miseler Wäiriewen a Transsylvanien »!

 

D’Associatioun RoKultur an de Musée « A Possen », bidden Iech a Zesummenaarbecht mat dem Musée Astra vu Sibiu d’Méiglechkeet mëttels der traditioneller Konscht vun der Steckerei an di faszinéierend Geschicht vun der Miseler Regioun a Rumänien anzedauchen. Dir kënnt d’Zäit zeréckdréinen an erfueren, wei d’Miseler Migranten:innen viru bal 800 Joer hier Wuerzelen an Transsylvanie geschloen hunn an dobäi net nëmmen hier Liewensweis, ma och hier wäertvoll Wäiriewe matgeholl hunn…

 

Begleet eis op dëser eenzegaarteger kultureller Aventure, op där rumänesch Steckerinnen, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, hiert Kënnen mat Iech deelen. Aus enger Unzuel vu Motiven, bei deenen d’Wäiriewen an Drauwen am Vierdergrond stinn, wielt Dir Äert Motiv eraus a kreéiert sou Äert eegent Meeschterwierk! No dem Workshop kënnt Dir Äre Projet mat Heem huelen, fir en do fäerdeg ze stellen a soumat eng wäertvoll Erënnerung un dëst onvergiesslecht Erliefnis ze behalen.

 

Feiert mat eis d’Konscht, d’Kreativitéit an di kulturell Relatioune, déi eis iwwert Joerhonnerten ewech verbannen, an engem Workshop fir Grouss a Kleng (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) a gemittlecher an entspaanter Atmosphäre.

Venez explorer l’héritage culturel lors des Journées Européennes du Patrimoine 2024 avec notre atelier intergénérationnel « Routes, réseaux et connexions – Sur les traces des vignes mosellanes en Transsylvanie » !

 

L’association RoKultur et le Musée « A Possen », en partenariat avec le musée Astra de Sibiu, vous proposent de plonger dans l’histoire fascinante de la Moselle et de la Roumanie à travers l’art traditionnel de la broderie. Vous pourrez remonter le temps en découvrant comment, il y a près de 800 ans, les migrants de la Moselle ont implanté leurs racines en Transylvanie, emportant avec eux non seulement leur mode de vie mais aussi leurs précieuses vignes…

 

Rejoignez-nous dans cette aventure culturelle unique durant laquelle des brodeuses roumaines résidant au Luxembourg partageront leur savoir-faire avec vous. Vous choisirez votre propre motif de broderie parmi une sélection de motifs mettant en valeur la vigne et le raisin, et créez votre propre chef-d’œuvre ! Une fois l’atelier terminé, vous repartirez avec votre projet pour le continuer chez vous, gardant ainsi un précieux souvenir de cette expérience inoubliable.

 

Célébrez avec nous l’art, la créativité et les liens culturels qui nous unissent à travers les siècles, dans le cadre d’un atelier pour petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) et dans une ambiance chaleureuse et décontractée.

Samschdes, den 28. September.

 

Vu 10 bis 12.30 oder vu 14.30 bis 17.00

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: Gratis. D’Plazen si limitéiert.

Samedi 28 septembre.

 

De 10h à 12h30 ou de 14h30 à 17h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].

 

Prix : Gratuit. Dans la limite des places disponibles.

22. September – Eng Renconter mat der Konschtfotografin Neckel Scholtus

Am Kader vun der Ausstellung « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » bitt de Musée « A Possen » Iech un, déi spannend Welt vun der Konschtfotografin Neckel Scholtus kennenzeléieren. An hire fotografeschen Aarbechten ënnersicht d’Neckel Scholtus d’Theme vum alldeegleche Liewen, souwéi d’Dualitéit vun hire Kandheetserënnerungen, déi hiren Ursprong um Familljenhaff hunn. Hiert Wierk hannerfreet den Impakt vun dëser Ëmwelt op hir Weltopfaassung, an deckt d’Komplexitéit vun Erënnerungen an Emotiounen op, déi mat dëse kontrastéierende Momenter verbonne sinn.

