17. Mee – Lumudays 2025

Am Kader vun de Luxembourg Museum Days lued de Musée « A Possen » an Zesummenaarbecht mat ICOM Lëtzebuerg de Samschdeg, den 17. Mee, zu enger eenzegaarteger Erfarung an, déi Kulturierwen, Kreativitéit a Wëssensvermëttlung verbënnt.

Kleng a Grouss kënne bei engem intergenerationellen Atelier matmaachen, wou de Kork, als nohaltegt an zäitlost Material, am Mëttelpunkt steet. Zesummen entdecke mir seng villfälteg Notzungsméiglechkeeten a gestalten eenzegaarteg a praktesch Objeten, wéi personaliséiert Ënnersetzer oder Stëfthalter. Mä dësen Atelier ass méi wéi just eng handwierklech Aktivitéit: Hien erméiglecht den Austausch tëscht den Generatiounen a verbënnt traditionellt Wëssen mat moderner Kreativitéit.

Profitéiert och vun der Geleeënheet, de Musée « A Possen » bei enger immersiver Visitt duerch seng historesch Haiser – dat eelst Haus geet op d’Joer 1617 zréck – nei oder erëm z‘entdecken. Taucht an den Alldag vun enger Miseler Wënzerfamill an a entdeckt dat sozialt an handwierklecht Ierwe vun der Regioun an enger gemittlecher an häerzlecher Atmosphär.

Kommt mat op en Dag, wou Nohaltegkeet, Kultur an Austausch sech begéinen – a huelt eng selwer erstallte Kreatioun mat heem, déi als Symbol fir den Dialog tëscht Vergaangenheet, Géigewaart a Zukunft steet!

À l’occasion des Luxembourg Museum Days, le musée « A Possen », en collaboration avec l’ICOM Luxembourg, vous invite le samedi 17 mai à une expérience unique alliant patrimoine, créativité et transmission.

Petits et grands pourront participer à un atelier intergénérationnel mettant à l’honneur le liège, un matériau durable et intemporel. Ensemble, nous explorerons ses multiples usages pour confectionner des objets uniques et pratiques, tels que des sous-verres personnalisés ou des porte-stylos. Bien plus qu’un simple travail manuel, cet atelier encouragera le dialogue entre générations, liant savoir-faire traditionnel et créativité contemporaine.

N’hésitez pas également à profiter de cette occasion pour (re)découvrir le musée « A Possen » à travers une visite guidée immersive de ses maisons historiques, dont la plus ancienne date de 1617. Vous plongerez dans le quotidien d’une famille vigneronne mosellane et explorerez le riche patrimoine social et artisanal de la région dans une ambiance chaleureuse et conviviale.

Rejoignez-nous pour une journée où durabilité, culture et partage se rencontrent, et repartez avec une création originale, symbole du dialogue entre passé, présent et avenir !

Samschdes, den 17. Mee

 

Atelier-Zäiten: vun 14.00 bis 17.00 Auer (flexibel Participatioun – kontinuéierlech Präsenz net noutwendeg)

 

Atelier-Sproochen: LU, FR, DE, EN

 

Zäite vun der Visitt: 11:00, 15:00 oder 16:30 Auer (Dauer ca. 45 Minutten)

 

Sprooch vun der Visitt: LU, FR, DE oder EN (ofhängeg vun der Majoritéit vun de Visiteuren)

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Präis: Gratis (begrenzte Plazen, just soulaang et nach fräi Plaze gëtt)

Samedi 17 mai

 

Horaires de l’atelier: De 14h00 à 17h00h (participation flexible – présence continue non requise)

 

Langue de l’atelier: LU, FR, DE, EN

 

Horaires pour la visite guidée: 11h00, 15h00 ou 16h30 (45 minutes environ)

 

Langue de la visite guidée: LU, FR, DE ou EN (la langue de la visite guidée dépend de la majorité des visiteurs présents)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Prix : Gratuit (dans la limite des places disponibles, nombre de places limité)