 

D’Neckel Scholtus, gebuer 1982, lieft a schafft zu Lëtzebuerg. Si ass Konschtfotografin, huet Konscht un der Universitéit vu Montpellier studéiert an e Master a Fotografie un der Universitéit Paris VIII absolvéiert. An hirem Konschtschafen bënnt d’Fotografin oftmools d’Ëffentlechkeet matt an, bitt Residenzen un a ass als Fräiberufflerin a kulturelle Strukturen täteg. Zënter 2010 als fräischaffend Kënschtlerin zu Lëtzebuerg unerkannt, huet d’Neckel Scholtus zënter hir eng produktiv Carrière am Beräich vun der Fotografie gemaach an hir Wierker nieft Lëtzebuerg, och a Frankräich, Däitschland, der Schwäiz, Schweden, Bulgarien, Italien, der Côte d’Ivoire an a China ausgestallt.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Dans le cadre de l’exposition « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg », le musée « A Possen » vous invite à plonger dans l’univers fascinant de l’artiste photographe Neckel Scholtus. À travers son travail photographique, Neckel Scholtus explore les thèmes de la vie quotidienne, ainsi que la dualité de ses souvenirs d’enfance, ancrés dans la ferme familiale. Son œuvre reflète l’impact de cet environnement sur sa perception du monde, dévoilant la complexité des souvenirs et des émotions associés à ces moments contrastés.

 

Neckel Scholtus, née en 1982, vit et travaille au Luxembourg. Artiste photographe, elle a étudié les Beaux-Arts à l’Université de Montpellier et a obtenu un master en photographie à l’Université Paris VIII. Son travail artistique engage souvent le public et elle offre des résidences tout en travaillant en tant qu’indépendante dans des structures culturelles. Depuis 2010, reconnue comme artiste indépendante au Luxembourg, Neckel Scholtus a développé une carrière productive dans le domaine de la photographie, exposant ses œuvres non seulement au Luxembourg, mais aussi en France, en Allemagne, en Suisse, en Suède, en Bulgarie, en Italie, en Côte d’Ivoire et en Chine.

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Sonndes, den 22. September.

 

Um 15 Auer.  

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen

 

Präis: an dem regulären Entréespräis vum Musée abegraff

Dimanche le 22 septembre.

 

A 15h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Capacité limitée, dans la limite des places disponibles

 

Prix : inclus dans le prix d’entrée du Musée

20. – 23. August – Summerakademie II am Musée « A Possen »

Vum 20. Bis 23. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.

Den 20. a 21. August leieren d’Kanner déi traditionell Technik vum Pappmaché kennen. Nodeems se den natierleche Päsch hiergestallt hunn, gesinn se d’Hierstellung vum Pappmaché Deeg an seng Verwandlung zu klénge faarwege Behälter. Schneekegkeete stinn am Mëttelpunkt vum 21. August, bei deem se selwer e klénge Snack zesummestellen. Gebeess aus saisonale Friichten esou wéi knieden a bake vu Brout… Jidderee ka mat engem flott dekoréierte Gebeessglas Heem goen.

Den 22. a 23. August sti Blummen a verschiddenen Formen am Mëttelpunkt. D’Kanner bauen e Mobilé aus Salzdeeg, dee mat verschiddenen gedrechente Blumme verziert gëtt. An enger 2. Etapp bitze se e klénge Stoffsäckchen dee mat gedreschentem Lavendel gefëllt gëtt. Esou entsti flott Dekoobjete fir Doheem!

Du 20 au 23 août, place à la traditionnelle Summerakademie au Musée « A Possen ». Les enfants de 6 à 12 ans sont invités à se retrouver pour apprendre et créer tout en s’amusant, accompagnés de notre médiatrice.

Les 20 et 21 août, les enfants découvriront la technique traditionnelle du papier maché. Après avoir fabriqué leur colle naturelle, il se lanceront dans la fabrication de la pâte et sa transformation en petit récipient coloré. La gourmandise sera au cœur de l’atelier du 21 août, durant lequel les enfants créeront leur propre goûter. Préparation d’une confiture aux fruits de saison, pétrissage et cuisson de la pâte à pain… Chacun pourra repartir avec son pot de confiture décoré pour la maison !

Les 22 et 23 août, les fleurs seront à l’honneur sous différentes formes ! Les enfants fabriqueront un mobile en pâte à sel, décoré de différentes fleurs séchées. Ils coudront dans un deuxième temps des petits sacs en tissu, et les rempliront de lavande séchée. De quoi décorer et embellir de manière chaleureuse les intérieurs de chacun !