10. Mee – Check-in: Loosst eis en Insektenhotel bauen!

Den 10. Mee widmet de Musée « A Possen » seng Opmierksamkeet klengen, onverzichtbare Mataarbechter: den Insekten! An engem intergenerationellen Atelier hu Kleng a Grouss (Kanner musse vun engem Erwuessene begleet ginn) d’Geleeënheet, zesumme mat eiser Mediatrice en Insektenhotel ze bauen. Mir benotzen Alldagsgéigestänn, Holz an ënnerschiddlech natierlech Materialien. D’Hotel kann no Wonsch dekoréiert, kreativ zesummegebaut a mat Schilfréier, Dännenzapfen an aneren natierleche Materialie gefëllt ginn. Zesummen entdecke mir, wéi mir dëse klenge Liewewiesen e wäertvollt Ënnerdaach bidde kënnen –  eng flott, léierräich a nohalteg Aktivitéit fir all Generatiounen!

Le 10 mai, le musée « A Possen » met à l’honneur des petits assistants indispensables : les insectes ! Lors d’un atelier intergénérationnel, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) auront l’opportunité de construire ensemble un hôtel à insectes avec l’aide de notre médiatrice. Pour cela, nous utiliserons des objets du quotidien, du bois et divers matériaux naturels. L’hôtel pourra être décoré à volonté, assemblé de manière créative et rempli de roseaux, de pommes de pin et d’autres éléments naturels. Ensemble, nous découvrirons comment offrir un refuge précieux à ces petites créatures – une activité ludique et éducative pour toutes les générations avec un impact durable !

Samschdes, den 10. Mee

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected]

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 35€; 3 Persounen: 45€; 4 Persounen: 55€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 10 mai

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 35 euros; 3 personnes: 45 euros; 4 personnes: 55 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

17. & 18. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues!

Eise Kanneratelier fir Ouschtere fënnt dëst Joer iwwert zwee Deeg statt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). De 17. Abrëll bake Kanner vu 6 bis 12 Joer mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterhues aus engem Wäisse Kéis-Dech. Dono ginn Eeër ënnert der Uwendung vun Naturmaterialien a Planzen gefierft an unhand vu verschiddenen Techniken dekoréiert. Den 18. Abrëll gëtt dann e passend Ouschternascht hiergestallt, woubäi d‘Technik vum Wiewen ugewant gëtt. Sou kann den Ouschterhues éierbar empfaang ginn!

Cette année, notre atelier pour enfants à l’occasion de Pâques se déroulera sur deux jours (la participation aux deux jours n’est pas obligatoire). Le 17 avril, avec l’aide de notre médiatrice, les enfants de 6 à 12 ans auront l’occasion de confectionner leur propre lapin de Pâques à partir d’une pâte à base de fromage blanc. Par la suite, des œufs seront teints à l’aide de matériaux naturels et de plantes , puis décorés selon différentes techniques créatives. Le 18 avril, un nid de Pâques sera fabriqué en utilisant la technique du tissage. De quoi accueillir dignement le lapin de Pâques!

Donneschdes a Freides, de 17 an/oder 18. Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 25 € 1 Dag / 45€ fir 2 Deeg

Jeudi et vendredi 17 et / ou 18 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 25 euros 1 jour / 45 euros pour 2 jours

15. & 16. Abrëll – Gläich kënnt den Ouschterhues nach emol!

Eise Kanneratelier fir Ouschtere fënnt dëst Joer iwwert zwee Deeg statt (et besteet keng Obligatioun un deenen zwee Deeg deelzehuelen). De 15. Abrëll bake Kanner vu 6 bis 12 Joer mat der Hëllef vun eiser Mediatrice en Ouschterhues aus engem Wäisse Kéis-Dech. Dono ginn Eeër ënnert der Uwendung vun Naturmaterialien a Planzen gefierft an unhand vu verschiddenen Techniken dekoréiert. Den 16. Abrëll gëtt dann e passend Ouschternascht hiergestallt, woubäi d‘Technik vum Wiewen ugewant gëtt. Sou kann den Ouschterhues éierbar empfaang ginn!