Vu Dënschdes, den 20 bis Freides den 23. August.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 45 € fir 2 Deeg / 75€ fir déi ganz Woch

Du Mardi 20 au Vendredi 23 Août.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 45 euros pour 2 jours / 75€ pour toute la semaine

6. – 9. August – Summerakademie am Musée « A Possen »

Vum 6. Bis 9. August organiséiert de Musée „A Possen » nees seng traditionell Summerakademie. Kanner vu 6 bis 12 Joer sinn invitéiert, mat eiser Mediatrice op spilleresch Aart a Weis ze leieren a kreativ ze ginn.

De 6. a 7. August leieren d’Kanner déi traditionell Technik vum Pappmaché kennen. Nodeems se den natierleche Päsch hiergestallt hunn, gesinn se d’Hierstellung vum Pappmaché Deeg an seng Verwandlung zu klénge faarwege Behälter. Schneekegkeete stinn am Mëttelpunkt vum 7. August, bei deem se selwer e klénge Snack zesummestellen. Gebeess aus saisonale Friichten esou wéi knieden a bake vu Brout… Jidderee ka mat engem flott dekoréierte Gebeessglas Heem goen.

Den 8. a 9. August sti Blummen a verschiddenen Formen am Mëttelpunkt. D’Kanner bauen e Mobilé aus Salzdeeg, dee mat verschiddenen gedrechente Blumme verziert gëtt. An enger 2. Etapp bitze se e klénge Stoffsäckchen dee mat gedreschentem Lavendel gefëllt gëtt. Esou entsti flott Dekoobjete fir Doheem!

Du 6 au 9 août, place à la traditionnelle Summerakademie au Musée « A Possen ». Les enfants de 6 à 12 ans sont invités à se retrouver pour apprendre et créer tout en s’amusant, accompagnés de notre médiatrice.

Les 6 et 7 août, les enfants découvriront la technique traditionnelle du papier maché. Après avoir fabriqué leur colle naturelle, il se lanceront dans la fabrication de la pâte et sa transformation en petit récipient coloré. La gourmandise sera au cœur de l’atelier du 7 août, durant lequel les enfants créeront leur propre goûter. Préparation d’une confiture aux fruits de saison, pétrissage et cuisson de la pâte à pain… Chacun pourra repartir avec son pot de confiture décoré pour la maison !

Les 8 et 9 août, les fleurs seront à l’honneur sous différentes formes ! Les enfants fabriqueront un mobile en pâte à sel, décoré de différentes fleurs séchées. Ils coudront dans un deuxième temps des petits sacs en tissu, et les rempliront de lavande séchée. De quoi décorer et embellir de manière chaleureuse les intérieurs de chacun !

Vu Dënschdes, den 6 bis Freides den 9. August.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 45 € fir 2 Deeg / 75€ fir déi ganz Woch

Du Mardi 6 au vendredi le 9 Août.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 45 euros pour 2 jours / 75€ pour toute la semaine

4. August – WCE: Eng Renconter mat der Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz

Am Kader vun der Manifestatioun « Wine Culture Enjoy » an der Expositioun « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg » invitéiert de Musée « A Possen » Iech, déi faszinéierend Welt vun der Gravure z‘entdecken. Trefft d‘Kënschtlerin Marie-Pierre Speltz, eng lëtzebuergesch Graveuse, déi Iech hir Techniken, faszinéierend Kreatiounen an Inspiratiounsquelle virstellt. Eng Presentatioun vun ënnerschiddlechen Objeten duerch d’Kënschtlerin selwer, wäert Iech erméiglechen, d‘Technik vun dëser Konschtaart besser ze verstoen. Eng eenzegaarteg Geleeënheet fir déi zäitlos Schéinheet vun der Gravure z’entdecken! Um Enn vun dëser Renconter kennt Dir Iech gären an d’Wäistuff beginn, wou Dir e Glas Miseler Wäi kënnt genéissen (jee no Verfügbarkeet vum Restaurateur. Dëst Glas ass net am Präis vun der Presentatioun enthal).