Cette année, notre atelier pour enfants à l’occasion de Pâques se déroulera sur deux jours (la participation aux deux jours n’est pas obligatoire). Le 15 avril, avec l’aide de notre médiatrice, les enfants de 6 à 12 ans auront l’occasion de confectionner leur propre lapin de Pâques à partir d’une pâte à base de fromage blanc. Par la suite, des œufs seront teints à l’aide de matériaux naturels et de plantes , puis décorés selon différentes techniques créatives. Le 16 avril, un nid de Pâques sera fabriqué en utilisant la technique du tissage. De quoi accueillir dignement le lapin de Pâques!

Dënschdes a Mëttwochs, de 15 an/oder 16. Abrëll.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis: 25 € 1 Dag / 45€ fir 2 Deeg

Mardi et Mercredi 15 et / ou 16 avril.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix: 25 euros 1 jour / 45 euros pour 2 jours

12. Abrëll – Dik-Dik-Dak, gläich ass Ouschterdag!

D‘Ouschterfest réckt ëmmer méi no an do dierf déi eng oder aner Dekoratioun net feelen. Den 12. Abrëll invitéiert de Musée  « A Possen » Kléng a Grouss op säin traditionellen Ouschteratelier, wou mat der Hëllef vun eiser Mediatrice Ouschterschmuck hiergestallt gëtt. Heifir ginn ausgeblosen Eeër mat Wuess dekoréiert a schliisslech mat Naturmaterialie gefierft, sou dass schéin Ornamenter entstinn, déi un den Ouschterstrauch gehaang oder awer an en Ouschternascht, wat am zweeten Deel vum Atelier aus Holz a Woll hiergestallt gëtt, geluecht kënne ginn. E gemittlechen Atelier an deem natierlech och e klengen Nomëttessnack um Orde du jour steet.

La fête de Pâques approche à grands pas, et certaines décorations ne doivent pas manquer. Le 12 avril, le Musée « A Possen » invite petits et grands à son atelier traditionnel de Pâques, où, avec l’aide de notre médiatrice, des décorations pour Pâques seront créées. À cette occasion, des œufs seront décorés à la cire, puis teints avec des matériaux naturels, de manière à créer de jolis ornements qui pourront être suspendus à l’arbre de Pâques ou placés dans un nid de Pâques, fabriqué dans la deuxième partie de l’atelier à partir de bois et de laine. Un atelier agréable où, bien entendu, une petite collation pour le goûter est également au programme.

Samschdes, den 12. Abrëll

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected] 

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 30€; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 12 avril

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 30 euros; 3 personnes: 35 euros; 4 personnes: 40 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

6. Abrëll – Via Mosel; Schatzsuche

Maacht Iech am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel op eng spannend Entdeckungsrees a lëft d’Geheimnisser vun den historeschen Haiser am Musée « A Possen »! Ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn – entdeckt dëst eenzegaartegt kulturellt Ierwen am Häerz vun der lëtzebuergescher Muselregioun mat Hëllef vun engem Rätselheft, dat vill spannend Quizzer a Froen iwwer d‘Architektur an d’Liewen aus vergaangenen Zäiten enthält. All richteg Äntwert bréngt Iech dem Schatz e Stéck méi no … enger séisser, schockelazeger Belounung! Eng spilleresch a genossvoll Aventure fir kleng a grouss Entdecker!

Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, partez à l’aventure et percez les secrets architecturaux des anciennes maisons du Musée « A Possen » ! Seul, en famille ou entre amis, explorez ce patrimoine unique au cœur de la Moselle luxembourgeoise grâce à un livret-jeu rempli d’énigmes et de questions sur l’architecture et la vie d’autrefois. Chaque bonne réponse vous rapproche du trésor… une délicieuse récompense chocolatée ! Un parcours ludique et gourmand pour petits et grands curieux.