 

D‘Marie-Pierre Speltz huet hir Passioun fir d‘Gravure am Atelier Empreinte zu Lëtzebuerg entdeckt, wou si zanter 2007 Member ass. Titulaire vun engem Master an den Arts Plastiques vun der Université des Sciences humaines zu Stroossbuerg a Grënnungsmember vu Musel Link a.s.b.l., lieft a schafft d‘Marie-Pierre Speltz zu Biergem (L).

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Dans le cadre de la manifestation « Wine Culture Enjoy » et de l’exposition « miMO – Exposition d’art contemporain miniature du Luxembourg », le Musée « A Possen » a le plaisir de vous inviter à découvrir l’univers captivant de la gravure. Rencontrez l’artiste Marie-Pierre Speltz, graveuse luxembourgeoise, qui vous dévoilera ses techniques, ses créations fascinantes et ses sources d’inspiration. Une présentation par l’artiste de différents objets vous permettra aussi de comprendre la technique de cet art. Une occasion unique d’explorer la beauté intemporelle de la gravure ! A la fin de cette rencontre, n’hésitez pas à vous rendre à la Wäistuff pour profiter d’un verre de vin de Moselle (dans la limite des disponibilités du restaurateur. Verre non compris dans le prix de l’activité).

 

Marie-Pierre Speltz a découvert sa passion pour la gravure chez l’Atelier Empreinte à Luxembourg, dont elle est membre depuis 2007. Titulaire d’un Master en Arts Plastiques de l’Université des Sciences humaines à Strasbourg, membre fondateur de Musel Link a.s.b.l., Marie-Pierre Speltz vit et travaille à Bergem (L).

 

Avec le soutien financier du ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg

Sonndes, den 4. August.

 

Um 15 Auer.

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn).

 

Limitéiert Kapazitéit, an der Limite vun de verfügbare Plazen

 

Präis: an dem regulären Entréespräis vum Musée abegraff

Dimanche le 4 août.

 

A 15h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte).

 

Capacité limitée, dans la limite des places disponibles

 

Prix : inclus dans le prix d’entrée du Musée

4. August – Wine Culture Enjoy 2024

En Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. Joerhonnert (Guidéiert Visitt)

Am Kontext vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ a Partnerschaft mat dem ORT de la Moselle luxembourgeoise bitt de Musée „A Possen“ senge Visiteuren, en Abléck an d’Liewe vun enger Miseler Wënzerfamill am 19. Joerhonnert. Wärend dëser Visite Guidée gitt dir mat eiser Guide duerch déi verschidde Räim vum Musée, déi Iech d’Geheimnisser vum Alldagsliewe vu senge Miseler Bewunner:innen zu dëser Zäit verroden. E Besuch fir all Altersklass an enger ongezwongener, gemittlecher Atmosphäre! Um Enn vun der Visite kennt Dir Iech gären an d’Wäistuff beginn, wou Dir e Glas Miseler Wäi kënnt genéissen (Jee no Verfügbarkeet vum Restaurateur. Dëst Glas ass net am Präis vum Workshop enthal).

Un aperçu de la vie d’une famille de vignerons mosellans au XIXème siècle  (visite guidée)

Dans le cadre de la manifestation « Wine Culture Enjoy » en partenariat avec l’ORT de la Moselle luxembourgeoise, le Musée « A Possen » propose à ses visiteurs de découvrir un aperçu de la vie d’une famille de vignerons mosellans au XIXème siècle. Au cours de cette visite guidée, vous parcourez les différentes salles du Musée avec notre guide qui vous livrera les secrets de la vie quotidienne des habitants de la Moselle luxembourgeoise de cette époque. Une visite pour tous les publics, dans une ambiance décontractée et chaleureuse ! A la fin de cette visite, n’hésitez pas à vous rendre à la Wäistuff pour profiter d’un verre de vin de Moselle (Dans la limite des disponibilités du restaurateur. Verre non compris dans le prix de la visite guidée).

Sonndes, den 4. August
 
Um 15.00 Auer ongeféier 45 Minutten
 
Sprooch: Däitsch
 
All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwussene sinn) 
 
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].
 
Präis: Pro Persoun 10€. Gratis Entrée fir Kanner a Studenten
Dimanche 4 août
 
A 15h 45 minutes environ
 
Langue: allemand
 
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
 
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].
 