Sonndes, den 6. Abrëll

 

vun 10.00 bis 18.00 Auer (zou vun 12.30 bis 13.00 Auer)

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Präis: 1 Persoun: 5€; Kanner gratis

 

Sproochen: LU, FR, DE, EN

 

Dauer: +- 45 Minutten

Dimanche 6 avril

 

De 10.00 à 18.00h (fermeture entre 12.30 et 13.00h)

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Prix : 1 personne: 5 euros; gratuit pour les enfants

 

Langues: LU, FR, DE, EN

 

Durée: +- 45 minutes

5. Abrëll – Via Mosel; Visite guidée

Reest am Kader vun de Portes Ouvertes Via Mosel an d’Vergaangenheet an entdeckt d’traditionell Architektur vum ländleche Liewen an der Muselregioun. De Musée « A Possen » invitéiert Iech op eng gemittlech Féierung, wou Dir déi eenzel Haiser, hir Bautechniken an d’Entwécklung vun der Architektur iwwer d’Joerhonnerten erfuersche kënnt.

Vum Possenhaus iwwer de Wëttelsschapp bis hin zum Uedemshaus – all Steen erzielt seng eege Geschicht an dréit zu eisem wäertvolle Patrimoine bäi. Entdeckt dës geschichtsträchteg Plazen zesumme mat eisem Guide a loosst Iech vun enger eenzegaarteger Erfarung verzauberen, bis an déi verstopptste Wénkele vum Musée.

Dans le cadre des Portes Ouvertes Via Mosel, voyagez dans le temps et explorez l’architecture traditionnelle de l’habitat rural mosellan. Le Musée « A Possen » vous propose de participer à une visite guidée et conviviale à la découverte de ses différentes maisons, de leurs secrets de construction et de l’évolution de l’architecture au fil des siècles.

Du Possenhaus au Wëttelsschapp, en passant par l’Uedemshaus, chaque pierre dévoile une part précieuse de notre patrimoine. Explorez avec notre guide ces lieux chargés d’histoire et laissez-vous transporter par une expérience unique, jusque dans les moindres recoins du musée.

Samschdes, den 5. Abrëll

 

Um 10.30, 14.30 an 16.30 Auer

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Präis: 1 Persoun: 10€; Kanner gratis (Réservatioun recommandéiert, Unzuel vun de Platzen limitéiert)

 

Sproochen: LU, FR, DE, EN

 

Dauer: +- 1 Stonn

Samedi 5 avril

 

A 10.30, 14.30 et 16.30h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Prix : 1 personne: 10 euros; gratuit pour les enfants (Réservation conséillé, nombre de place limité)

 

Langues: LU, FR, DE, EN

 

Durée: +- 1 heure

29. Mäerz – Kleng Kniet, erginn e schéine Makramee

Den 29. Mäerz léiere Kléng a Grouss (Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn) d’Handaarbechtstechnik vum Knëppe kënnen. Knëppe gehéiert, nieft dem Wiewen a Strécken, zu den eelsten Handaarbechtstechniken. Mat der Zäit goufen d’Kniet ëmmer méi optiméiert an opwänneg an et goufen nei Muster erfonnt. Esou ass eng dekorativ Knëppkonscht entstanen, déi mir haut ënnert dem Begrëff Makramee kënnen. An gemittlecher Ambiance kënnen d’Particpante genau esou e Makramee aus Seel hierstellen, deen doheem zum Beispill als Blummendëppen benotzt ka ginn. Un der Säit vun eiser Mediatrice gëtt sech mat de verschiddenen Kniet ausernee gesat, bis schliisslech e flotten Ariichtungsgéigestand entstanen ass. E flotten Atelier wou jidderee seng Fangerfäertegkeet ënnert Beweis ka stellen!

Le 29 mars, petits et grands (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte) découvriront l’art du nouage. Le nouage fait partie des techniques artisanales les plus anciennes, au même titre que le tissage et le tricot. Au fil du temps, les nœuds ont été perfectionnés et affinés, et de nouveaux motifs ont été inventés. Ainsi est né un art du nouage décoratif que nous connaissons aujourd’hui sous le nom de macramé. Dans une ambiance conviviale, les participants auront l’occasion de créer leur propre macramé en corde, qui pourra être utilisé chez eux comme support pour des plantes par exemple. Avec notre médiatrice, les différents nœuds seront explorés jusqu’à ce qu’un joli objet décoratif soit créé. Un atelier agréable où chacun pourra mettre à l’épreuve sa dextérité !

Samschdes, den 29. Mäerz

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected] 

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 30€; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 29 mars

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 30 euros; 3 personnes: 35 euros; 4 personnes: 40 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.

15. Mäerz – Kreéier dir däi Fréijoer am Musée « A Possen »

De 15. Mäerz dréit sech am Musée  « A Possen » alles em Kraider. Un der Säit vun eiser Mediatrice kënne Kanner vu 6 bis 12 Joer hiren eegene Miniaturkraidergaart an engem Blummendëppen uplanzen, hiert eegent Kraidersalz ewéi och hier eege Kraiderseef hierstellen. Heifir gëtt souwuel matt frësche Kraider wéi och matt gedréchente Kraider geschafft, woubäi der Kreativitéit fräie Laf gelooss ka ginn! E spannenden Atelier mat deem esou lues d’Fréijoer am Musée agelaut gëtt. 

Le 15 mars, au Musée « A Possen », les herbes aromatiques seront à l’honneur. Accompagnés de notre médiatrice, les enfants de 6 à 12 ans pourront planter leur propre mini-jardin d’herbes dans un pot de fleurs, préparer leur propre sel ainsi que leur propre savon, le tout agrémenté d’herbes aromatiques. Pour cela, on utilise des herbes fraîches ainsi que des herbes séchées, et la créativité est encouragée ! Un atelier passionnant où le printemps commence à s’annoncer tout doucement au Musée.

Samschdes, de 15 Mäerz.

 

Vu 14 Auer bis 17 Auer

 

Fir Kanner vu 6 bis 12 Joer .

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected].

 

Präis : 25 €

Samedi 15 mars.

 

De 14h à 17h

 

Enfants de 6 à 12 ans. 

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 25 euros

22. Februar – D’Fuesboken si lass!

D’Traditioun vun der Fuesent markéiert déi festlech Zäit virun der Faaschtenzäit, an där Verkleeden a Kreativitéit un der Dagesuerdnung stinn. Samschdes, den 22. Februar, kënne Kleng a Grouss e gemittleche Moment vun Zesummesinn a Kreativitéit genéissen, wou zesummen eng « Bokenmask » an Déiereform hiergestallt gëtt. Geleet duerch eis Mediatrice, ka jiddereen seng eege Mask op Basis vu Schnëttmuster, déi op Filz iwwerdroe ginn, kreéieren. Heifir gëtt geschnidden an assembléiert, an dat eegent Wierk personaliséiert, sou dass jidderee seng eege Mask matt heem kann huelen an um nächste Fuesbal glänze kann!

La tradition du carnaval marque la période festive avant le Carême, durant laquelle les déguisements et la créativité sont à l’honneur. Le samedi 22 février, petits et grands pourront profiter d’un moment convivial de partage et de créativité, et réaliser un « Bokenmask » en forme d’animaux. Guidé par notre médiatrice, chacun pourra créer son propre masque en se basant sur des patrons, qu’il transférera sur du feutre. Il faudra découper, assembler et personnaliser son œuvre, de manière à ce que chacun puisse repartir avec son masque et briller lors du prochain bal masqué !

Samschdes, den 22. Februar

 

Vu 14.00 bis 17.00 Auer 

 

Fir all Altersklassen (d’Kanner mussen a Begleedung vun engem Erwuessene sinn)

 

Eng Reservatioun ass obligatoresch per Telefon um +352 23 69 73 53 oder via E-Mail op [email protected] 

 

Präis: 1 Persoun: 25€; 2 Persounen: 30€; 3 Persounen: 35€; 4 Persounen: 40€; 4+ Persounen: Präis op Ufro.

Samedi 22 février

 

De 14.00 à 17.00h

 

Tout public (les enfants doivent être accompagnés d’un adulte)

 

Réservation obligatoire par téléphone au +352 23 69 73 53 ou par email [email protected]

 

Prix : 1 personne: 25 euros; 2 personnes: 30 euros; 3 personnes: 35 euros; 4 personnes: 40 euros. Au-delà, veuillez nous contacter.