Prix : par personne 10€. Gratuit pour les enfants et étudiants

3. August – Wine Culture Enjoy 2024

Konscht op GLAS (intergenerationellen Atelier)

Am Kader vun der Manifestatioun „Wine Culture Enjoy“ an Zesummenaarbecht mat der ORT de la Moselle luxembourgeoise, invitéiere mir Iech häerzlech op eisen intergenerationelle Workshop „Konscht op GLAS“. Am Kader vun dësem Workshop an ënnert der Hëllef vun eiser Mediatrice kennt Dir e Glas verschéineren, andeems Dir Mol- a Technik vun der Gravure kenneléiert. Begleet eis op engem Nomëtteg voller Kreativitéit an Austosch tëscht de Generatiounen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn), fir zesummen d’Konscht vun der Gravure an der Glasmolerei kenneléieren. Egal ob Dir scho geüübt sidd, oder des Technike fir déi éischte Kéier entdeckt, dëse Workshop ass déi perfekt Geleeënheet, an enger gemittlecher a frëndlecher Ambiance eng bleiwend Erënnerung ze schafen. Als Ergänzung dozou, kënnt Dir och nach e puer flott Etikette gestalten. Um Enn vum Workshop kennt Dir Iech gären an d’Wäistuff beginn, wou Dir e Glas Miseler Wäi kënnt genéissen (Jee no Verfügbarkeet vum Restaurateur. Dëst Glas ass net am Präis vum Workshop enthal).

Art sur VERRE  (atelier intergénérationnel)

Dans le cadre de la manifestation « Wine Culture Enjoy » en partenariat avec l’ORT de la Moselle luxembourgeoise, nous avons le plaisir de vous inviter à notre atelier intergénérationnel « Art sur VERRE ». Au cours de cet atelier, et aidé par notre médiatrice, vous pourrez embellir un verre en découvrant des techniques de peinture et de gravure. Rejoignez-nous pour une après-midi de créativité et d’échange où les générations se réunissent (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) pour explorer l’art de la gravure et peinture sur verre. Que vous soyez déjà amateur ou que vous découvriez ces techniques pour la première fois, cet atelier est l’occasion parfaite de créer un souvenir durable dans une ambiance chaleureuse et conviviale. En complément, vous fabriquerez de jolies étiquettes décorées. A la fin de cet atelier, n’hésitez pas à vous rendre à la Wäistuff pour profiter d’un verre de vin de Moselle (Dans la limite des disponibilités du restaurateur. Verre non compris dans le prix de l’atelier).

Samschdes, den 3. August
 
Vu 14.00 bis 17.00 Auer
 
All Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwussene sinn) 
 
Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].
 
Präis: 1 Persoun: 25 €; 2 Persounen: 30 €; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40 €; 4+ Persounen: Präis op Ufro.
Samedi 3 août
 
De 14h à 17h
 
Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)
 
Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected].
 
Prix : 1 personne : 25 € ; 2 personnes : 30 € ; 3 personnes : 35 € ; 4 personnes : 40 € ; 4+ personnes : Prix sur demande.

13. Juli – Blummefest am Musée « A Possen »

Samschdes, den 13 Juli, si Kanner vu 6 bis 12 Joer invitéiert, e faarwegen Nomëtteg am Musée „A Possen“ ze verbréngen. Zesumme mat eiser Mediatrice ginn een (oder méi) kléng Këssen a Form vun enger Blumm hiergestallt, fir déi schéin Deeg ze feieren. E wéineg bitzen, flott Materialien a vill Kreativitéit maachen dësen Atelier vun 3 Stonnen zu engem flotten a spillereschen Nomëtteg.

Samedi 13 juillet, les enfants de 6 à 12 ans sont invités à partager un après-midi haut en couleur au Musée « A Possen ». Accompagnés de notre médiatrice, ils créeront un (ou plusieurs) petits coussins en forme de fleur afin de célébrer les beaux jours. Un peu de couture, de jolis matériaux et beaucoup de créativité seront au rendez-vous de cet atelier qui amènera les enfants à découvrir les bases de la couture, tout en s’amusant !

Samschdes, de 13 Juli.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 25 €

Samedi 13 juillet.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 25 euros